Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Extrem Keelt: Den US-President mécht Witzer iwwer de Klimawandel
deaf dating hearing Neiegkeeten

https://moien.lu/quake-quake-dating-site/

De staarke Mann aus dem Wäissen Haus huet Talenter déi

best application dating app
deaf dating hearing Neiegkeeten

Konstruktive Gedankenaustausch mam Lëtzebuerger Bauereverband

Am Kontext vun den traditionellen Empfäng zu Neijoerschdag, huet de

money
EU a Griicheland fannen en Accord beim leschten Entworf vum Hëllefsprogramm
deaf dating hearing Neiegkeeten

EU a Griicheland fannen en Accord beim leschten Entworf vum Hëllefsprogramm

Déi europäesch Institutiounen a Griicheland sinn zu engem techneschen Accord

Wunnengskris a Schutz fir d‘Locatairen

Konkret Virschléi vun déi lénk waarden drop ëmgesat ze ginn

Wunnengskris a Schutz fir d‘Locatairen

No der d‘Staatsbeamtekummer (CHFEP), déi virun e puer Woche schonn e positiven Avis zu eisem Gesetzprojet fir eng staark Reguléierung vun de Loyeren ofginn hat, huet elo d‘Salariatskummer (CSL) eis Initiativ ausdrécklech guttgeheescht.

Mëttlerweil waarden also zwee expertiséiert Gesetzer aus dem Beräich vun der Logementspolitik vun déi lénk op en Debat an der zoustänneger Kommissioun. Mee d‘Regierung schéngt hir Taktik an de Logementspolitik geännert ze hunn. Nodeems e ganz Joer laang vill waarm Loft produzéiert ginn ass, gëtt d‘Wunnengskris säit geraumer Zäit einfach net méi ugeschwat.

Datt d‘Wunnengskris an de Rieden am Parlament vum Premierminister Xavier Bettel (DP) an dem Finanzminister Pierre Gramegna (DP) nëmmen eng ënnergeuerdent Roll gespillt huet, war en Hiweis op dat wat schwaarz op wäiss am Budgetsentworf fir 2020 ze liesen ass: d‘Ausgaben an der Logementspolitik sollen ëm nëmmen 2,54% ugehuewe ginn. D‘Regierung schéngt sech also och weiderhin d‘Léisungsusätz vum private Wunnengsmaart ze erwaarden.

Mee wouhinner dës onverantwortlech „Inaktivitéit“ féiert wësse mir nach ze gutt: rasant steigend Wunnengspräisser a Loyeren, déi besonnesch d‘Locataire virun ëmmer gréisser existenziell Erausfuerderunge stellt. An genee un dësem Problem setzen déi zwou Gesetzespropositiounen un. Dofir huet déi lénk kierzlech en neien Ulaf geholl a schrëftlech beim Virsëtz vun der zoustänneger Parlamentskommissioun gefuerdert, datt dës Gesetzesentwërf endlech diskutéiert ginn. Geschitt ass bis ewell glat a guer näischt.

„Et ass iergerlech, datt d‘Regierung es sech net midd gëtt ze behaapten, d‘Oppositioun géif keng Virschléi maachen an nëmme kritiséieren, während si eis Gesetzespropositiounen am Tirang vum Logementsminister verstëbse léist. Mir maache ganz konkret Virschléi. D‘Fro ass éischter, ob d‘Regierung iwwerhaapt bereet ass d‘Wunnengskris unzepaken. Ech zweiwelen ëmmer méi dorunner“, esou den David Wagner, Deputéierte vun déi lénk an Coauteur vun de Gesetzer.

Onsen éischte Projet, dee scho virun zwee vum Staatsrot analyséiert ginn ass, huet zum Zil d‘Vermëttlungskäschten déi bei der Locatioun ufalen, dem Optraggeber vun der Agence a Rechnung ze stellen, statt pauschal dem Locataire opzezwéngen. Ausserdeem schloe mir vir, d‘Kautioun fir de Loyer op een, statt wéi bis ewell dräi Loyeren ze „deckelen“. Esou géif deenen déi op der Sich no enger Wunneng sinn, eng grouss Hürd beim Zougang zu engem locative Logement geholl ginn.

Mat der zweeter Gesetzespropositioun wëlle mir verhënneren, datt d‘Loyere weiderhi méi séier klamme wéi d‘Kafkraaft vun de Mënschen. Zu dësem Zweck schloe mir am Gesetz eng nei Berechnung vum investéierte Kapital vir, déi d‘Präisiwwerhëtzung bei der Ermëttlung vum maximal zoulässege Loyer fir eng Wunneng neutraliséiert. Zousätzlech huet d‘Gesetz d‘Zil d‘Rechter vun de Locataire ze stäerken, wat ënnert anerem duerch d‘Grënnung vun enger nationaler Locataireskommissioun erreecht soll ginn.

Nieft dëse Gesetzespropositiounen hunn déi lénk am Parlament an op lokalem Niveau zuelräich weider Virschléi gemaach, fir méi bezuelbare Wunnraum ze schafen an d‘Locataire virun exzessive Loyeren ze schützen. Bei der hoffentlech geschwënn stattfannender Debatt iwwert d‘Reform vum „Pacte Logement“ wäerte mir op en Neits konkret Virschléi ënnerbreeden a weisen, datt et méiglech Alternativen zur aktueller Politik gëtt. D‘Fro wäert sinn: Wëll d‘Regierung iwwerhaapt eng aner Politik bedreiwen? Mir si gespaant.

Matgedeelt vun déi lénk, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser. D‘Positioune vun de politesche Parteie sinn hir eegen.

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten déi lénk, Gesetzespropositiounen, Logements Pakt, Parlamentskomissioun, Wunnengskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel