Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Twitter huet den Trolls de Krich ugekënnegt
Neiegkeeten

Twitter huet den Trolls de Krich ugekënnegt

Et ass net den éischte Versuch vun Twitter sech géint

Thüringen: Politchaos bei eisen däitschen Noperen
Neiegkeeten

Thüringen: Politchaos bei eisen däitschen Noperen

Fir den Thomas Kemmerich vun der FDP war et erwisenermoossen

D‘USA wëllen déi militäresch d‘Herrschaft iwwert de Weltraum
Neiegkeeten

D‘USA wëllen déi militäresch d‘Herrschaft iwwert de Weltraum

D‘US-Administratioun huet en Donneschdeg ugekënnegt, eng „Weltraum-Sträitmuecht“ ze schafen, déi

Wunnengsnout an Immigratioun…

E Proprietär wëll säi Gebai renovéieren, d‘Awunner an Associatioune schwätze vun Expulsioun

Wunnengsnout an Immigratioun…

D‘Entreprise Halycon Glesener Sàrl ass zanter Dezember 2018 am Besëtz vum Haus geleeën op 55 Glesenerstrooss, a fuerdert d‘Locatairen op hirer Wee ze goen. Grond: dëst Haus soll endlech emol renovéiert ginn. Hei wunnen 8 Famillje mat „Migratiounshannergrond“ a miwweléierten Zëmmer.

Um Samschdeg haten d‘Awunner zesummermat der Associatioun „Mieterschutz LU“ a Vertrieder vun déi lénk an „diem25“ ee Protestpiquet organiséiert. Si wollten op hir prekär Lag opmierksam maachen. Säitens déi lénk Stad a „Mieterschutz LU“ ass déi katastrophal Situatioun vun dëse Leit higewise ginn. Och déi vum Proprietär ugewannte Methode goufen op dat schäerfst verurteelt.

Fir déi lénk Stad ass een hei mat enger Situatioun confrontéiert, déi ganz „kloer eng Violatioun vum Recht op e Logement“ duerstellt. Si fäerten datt hei Famillje mat Kanner sech kuerzerhand op der Strooss kéinten erëmfannen. Et gëtt dann och nach emol drop higewisen, datt wann et scho fir Leit mat enger „gudder Pai“ schwiereg ass, en Dach iwwert de Kapp ze fannen, et fir Mënschen déi de REVIS kréien, d‘Sich no engem dezente Logement an der Praxis reegelrecht onméiglech ass.

De leschte Recours bleift den Appell un der Service Logement vun der Stad Lëtzebuerg, deen – an do kann een hinnen elo wierklech kee Virworf maachen – zwar verflicht wier d‘Leit ze relogéieren, mee elo och keng Wunnengen erbäizaubere kann. Eng vernënfteg – wann och nëmmen temporär duerchzesetzen – Léisung wier et, fir d‘Dauer vun der Wirtschaftskris, d‘Expulsiounen auszesetzen.

Beim Geld ass et mat der Verantwortung gedoen

Nieft „dëser Fuerderung“ déi direkt un d‘Regierung, also de Logementsminister Henri Kox (déi gréng) geriicht ass, fuerderen déi lénk Stad awer och vum Schäfferot alles an d‘Wee ze leeden, fir d‘Kapassitéite vum sougenannten „Urgenten Hebergement“ eropzesetzen. Zudeem misst een elo pro-aktiv dëse Problem ugoen a fir nohalteg Léisunge suergen. Dat méiglechst Parteiiwwergräifend.

En Dënschdegnomëtten huet d‘Stad Lëtzebuerg, déi vun déi lénk Stad opgeworfe Problemer eppes relativiséiert. Déi lénk hat drop higewisen, datt et där Expulsiounen am August 18 an fir de lafende September scho 7 ginn huet. Laut de Kolléisch vun der Buergermeeschtesch an dem Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg, wieren dës Zuelen elo net wesentlech verschidde vun de Jore virdrun, mee et wier richteg, datt sech d‘Zäitraim – wuel och duerch den Etat de Kris – verkierzt hätten.

De Schäfferot wier sech dann och senger Verantwortung bewosst a géif mat den zoustännege Service ëmmer no enger appropriéierter Léisung sichen. A jo och ee Schäfferot, egal a wéi enger politescher Konstellatioun ka kee Wunnraum aus dem Äermel zauberen, an d‘Méiglechkeeten ze intervenéiere sinn och juristesch begrenzt. Et ass ee Kappzerbrieches, op dat gäre géif verzicht ginn.

Et géif nees zolidd iwwerdriwwen

Fir de Proprietär Halycon Glesener Sàrl gëllt et hei elo awer emol nees mat de Féiss op den Teppech ze kommen. Dëse weist siichtlech veriergert drop hin, datt zu kengem Moment vun „Expulsioun“ rieds war oder ass. De Proprietär weist dann och selwer drop hin, datt en „Deguerpissement“ vun engem Locataire nëmme méiglech ass, wann ee Geriicht eng entspriechend Decisioun geholl huet.

Dat wier dann och hei absolutt net de Fall, well et wier nach keng juristesch Prozedur an d‘Wee geleet ginn, an et wier ee beméit d‘Locatairen ze iwwerzeegen aus fräie Stécker d‘Haus ze verloossen. Dat gëtt esou zumindest partiell vun de Locataire bestätegt, déi schonn zum 31. August hätte solle geplënnert sinn. Et huet och Bewunner vum Haus ginn, déi en anert ënner Dach fonnt hunn, mee wéi gesot, net emol fir gutt situéiert Bierger gëtt et an der Stad bezuelbare Wunnraum.

Mat der Kënnegung hätten d‘Locataire dräi Méint Zäit gehat sech ëmzekucken, esou de Proprietär, dee preziséiert, datt et am Kader vun de Renovéierungsaarbechten „Accorde“ ginn hätt, mee net all d‘Locatairen dësen Accord zur Vertragsopléisung ënnerschriwwen hunn. Dësen ass, esou wéi dat vum Gesetz virgesinn ass, schrëftlech gekënnegt ginn. Vill méi kéint hien dann och net maachen.

Net ëmmer mam Läffel an de Bräi fachen

De Proprietär, dee sech beméit weist deem Ganzen am Kader vu senge Méiglechkeeten anzebannen huet bestätegt, datt hien sech duerchaus dem Logementsproblem an der Stad bewosst ass. Hie weist awer och drop hinn, datt dëst Gebai an engem trauregen Zoustand ass, firwat seng Renovéierung elo och opdrängt, fir net ze soen imposéiert. Hie well eng Krisenzell ariichte fir de Leit ze hëllefen.

Richteg ass, datt de Proprietär sech mam Office Social vun der Stad Lëtzebuerg a Verbindung gesat huet, fir méiglechst kuerzfristeg – awer och sozial – Léisungen ze fannen. Hei gëtt awer strikt de Virworf zeréckgewisen, datt ee „besonnesch Drockmëttel“ géint d‘Locataire géif opwannen. De Reproche et géif een de Leit Stroum a Waasser ofspären, wier falsch. Datt der Stroum de 4. September ofgespaart gouf ass richteg, an d‘Awunner wieren am Viraus doriwwer informéiert ginn.

Déi „Coupure“ war awer zäitlech begrenzt an noutwenneg, well eng Entreprise bestallt war, fir eng voll ëmfänglech Analys vum elektresche System ze maachen. Zur Vollstännegkeet dierf dann awer drop higewise ginn, datt och wann de Proprietär sech „sozial“ verhält, et absolutt ondenkbar ass, datt no der Renovéierung vum Haus, nach emol akommesschwaach Locataire hei anzéien.

Foto: © Adrian Swancar / unsplash

Ähnlech Sujeten déi Lénk Stad, Halycon Glesener Sàrl, Henri Kox, Logement, Logementskris, Lydie Polfer, Serge Wilmes, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel