Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gratis ëffentlechen Transport ab dem 1. Mäerz 2020
erasmus hookup

Gratis ëffentlechen Transport ab dem 1. Mäerz 2020

Fir et direkt emol däitlech ze maachen: de Minister François

https://moien.lu/current-dating-apps/
erasmus hookup

online dating sites for widows widowers

Riedensaarte ginn et an eiser Sprooch der vill. Do kann

Déi „schwaarz Bei“ en natierleche Patrimoine
erasmus hookup

Déi „schwaarz Bei“ en natierleche Patrimoine

D‘Hunneg-Bei ass aus wirtschaftlecher Siicht een vun de wichtegste Bestäuber

Trotz héije Präisser verzeechent den Wunnengsmaart eng zolidd Hausse

Trotz héije Präisser verzeechent den Wunnengsmaart eng zolidd Hausse

An enger parlamentarescher Fro vum David Wagner (déi lénk), déi sech op déi zäitlech begrenzt Baisse vun de Steieren op der Vente vun enger Wunneng oder engem Bauterrain bezunn huet, hunn direkt dräi Minister geäntwert. De Steiersaz op d‘Plus-value fir Terrainen, Haiser an Appartementer, ass vun 42% op 10% erofgesat ginn.

Et war am Juli 2016 wou d‘Regierung sech entscheet huet, d‘Taxatioun op d‘Plus-value fir Bauterrainen a Logementer erofzesetzen. Zil vun dëser Moossnam: engersäits d‘Proprietäre vun Terrainen oder Logementer zum Verkaf ze ermonteren, an anersäits d‘Hausse vun de Präisser anzegrenzen. Si huet Zousproch fonnt an ass dann och am Dezember 2017 verlängert ginn.

D‘Ministere Pierre Gramegna (DP), Marc Hansen (DP) an Dan Kersch (LSAP) weisen an hirer Äntwert drop hin, datt dës steierlech Mesure seng Friichten dréit. D‘Zuel vun den Terrainen an Logementer hätt zolidd zougeluecht (+9% tëscht 2016 an 2017), mee wier nach ze fréi fir eng uerdentlech Analys vun de Resultater ze maachen.

Detailer wäert et eréischt 2021 ginn

Laut de Ministeren an den Enregistrement, sinn am Zäitraum 2015/16, 1.760 Terrainen (mat oder ouni Immobilie) verkaf ginn. No der Aféierung vum reduzéierte Steiersaz, also 2017, huet sech d‘Vente ëm 9,3%, op 1.923 Eenheeten erhéicht. Eng Dynamik déi sech och an der Staatskeess erëmfënnt. 18,3 Milliounen Euro u Steiere konnten esou ageholl ginn.

D‘Ministere weisen dann awer drop hin, datt fir eng uerdentlech Iwwersiicht vun der Entwécklung ze kréien, e sech muss bis Enn 2020 gedëllegen. Esouvill Ofstand wier noutwenneg, iert eng Analys an der Déift maache kann, fir ze gesinn op d‘Moossnam fir de nationale Wunnengsmaart positiv, oder negativ ass.

Bei déi lénk dierft ee mat de Äntwerte vun de Ministere manner zefridde sinn. Den Deputéierten David Wagner wollt nämlech och den Detail vun den Transaktioune kennen, a wësse wéi vill Demandë fir ze bauen et pro Gemeng ginn huet. Detailer, déi d‘Ministeren net ginn huet, wat bedeit, datt och déi Informatiounen net virun 2021 dierfte virleien.

Ähnlech Sujeten Dan Kersch, David Wagner, déi lénk, Marc Hansen, Pierre Gramegna, Wunnengsmaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel