Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dës Schoul bestellt Uniforme vun Armani – zum eemolege Präis vu 600 Euro pro Stéck
Neiegkeeten

Dës Schoul bestellt Uniforme vun Armani – zum eemolege Präis vu 600 Euro pro Stéck

Eng Schoul a Japan wëll nei Uniformen vun der Luxusmark

Indonesien nom Tsunami
Neiegkeeten

Indonesien nom Tsunami

Dräi Deeg no der Katastroph, déi Indonesien heemgesicht huet, ass

What the Fakt – de Kandinsky an déi blo Reider
Neiegkeeten

What the Fakt – de Kandinsky an déi blo Reider

Um 22. Januar 1909 huet de Wassily Kandinsky, zesumme mat

Am Wunnengsbau geet et virun ouni duer ze goen

Am Wunnengsbau geet et virun ouni duer ze goen

Aus dem liberale Logementsministère waren et um Dënschdeg gutt Nouvellen déi an d‘Welt erausgaange sinn. De Grond dofir ass den duerchaus positive Bilan vum Wunnengsbau, dee vun de zwee ëffentleche Promoteure (SNHBM an Fonds de Logement) virgeluecht konnt ginn.

Mat 400 gebauten Eenheeten, hu béid Institutiounen 2017 ee ganz groussen Effort erbruecht. Eng Leeschtung déi awer net doriwwer ewechtäusche kann, datt och wann ee säin „Asaz“ verdräifacht, een de Retard net opgeholl kritt a vill „Objeten“ och weiderhi just der Spekulatioun déngen.

An hei huet een dann och emol eng vun de sëllechen Ursaache fonnt, déi d‘Kris vum Logement zu Lëtzebuerg bei beschter Gesondheet erhält. Eng aner Ursaach ass d‘Politik: hei huet ee Joerzéngte laang ze wéineg gemaach an de private Promoteuren eng onerschëpflech Geldquell zougeschanzt.

D‘Präisser sinn net kuerz explodéiert, se dinn et nach ëmmer. Schold dorunner ass einfach eng vill ze grouss Demande, géintiwwer enger vill ze klenger Offer. Bei de Präisser gëtt et dann och keng Grenzen no Uewen, wat primär dorunner festzemaachen ass, datt et net genuch Wunnraum gëtt.

Kengem seng Schold

Mee et ass an der Folleg och esou, datt sech duerch déi héich Präisser ëmmer Manner Stéit en Eegenheem kënne leeschten. Déi wou et kënnen, stoussen sech dann oft un der Administratioun. Déi wier lues, onverständlech oder wéineg hëllefsbereet.

De Wunnraum wiisst méi lues wéi d‘Wirtschaft, wat sech och op d‘demographesch Entwécklung nidderschléit. Dobäi war de Logement bis zur „neier“ Koalitiounsregierung, iwwer 30 Joer laang an den Hänn vun der CSV. Se wäerten sech geduecht hunn datt de Maart de Problem regelt…

Erënnere mir eis kuerz drun, datt sech de Premierminister Xavier Bettel am Dezember 2013 an der Chamber doriwwer geiergert hat, datt d‘Problemer a Verbindung mam Logement eist Land géife splécken. Et géif nach just därer ginn, déi sech eng Wunneng leeschte kéinten an déi „aner“.

Mat ganz groussen Ambitioune war déi grouss Koalitioun ugetrueden, an et muss een där dann och tatsächlech zougestoen, datt villes erreecht ginn ass. Gutt de kuerzen Optrëtt vun der Ministesch Maggy Nagel (DP) huet dem Daniel Miltgen (Fonds de Logement) säi Kapp gefuerdert, mee elo rullt et.

Nei Biese kiere gutt

Zanter de Marc Hansen (DP) de Ministère iwwerholl huet, ass do déi néideg Rou nees agetrueden, a Fortschrëtter sinn och däitlech erkennbar. Mat der Reform vum Fonds de Logement, dee jo mat der SNHBM fir bezuelbare, respektiv soziale Wunnraum soll Suerg droen, geet et gutt virun.

Leider ass et grad am Beräich vum soziale Wunnengsbau wou et laang geklemmt huet. Déi lescht wierklech aktiv Acteure waren d‘Sozialiste Maurice Thoss a Benny Berg (1974-79). Duerno ware nach just CSV-Politiker verantwortlech fir de soziale Wunnengsbau.

Dee leschte war den Fernand Boden (1994-2013) an deem schéngt net vill um Wunnengsbau geleeën ze hunn. Anescht kann e sech net erklären, datt um Enn vum CSV-Mandat iwwer 30.000 Wunnenge gefeelt hunn. Schlëmmer nach, en Deel vum soziale Wunnraum war u Promoteure verkaf ginn.

Vill vun de Wunnenge waren um fräie Maart verkaf ginn, a et gëtt der déi sech heibäi eng gëllen Nues verdéngt hunn. Do wonnert ee sech dann och net, datt et gëschter wéineg CSV-Politiker ginn huet, déi sech no der Entrevue vun der Logementskommissioun mam Fonds de Logement an der SNHBM, der Press gestallt hunn.

Kee ka sech verstoppen

D‘CSV wäert sech awer mat hirer „Vergaangenheet“ am Logement musse stellen. Dat spéitstens am Februar, wann et an der Chamber zu der grousse Logementsdebatt kënnt. Hei muss d‘CSV sech dann dozou äussere wéi si dem Problem gedenke Meeschter ze ginn.

Gutt, datt de Claude Wiseler (CSV) es midd ass ze héieren, datt ëmmer wann et anzwousch klemmt, déi fréier Regierunge schold wieren, ass verständlech. Mee datt hien den Usproch op d‘Mandat vum Premierminister stellt, dierf net iwwer Versaumtes ewechtäuschen.

An esou sollen och 2018 bis zu 350 Wunnenge gebaut ginn. Dat sinn der méi wéi déi 80 déi nach virun dräi Joer gebaut gi sinn, an doriwwer dierfen sech de Guy Entringer (Direkter SNHBM) an d‘Diane Dupont (Presidentin Fonds de Logement) dann och freeën.

Beim Fonds de Logement ass een dann och laangfristeg op de Bau vu bis zu 5.000 Logementer agestallt. Mëttelfristeg sollten et der wéinstens 1.200 sinn. Zuelen déi Mutt maachen, awer net vun der CSV oder dem ADR kommentéiert goufen. Déi lénk ginn ze bedenken, datt och wann et sech gutt unhéiert, béid Institutiounen de Problem eleng net geléist kréien.

Ähnlech Sujeten Fonds de Logement, SNHBM, Wunnengsmaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel