Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Flächebrand zu Los Angeles: honnertdausend Mënsche mussen hir Haiser opginn
https://moien.lu/totally-free-websites-for-dating/ Neiegkeeten

https://moien.lu/radiometric-dating-means-placing-events/

Op en Neits ass Kalifornien vun engem risege Flächebrand betraff

thirteen year olds dating
https://moien.lu/totally-free-websites-for-dating/ Neiegkeeten

Vakanzefoire 2019 – Vum Kierchbierg op d’Malediven!

Den 18., 19. an 20. Januar gëtt d’LuxExpo The Box

Mëttelmier: Operatioun Sophia gëtt ëm 6 Méint verlängert
https://moien.lu/totally-free-websites-for-dating/ Neiegkeeten

Mëttelmier: Operatioun Sophia gëtt ëm 6 Méint verlängert

Als Ausseminister vun der Koalitiounsregierung huet de Jean Asselborn (LSAP)

Produktiv a erfreelech Visitten op d’New Yorker Bourse an d’UNO fir de Xavier Bettel

Produktiv a erfreelech Visitten op d’New Yorker Bourse an d’UNO fir de Xavier Bettel

De Premierminister Xavier Bettel ass am Moment op Visite zu New York, wou hie virum Besuch bei de Vereenten Natiounen, op der Bourse (New York Stock Exchange) e Bléck hannert d‘Kulisse gewot huet.

Op der NYSE ass dann awer am Eescht ëm e bilateraalt Gespréich mam President a CEO Thomas Farley gaangen. Bei der Entrevue huet sech d‘Diskussioun dann och an éischter Linn op déi global finanziell Situatioun vu Lëtzebuerg bezunn. Natierlech ass och d‘Lag vun der EU an den USA an dësem Kontext beschwat ginn.

(v.l.n.r.) De Premierminister Xavier Bettel mam President a CEO vun der New York Stock Exchange Thomas Farley – © NYSE

De Xavier Bettel huet d‘Geleeënheet genotzt fir dem Tomas Farley an Erënnerung ze ruffen, datt Lëtzebuerg zu den dräi grousse Finanzzentre vun der europäescher Unioun gehéiert. Dat eisen diversifizéierten Ekosystem, dee spezialiséiert ass an den internationalen an grenziwwerschreidende Produiten a Servicer, sech weise léisst.

Insistéiert huet de Premierminister och op d‘Kompetitivitéit vun der europäescher Unioun. Ënnerstrach gouf an dësem Kontext allerdéngs och d‘Schwieregkeet d‘Konsequenze vum Brexit virauszegesinn. Um Enn vun der Entrevue ass eisem Premier de Privileg zougestane ginn, d‘Klack zur Ouverture vun der Bourse ze lauden.

Op Aenhéicht

No der Visite vun der New Yorker Bourse, dann d‘Entrevue mam UN-Generalsekretär Antonio Guterrez, den eigentlechen Zweck vun der Auslandsrees. Um Sëtz vun de Vereenten Natiounen, ass d‘Gespréich dann och op Aenhéicht gefouert ginn.

(v.l.n.r.) De Premierminister Xavier Bettel am UN-Generalsekretär Antonio Guterres – © SIP/ME

D‘Entrevue huet et erlaabt, d‘Fro vun der Migratioun unzeschwätzen. Notamment fir am Kader vun de Verhandlungen iwwert de Weltpakt sécher, koordinéiert a gereegelt Migratiounen ze erméiglechen. E Pakt, deen am September 2018 soll finaliséiert sinn an ugeholl ginn. Fir de Xavier Bettel soll dëse Pakt „de pluridimensionale Charakter vun den internationale Migratiounen ënnersträichen“.

Den Entretien huet et awer och erméiglecht, sech iwwert d‘Erhale vum Fridden an Afrika auszetauschen. Hei huet de Premier dann och op d‘Engagementer vu Lëtzebuerg um afrikanesche Kontinent higewisen. Hien huet och drun erënnert, wéi wichteg et ass déi integréiert Approche vun der Diplomatie, der Verdeedegung an der Entwécklung ze berécksiichtegen.

Zum Enn vum Gespréich ass dann nach iwwer d‘Situatioun am mëttleren Oste geschwat ginn. De Xavier Bettel huet dem Antonio Guterres verséchert: „Mir ënnerstëtzen all d‘Efforte vun ärem Sonnerbeoptraagten fir Syrien, Staffan de Mistura“.

mam SIP

Foto: Eng Vue op d‘Bourse vun New York (New York Stock Exchange) – © NYSE

Ähnlech Sujeten Antonio Guterres, NYSE, Thomas Farley, UNO, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel