Search

You may also like

money
Wéinst der Dréchent klammen d‘Präisser fir Weess a Fruucht
Meenung Neiegkeeten

Wéinst der Dréchent klammen d‘Präisser fir Weess a Fruucht

D‘Hëtztwell an déi domatter verbonnen Dréchent wierkt sech op d‘Präisser

USA: Déidlech Policegewalt
Meenung Neiegkeeten

USA: Déidlech Policegewalt

Et gëtt natierlech keen Zesummenhang tëscht de Virfäll vun Hong

Glyphosat: Een erfollegräicht Uerteel fir de Mënsch, d’Ëmwelt an d’Aartevillfalt
Meenung Neiegkeeten

Glyphosat: Een erfollegräicht Uerteel fir de Mënsch, d’Ëmwelt an d’Aartevillfalt

Um vergaangenen Donneschdeg huet de Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun

Wunnen ass ee Mënscherecht!

Absolutt Prioritéit fir de bau vu bezuelbaren ëffentleche Wunnengen

Wunnen ass ee Mënscherecht!

Wunnen ass ee Mënscherecht, mee am kapitalistesche Lëtzebuerg ass d‘Wunneng eng Wuer mat där vill Profit gemaach gëtt. Räicher baue Wunnenge fir déi mat den décke Paien, wärend vill Mënsche mat niddregem Akommes keng bezuelbar Wunneng fannen, a Mënsche mat mëttlerem Akommes, déi eng Wunneng kafe wëllen, sich fir Joerzéngte verschëlde a sech staark aschränke mussen.

Ee grousse Manktem u bezuelbare Wunnengen an exzessiv Loyere sinn zwee Problemer, déi ganz vill Leit d‘Liewe richteg schwéier mécht. Aus dësem Grond fuerdert d‘KPL:

  • de Bau vu 50.000 ëffentleche Wunnengen, déi dann och solle vu kommunalen a staatleche Betriber gebaut ginn;
  • d‘Begrenzung vun de Loyeren an ëffentleche Wunnengen op 10% vum Akommes vum Locataire;
  • Proprietäre vu Wunnengen, déi méi wéi 2 Joer eidel stinn, musse mat enger Spekulatiounssteier – déi progressiv steigend soll ausgeluecht sinn – beluecht ginn. De Gemengen oder dem Staat muss hei och d‘Alternativ gebuede ginn, d‘Verwaltung an d‘Locatioun vun de Wunnengen ze iwwerhuelen;
  • d‘Gewärung vun engem gestaffelten Zouschoss fir Locatairen a Privatwunnengen, gekoppelt un d‘Akommes an d‘Gréisst vun der Wunneng, wat mat Locatioun-Zouschoss net realiséiert ginn ass;
  • d‘Schafe vun enger ëffentlecher Bauland-Reserv an Aféierung vun enger Spekulatiounssteier op Bauland, déi der tatsächlecher Steigerung vum Wäert vum Buedem entsprécht;
  • eng Ofännerung vum Loyer-Gesetz am Sënn vun enger däitlecher Reduktioun vum Quadratmeterpräis bei Wunnengen, déi virun 1960 gebaut goufen an/oder ënnert 100 Quadratmeter Wunnfläch hunn;
  • déi quantitativ Begrenzung vum Besetz vu Grond, Buedem a Wunnenge fir Entreprisen an och fir Privatpersounen, esou wéi de generelle Verbuet fir sougenannt Investitiounsfongen, Bauland a Wunnengen zu Spekulatiounszwecker ze kafen;
  • d‘Schafe vu kommunale Wunnengsbauverwaltungen, déi och d‘Roll als Agence zur Vergab vun de Locatiounswunnengen anhuele mussen;
  • d‘Verallgemengerung vun der Ierfpuecht (bail emphytéotique) an dem System vun der Locatioun-Vente;
  • d‘Erhéijung vun de staatleche Bäihëllefe beim Eegebau vun Eefamilljenhaiser, gekoppelt un d‘Akommes, an beim Bau oder dem Kaf vun Eegentumswunnengen déi 100 Quadratmeter net iwwerschreiden.
Wunnen

Matgedeelt vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg (KPL), fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser – D‘Meenung vun de Parteien ass hir eegen

Illustratioun: © bantersnaps / unsplash

Related topics kommunistesch Partei Lëtzebuerg, KPL, Logement, Logementskris, Soziale Wunnengsbau, Soziale Wunnraum, Wunnengsmaart
Next post Previous post