Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Jonk Konscht Triennal – Opruff zur Participatioun!
league matchmaking https://moien.lu/50--dating-calgary/

https://moien.lu/taron-egerton-dating-emily/

Als grousst Treffen a Plattform fir jonk KënschtlerInnen dréit déi

https://moien.lu/most-used-dating-site-in-the-uk/
league matchmaking https://moien.lu/50--dating-calgary/

Editorial: De „Muck“ op Krichsfouss

Op enger ganzer Säit am Quotidien huet sech de Matbegrënner

D’Steewoll Fabrick muss net onbedéngt der Ëmwelt schueden
league matchmaking https://moien.lu/50--dating-calgary/

D’Steewoll Fabrick muss net onbedéngt der Ëmwelt schueden

D’Steewoll-Fabrick steet, zesummen mat der Joghurt-Fabrick, weider an der Diskussioun.

Xavier Bettel op Aarbechtsvisitt a Finnland

Xavier Bettel op Aarbechtsvisitt a Finnland

De Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel huet op Invitatioun vu sengem finnlänneschen Homolog Juha Sipilä vergaangenen Dënschdeg eng Aarbechtsvisitt zu Helsinki gemaach. Dobäi hu béid Ministeren sech zur bilateraler Relatioun ausgetosch.

Mat der Visitt konnt d’Cooperatioun am Beräich vun der Recherche an der Entwécklung verdéiwt ginn, sou wéi och déi numeresch Ekonomie an d’Ëmwelttechnologie. „Eis Ekonomië baséieren op de Servicer: d’Innovatioun an d’Recherche sinn de Moteur“, sou de Xavier Bettel. „Synergien an dëse Beräicher droen zu enger Win-Win-Situatioun bäi“.

Dobäi hunn de Xavier Bettel an de Juha Sipilä déi europäesch politesch Aktualitéiten an rezent Evolutioune beim Brexit ugeschwat. „Egal wéi d’Resultat vum britesche Vott dësen Owend ausgeet, et muss een d’Gemeinschaft vun de 27 erhalen an d’Integritéit um eemolege Marché garantéieren, sou wéi de Fonctionnement vun den europäeschen Institutiounen, vir d’Wuelergoe vun den europäesche Bierger“, ënnersträicht de Minister Bettel.

Bettel

(v.l.n.r.) De Premierminister Xavier Bettel an de Juha Sipilä, Premierminister vun der finnlännescher Republik © Lauri Heikkinen/Prime Minister’s Office

Béid Ministeren hunn och den europäesche Conseil vum 21. an 22. Mäerz 2019 virbereet. An dësem Kader huet de Xavier Bettel dem finnlännesche Minister vir seng Initiative vum Bréif un de President vum europäesche Rot, dem Donald Tusk, zur zukünfteger Entwécklung vum eemolege Marché an der digitaler europäescher Politik gratuléiert, „Dëse Bréif, den zesumme mat Lëtzebuerg ënnerschriwwe ginn ass, setzt sech perfekt eran an déi Lëtzebuergesch Fuerderungen a Saachen Eliminatioun vu Fesselen um eemolege Marché an der Zougänglechkeet fir all PME, Konsumenten an Aarbechter“, sou de Xavier Bettel.

Beim Treffe sinn och d’Prioritéite vun der finnlännescher Presidence beim Rot vun der EU am zweete Semester 2019 behandelt ginn. Dobäi huet de Lëtzebuerger Premier ervir gehuewen datt déi finanziell Mëttel vun der EU fir déi politesch Ambitiounen op engem héijen Niveau stoe mussen. „Wa mir ee méi staark, méi performant an aktiivt Europa an neie Beräicher wëllen, musse mir och d’Moyene kréien.“

D’Visitt vum Minister Bettel huet och een Treffe mat de Membere vu verschiddene finnlännesche Jugendorganisatioune virgesinn, woubäi d’Diskussioun „Jugend, Fridden a Sécherheet“ ganz uewen um Programm stoung. An dësem Kader huet de Premier sech fir ee méi staarkt Europa ausgeschwat, wat d’Interesse vu senge Bierger, mee och vun de Jonke vertrëtt, virun allem wann et ëm de Kampf géint de Chômage an Austauschprogrammer wéi den Erasmus geet.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) De Premierminister Xavier Bettel an de Juha Sipilä, Premierminister vun der finnlännescher Republik © Lauri Heikkinen/Prime Minister’s Office

Ähnlech Sujeten Erasmus, EU, Finnland, Juha Sipilä, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel