Search

You may also like

Krim: EU condamnéiert russesch „Interventioun“ mee sanktionéiert net
Neiegkeeten Stories

Krim: EU condamnéiert russesch „Interventioun“ mee sanktionéiert net

E Mëttwoch huet déi europäesch Unioun erkläert, dat „een immens

USA dreet auslännesche Studente mat Ausweisung
Neiegkeeten Stories

USA dreet auslännesche Studente mat Ausweisung

All auslännesche Student, deen op enger US-Universitéit ageschriwwen ass, déi

Eng Molstonn op Lëtzebuergesch
Neiegkeeten Stories

Eng Molstonn op Lëtzebuergesch

Wéi geet et der Lëtzebuerger Sprooch? Dat ass eng vun

Wunnen zu Esch: Wéi „legal“ ass deen neie PAG?

Wunnen zu Esch: Wéi „legal“ ass deen neie PAG?

Jonk Mënschen si rosen an demonstréieren, wëll den Escher Schäfferot a sengem neie PAG (generellen Amenagementsplang) – deen nach net ëffentlech ass – keng Wunngemeinschaften oder soss alternativ Liewensforme méi wéilt zouloossen. D‘Escher Gemeng hirersäits dementéiert déi an de Medien duergestallte „Rumeuren“. Gëschter hunn déi lénk den Dossier nach emol opgeworf.

Wann een den déi lénk gutt nogelauschtert huet, da géif de Buergermeeschter Georges Mischo mam Kolléisch vum Schäfferot, ënnert dem Virwand „géint Schlofhändler“ virzegoen, prekär an/oder alternativ Liewensformen ënnerbannen. Schonn elo kann engem passéieren (soll temporär ausgesat gi sinn) datt ee bei der Umeldung um Biegeramt muss eng „Déclaratioun sur l‘Honneur“ muss ausfëllen, an där ee „bescheinegt“ an enger Bezéiung mam Proprietär oder dem rechtméissege Locataire ze sinn. Wat esou eng „Reegel“ an engem PAG ze sichen huet, werft vill Froen op.

Fir den Deputéierte Marc Baum (déi lénk) war et dann emol wichteg drop hinzeweisen, wat ee PAG leeschte kann, a virun allem wou dëse keng Handhab huet. Esou muss een dann emol wëssen, datt de generellen Amenagementsplang u sech dat Instrument ass, mat deem d‘Entwécklung vun der Stad Esch soll gereegelt ginn. Et wier op kee Fall en Instrument mat deem een Bevëlkerung „nei definéiert“. Et wier Contraire zum Recht, de Leit verbidden ze wëllen, mat wiem si wéi ënnert engem Dach wëllen zesummeliewen. An awer schéngt de Schäfferot genee dat vir ze hunn…

Dobäi ass de Wunnraum zu Esch – wéi eigentlech iwwerall am Land – knapp an de Marc Baum wonnert sech, datt ee besonnesch Mënsche a prekäre Situatioune méi restriktiv behandelt, wärend op där aner Säit der US-Entreprise RB&B d‘Diere grouss opgemaach ginn. Et ass jo richteg, datt Esch2022 eppes Wunnenge brauch fir déi Millioune Leit ënnerzebréngen, mee déi wiere bestëmmt besser an den Hoteller/Herbergen opgehuewen, zumindest vun engem ekonomesche Standpunkt aus betruecht. Et dierf och drop higewise ginn, datt vill Stied RB&B aus hiren Zentre wëlle lass ginn.

Juristesch net Haltbar

Den Deputéierten huet dann och nach emol Bezunn op de PAG drop higewisen, datt et säitens dem Administrative n Tribunal schonn eng Jurisprudenz gëtt. Esou huet déi Monnerecher Gemeng den 8. Januar 2018 (Affär 38557) de Volet „Colocatioun“ nach emol erkläert kritt, an huet säi Reglement fir Urbanismus am territorialen Amenagement nach emol mussen op de Leescht huelen. Mee och den Avis vun der Amenagement-Kommissioun, ass, esou zumindest de Marc Baum, dem Escher Schäfferot net favorabel, well déi benotzten Definitiounen net am Aklang mam Gesetz sinn.

