Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Unbreakable Kimmy Schmidt geet zolidd an déi véiert Staffel
International Neiegkeeten

Unbreakable Kimmy Schmidt geet zolidd an déi véiert Staffel

Unreakable Kimmy Schmidt huet am Ufank vun Netflix senger Offensiv,

Geschichten déi d‘Liewe schreift: De Näidhammel (Lieserbréif)
International Neiegkeeten

Geschichten déi d‘Liewe schreift: De Näidhammel (Lieserbréif)

Eng Kéier war ech een drénken. Eigentlech alles gutt bis

Wat kascht eis d’Innovatioun?
International Neiegkeeten

Wat kascht eis d’Innovatioun?

Amazon Go ass grad vill am Gespréich: Den Internetgigant test

China: Mysteriéis Longekrankheet breet sech iwwerraschend séier aus

China: Mysteriéis Longekrankheet breet sech iwwerraschend séier aus

Den neie Coronavirus, deen an der chinesescher Stad Wuhan fir d‘éischt entdeckt gouf, verbiergt méi Gefore wéi ugeholl. Iwwer honnert Persoune goufen an de leschten Deeg nei infizéiert an déi lescht Erkenntnisser loosse keng Zweiwel: De Virus iwwerdréit sech vu Mënsch zu Mënsch.

Laut de chineseschen Autoritéite gëtt et iwwer 200 infizéiert Persounen, véier si schonn un der Infektioun gestuerwen. D‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) hat Ufank Januar op dësen neiaartege SARS (Schwéieren akuten Ootmungssyndrom) opmierksam gemaach. Wéi de Staatssender CCTV mellt, wier zur Stonn bei 217 Patienten den Erreeger diagnostizéiert ginn.

170 Mënsche ginn zu Wuhan un enger „viraler Longenentzündung onbekannter Ursaach behandelt“ an hei sinn och den drëtten a véierten Doudesfall gemellt ginn. Néng Patiente wieren zudeem an engem kriteschen Zoustand. Och Fleegepersonal ass infizéiert ginn. De Virus kéint méiglecherweis um Fëschmaart vun der chinesescher Metropol (19 Milliounen Awunner) ausgebrach sinn.

Wuhan

Och Peking ass mëttlerweil betraff. Hei goufe fënnef Patiente mat enger Longenentzündung behandelt, déi d‘Dokteren op den neiaartege SARS-Erreeger zréckféieren. Shanghai huet och ee Fall gemellt an aus der Provënz Guangdong si 15 Fäll gemellt ginn. D‘WHO ass alarméiert…

Ass et schonn eng Noutlag?

Zu Genève, um Sëtz vun der Weltgesondheetsorganisatioun, ass elo den Noutfallausschoss aberuff ginn. Hei sollen e Mëttwoch d‘Experten doriwwer beroden, op eng Gesondheetsnoutlag muss ausgeruff ginn. Vun den Experte gi sech och Empfeelungen zu Moossnamen erwaart, déi am presente Fall mussen ugewannt ginn. De Virus erënnert un d‘Pandemie vun 2002 déi och a China ausgebrach war, a sengerzäit weltwäit eng 8.000 Mënschen infizéiert hat. 800 ware gestuerwen…

Elo schéngt zimlech sécher, datt sech de Virus och vu Mënsch zu Mënsch iwwerdroe léisst. Ee renomméierte chinesesche Longenexpert, den Dokter Zong Nanshan huet confirméiert, datt zwee Fäll an der Provënz Guangdong op eng Iwwerdroung vu Mënsch zu Mënsch zréckzeféiere sinn.

Ugesiichts der Entwécklung huet elo och de chinesesche President Xi Jinping zu Wuert gemellt. Wéi CCTV beriicht huet, hätt de Staatschef wichteg Uweisunge ginn, fir datt eng Ausbreedung vun der Epidemie verhënnert ka ginn. Aus Peking heescht et, datt d‘rette vu Mënscheliewen héchst Prioritéit huet. Wat dat am Detail bedeit, ass net aus der Reportage vu CCTV ervirgaangen.

An de Virus begrenzt sech net op dat chinesescht Festland. Véier Fäll goufe mëttlerweil och aus Japan, Südkorea an Thailand gemellt. An Europa ass bis ewell just bekannt, datt et um Fluchhafen zu Roum zu verschäerfte Kontrolle kënnt. Hei si Moossnamen ergraff ginn, fir méiglech Verdachtsfäll u Bord vu Fliger aus Wuhan ze entdecken. Vun anere Fluchhäfen ass näischt bekannt.

Schlechten Zäitpunkt

Dësen neiaartege Virus, géint deen et net direkt e wierksamt Mëttel gëtt, kënnt zu engem denkbar ongënschtegen Zäitpunkt. Nëmmen e puer Deeg virum chineseschen Neijoer, sinn all d‘Elementer zesumme fir eng grouss Pandemie auszeléisen. Virum an nom Neijoerschdagsfest si Millioune vu Chinesen a ganz Asien ënnerwee, wat de Risiko vun enger Ausbreedung onbeschreiflech mécht.

Wuhan

Hei vum Fëschmaart zu Wuhan, soll de Virus hierkommen. © CCTV

Vum Londoner Zentrum fir d‘Analyse vu globale Viruserkrankungen heescht et, datt déi tatsächlech Zuel vun Infizéierte méi héich muss leien, wéi dat vun de chineseschen Autoritéite gemellt gëtt. Hei geet een éischter vun 1.700 Infizéierte Mënschen aus. Firwat säitens der EU, déi rezent am Haus vun Europa um Fëschmaart den europäesche Gesondheetsprogramm bekannt ginn huet, an wou de Chef vum „Krisendepartement“ schonn eng Woch vum Virus muss gewosst hunn, nach keng Warnung eraus ginn huet, werft Froen op. Wa Roum „alarméiert“ ass, wat maachen déi aner?

 

Bei Wirtschaftsfroe gëtt wiesentlech méi séier a méi konsequent reagéiert an et dierf een et als bedenklech astufen, wann eng Institutioun wéi d‘EU-Kommissioun seng Memberlänner net derzou ermontert, viru bekannt gi vun Erkrankungen, zumindest Kontrollen op den EU-Baussegrenzen anzeféieren. Dat ganz besonnesch, wou et elo als erwise gëllt, datt se vu Mënsch zu Mënsch kann iwwerdroe ginn an et kee spezifescht Medikament gëtt, mat deem dëse Virus ka bekämpft ginn.

mat indymedia/gva/tpe/rom/bru

Foto: Op de Fluchhäfe kann, dank neister Technik, e Monitoring vun de Leit gemaach ginn unhand deem festzestellen ass, op eng Persoun eng erhéichte Kierpertemperatur huet, wat dann eng méi streng „Kontroll“ géif mat sech bréngen. © CCTV

Ähnlech Sujeten China, Longenentzündung, Pandemie, Virus, WHO, Wuhan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel