Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Lëtzebuerger Band Strysles feiert säin neien Album „Power of Life“
Meenung

D’Lëtzebuerger Band Strysles feiert säin neien Album „Power of Life“

No der éischter EP „Tic Tac“ am Joer 2016 an

Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan
Meenung

Netflix verdéift seng Science-Fiction Léift mat The Titan

Nodeems Netflix dëse Mount schonn mat Annihilation en neien Science

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg
Meenung

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg

Ënnert der Bezeechnung „PLZNR“ huet d‘Brauerei „Bare Brewing“ e Pils

Datt de Knauf net op Lëtzebuerg kënnt, weist, datt mer dréngend eise Wuesstem definéiere mussen

E Kommentar

Datt de Knauf net op Lëtzebuerg kënnt, weist, datt mer dréngend eise Wuesstem definéiere mussen

Eise Wuelstand kënnt net vun näischt. Et ass ee vun de Sätz, déi den Etienne Schneider op der Antenn vum RTL gesot huet. En äussert sech do iwwert d’Decisioun vum Knauf, net op Lëtzebuerg ze kommen. Mee gutt 15 Kilometer hannert der Grenz. Domat hätt weder d’Ëmwelt nach Lëtzebuerg wierklech eppes dovunner, esou de Vize-Premier.

An a gewësser Hisiicht huet den Etienne Schneider do vollkomme Recht. Lëtzebuerg kritt hei keng Steieren eran, d’Aarbechtsplazen entstinn och net op eisem Buedem, wat awer net heescht, datt keng Lëtzebuerger dovunner profitéieren. E léisst dobäi duerchaus aus, datt de Verkéier, deen duerch dës Entreprise entstane wier, sech op mannst zum Deel an d’Ausland verzitt. Mee am grousse ganzen ass en sech eens, datt et e Verloscht vir Lëtzebuerg handelt. Och, wann et ëm den Image geet.

Lëtzebuerg war schonn ëmmer op Investitioune vu baussen ugewisen

Ganz falsch ass dat net. Wa Lëtzebuerg sech Wuesstëmsfeindlech weist, hu mer e Problem. Lëtzebuerg ass och op Investitioune vu baussen ugewisen. Dobäi gesinn ech hei ganz kloer de Problem éischter do, datt mer nach net esou richteg definéiert hunn, wat dann elo den ominéise “qualitative Wuesstem” soll sinn. Wéi deen ausgesäit, dat ass duerchaus am Rifkin-Prozess detailléiert. Wéi mer dohinner kommen, dat ass eng oppe Fro. An eng, därer sech déi nächst Regierung unhuele muss.

Ech kréien ëmmer méi d’Gefill, datt “qualitative Wuesstem” en Euphemismus dofir ass, datt mer einfach net méi wuesse sollen. Schlëmmer nach, schrumpfe solle mer, fir datt mer de Verkéier, de Wunnengsmaart, jo iwwerhaapt all eis Problemer an de Grëff kréien. Datt mer a punkto Landesplanung villes verpennt hunn, do si mer eis anscheinend eens. Mee datt mer dat erëm riicht béie sollen, do zerschloe mer eis d’Käpp driwwer.

Dat ännert awer näischt dorunner, datt mer se féiere mussen. An datt Iddien op den Dësch kommen, wéi mer vernënfteg wuessen. Dat wäert – hoffentlech! – och am Wahlkampf de Fall sinn.

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, Knauf, Lëtzebuerg, Steewollfabrikant
Nächsten Artikel Virrechten Artikel