Weder d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) nach de Logementsminister Henri Kox (déi gréng) géifen de PAG, esou wéi dëse vum Escher Buergermeeschter gewënscht ass, net unhuele kënnen, och ebe well et keng legal Grondlag dofir gëtt. Dat huet de Schäfferot net dovunner ofgehalen den „neie PAG“ schonn am Mäerz unzewennen. An dat hat schonn éischt Konsequenze, wëll ee Professer vun der Uni, deen engem Student en Dach iwwert dem Kapp ugebueden huet, konnt dësen net bei sech ophuelen, wëll deen net bereet war d‘Deklaratioun ze ënnerschreiwen

Elo gëtt awer de grousse Problem sech net umellen ze kënne, vu ville Konsequenze begleet. Kuerz gefaasst, et verléiert ee massiv Rechter, wat besonnesch fir Mënschen an enger prekärer Liewenslag zur Katastroph ka ginn. Wien am „Waarderegëster“ geparkt gëtt, verléiert all seng sozial Rechter, esou den Deputéierten. An awer géif sech de Schäfferot drop behaapten, dat weder d‘Regierung, d‘Oppositioun souwisou an och d‘Leit et einfach net géife verstoen. Firwat de Schäfferot, an deem ee wierklech renomméierten Affekot siegéiert net versteet, datt säi PAG illegal ass, ass dat anert…

Ee reaktionäre Veräin

Fir den Tun Jost (déi lénk) huet den Escher Schäfferot eng „reaktionär Opfaassung“ vun der Aart a Weis wéi Mënschen am 21 Joerhonnert zesummeliewen. Hien erënnert drun, datt mir am Zäitalter vun de rekomposéierte Menage liewen, et ëmmer méi Mënsche gëtt – besonnesch am Alter – déi eleng liewen, an datt och d‘Präisser am locative Beräich Alternative fuerderen, déi de Schäfferot fërdere sollt, statt se ze behënneren. Ëmmerhin ass Esch mëttlerweil eng Universitéitsstad. An et ass bekannt, datt Studente WGen dem „fir sech eleng“ virzéien, ausser vläicht am Schäfferot.

An esou hunn se bei déi lénk de grousse Verdacht, datt dat eigentlecht Zil hannert dësem ominéise PAG, näischt anescht déi d‘Gentrifikatioun ouni sozial Mixitéit ass. Méi verständlech ausgedréckt: déi Aarm solle goen an d‘Studente guer net eréischt kommen, bis natierlech op dee Wunnraum, dee vun der Gemeng fir Studente geschafe gëtt, woubäi dat explizit keng Wunngemeinschafte sinn. An Iwwerhaapt géif et wéineg Projete fir sozialen an/oder bezuelbare Wunnraum, wat nees dem Henri Kox net dierft gefalen, deem jo rezent opgefall ass, datt d‘Loyeren zu Lëtzebuerg ze héich sinn.

Wat dat mat de Schlofhändler ugeet, esou hunn déi lénk däitlech gemaach, datt et ausräichend Gesetzer gëtt, an d‘Bautepolice wéi och de Buergermeeschter, ouni groussen Opwand géint esou Geselle kënne virgoen. Am Fall vun der „insalubritéit“ wier de Proprietär, respektiv dee wou d‘Raimlechkeete verlount huet direkt an der Flicht, d‘Leit esou ënnerzebrénge wéi et sech gehéiert a muss och d‘Käschten dofir iwwerhuelen. Mat dësem PAG géif sech de Schäfferot en Instrument ginn, fir „dat wat stéiert“ nach séier ze evakuéieren, iert se sech ka Kulturhaaptstad nennen…

Illustratioun: Den Deputéierte Marc Baum ass net zefridde wéi et den Ament zu Esch leeft. E Freideg gëtt et zu dësem PAG eng vun den Oppositiounsparteien déi lénk an LSAP ugefroten Aktualitéitsstonn, déi wuel eppes méi Mouvementéiert wäert ginn. © Mike Erskine / unsplash

Related topics déi lénk, Esch-Uelzecht, Georges Mischo, PAG, Schäfferot
Next post Previous post