Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Internationalen Dag vum Hond
International Neiegkeeten

What the Fakt – Internationalen Dag vum Hond

Do ass wuel een op den Hond komm! Wisou soss

Iranesch Küstewaach beschlagnahmt op en Neits e Schëff an der Strooss vun Hormuz
International Neiegkeeten

Iranesch Küstewaach beschlagnahmt op en Neits e Schëff an der Strooss vun Hormuz

Am persesche Golf huet et bestänneg Schëffer déi illegal Ueleg

Post, Orange, Proximus a Luxembourg Online wannen bei der 5G-Auktioun
International Neiegkeeten

Post, Orange, Proximus a Luxembourg Online wannen bei der 5G-Auktioun

Iwwer 5 Deeg huet sech déi grouss Auktioun ëm d’5G-Frequenze

China: WHO wéinst mysteriéiser Longekrankheet an Alarmbereetschaft

China: WHO wéinst mysteriéiser Longekrankheet an Alarmbereetschaft

An der zentralchinesescher Metropol Wuhan ass eng mysteriéis Longekrankheet ausgebrach. Déi chinesesch Autoritéiten hu matgedeelt, datt bis ewell 59 Persounen erkrankt sinn. 7 Patiente wieren an engem kriteschen Zoustand. D‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) ass alarméiert a verfollegt d‘Entwécklung mat héijer Opmierksamkeet.

Et ass nach net gewosst wéi geféierlech d‘Krankheet ass. Chinesesch Medien haten Uspillungen op SARS (Schwéieren akuten Ootmungssyndrom) an d‘Vullegripp gemaach. Eng 120 Persoune sti wéinst Verdacht op Infektioun ënner Observatioun. Säitens der Gesondheetskommissioun vu Wuhan, hunn déi aktuell Analyse keng Iwwerdroung vu Mënsch zu Mënsch nogewisen.

Weider heescht et, datt och kee medezinescht Personal infizéiert ass. Zudeem géif et sech net ëm eng Gripp, MERS (Noen Osten Ootmungssyndrom), Vullegripp oder SARS handelen. Et géif zur Stonn ënnersicht ob et sech ëm en neiaartege Virus handelt. D‘Patiente gi fir den Ament „als viral Longenentzündung onbekannter Ursaach behandelt.

WuhanHong Kong huet an der tëscht d‘Areesbestëmmunge verschäerft an „entspriechend“ Moossnamen ergraff. Um Fluchhafen si Féiwer-Miessapparater opgestallt ginn an d‘Voyageuren aus Wuhan gi gesënnert kontrolléiert. An der chinesescher Sonnerverwaltungsregioun goufe bis ewell 16 Verdachtsfäll gemellt. Och zu Singapur géif et ee Fall. Hei wier en 3 järegt Meedche betraff, dat zu Wuhan an der Vakanz. D‘Kand ass am Spidol a säin Zoustand wier stabil, esou d‘Autoritéiten.

Ursprong Fëschmaart?

Éischten Erkenntnisser no, wier d‘Longekrankheet op engem Fëschmaart vun der 19 Millioune Metropol – op deem och anert Gedéiesch verkaf gëtt – ausgebrach. Hei gëtt déi méiglech Virus-Quell vermutt. Den Huanan-Maart ass an der tëscht zougemaach a soll grëndlech „gebotzt“ ginn. Dat infizéiert Meedche vu Singapur soll awer net op dësem Maart gewiescht sinn.

D‘Noriichten aus Wuhan loossen Erënnerungen un d‘SARS-Pandemie opkommen, déi 2002 an der südchinesescher Provënz Guangdong ausgebrach war an vun den Autoritéite vertuscht gouf. De SARS zielt zu de geféierlechsten Infektiounswellen aus der jéngster Geschicht. Den „Ausbroch“ konnt am Summer 2003 als „erleedegt“ betruecht ginn, woubäi et och duerno nach Infektiounsfäll ginn huet. D‘WHO hat weltwäit eng 8.000 Fäll enregistréiert, iwwer 800 Mënsche si gestuerwen.

mat indymedia/gva

Foto: Peggy & Marco Lachmann-Anke / Pixabay

Ähnlech Sujeten China, Longekrankheet, Longenentzündung, Virus, Weltgesondheetsorganisatioun, WHO, Wuhan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel