Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Barcelona prouft den Opstand
International Neiegkeeten

dating driffield

Um Mëttwochowend ass et zu Barcelona fir den drëtten Dag

dating show korean
International Neiegkeeten

Youth For Climate Lëtzebuerg – een Treffe mam Xavier Bettel

Um 25. Mäerz huet de Premierminister Xavier Bettel d’Delegatioun vu

Loscht op al Steng an eppes Geschicht?
International Neiegkeeten

Loscht op al Steng an eppes Geschicht?

Am September ginn zwou guidéiert Visitte vum Fort Obergrünewald ugebueden.

40 Joer ass et hir: De Xavier Bettel zu Mexiko City

40 Joer ass et hir: De Xavier Bettel zu Mexiko City
(v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister; Claudia Sheinbaum Pardo, Buergermeeschtesch vu Mexiko City © ME
40 Joer ass et hir: De Xavier Bettel zu Mexiko City
(v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister © ME
40 Joer ass et hir: De Xavier Bettel zu Mexiko City
(v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister; Marti Batres Guadarrama, Senatspresident vun der Republik © ME

© ME
40 Joer ass et hir: De Xavier Bettel zu Mexiko City
(v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister © ME
40 Joer ass et hir: De Xavier Bettel zu Mexiko City
(v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister © ME
40 Joer ass et hir: De Xavier Bettel zu Mexiko City
(v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister; Marcelo Ebrard, Ausseminister © ME
40 Joer ass et hir: De Xavier Bettel zu Mexiko City
(v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister; Claudia Sheinbaum Pardo, Buergermeeschtesch vu Mexiko City © ME
40 Joer ass et hir: De Xavier Bettel zu Mexiko City
(v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister; Andrés Manuel López Obrador, mexikanesche President © ME

Vum 7. bis den 9. Abrëll war eise Premier- a Staatsminister op offizieller Visitt zu Mexiko City. Dobäi ass et schonn eng länger Zäit hir – vir genau ze sinn 40 Joer -, datt ee Lëtzebuerger Staatsschef sech dohin deplacéiert huet. Am Joer 1980 war et de Pierre Werner, deen an der Stad d’Bezéiung tëscht den zwee Länner stäerke wollt. De Minister Bettel ass bei senger Visitt vun enger ekonomescher Delegatioun begleet ginn, déi aus dem CEO vu Luxembourg For Finance, dem Nicolas Mackel an der stellvertriedender Direktesch vun der Association luxembourgeoise des fonds d’Investissement, dem Anouk Agnes bestanen huet.

Um 8. Abrëll ass eise Premier vum mexikanesche President Andrés Manuel LópezObrador am Presidentepalais wëllkomm geheescht ginn. D’Diskussiounen hunn un dësem Dag virun allem zur Stäerkung vun der bilateraler Relatioun bäigedroen. De Xavier Bettel weist sech immens zefridde fir dëse Vertrauensbeweis an hofft och an Zukunft nei Kooperatiounen tëscht Mexiko a Lëtzebuerg schafen ze kënnen.

Beim Treffen ass et awer och ëm déi grouss europäesch an international Aktualitéite gaangen. Dobäi huet de Minister Bettel ervir gehuewen, datt Mexiko een immens wichtege Partner fir d’EU ass. Hie begréisst den Accord, deen am Abrëll leschte Jores zur Modernisatioun vum globalen Accord tëscht der EU a Mexiko bäigedroen huet, getraff ginn ass an hofft, datt dëse geschwënn ënnerschriwwe wäert ginn. Virun allem Lëtzebuerg ënnerstëtzt dësen Accord, wëll en déi politesch, ekonomesch a kulturell Bezéiungen tëscht alle Regioune stäerke wäert. Donieft ass et ee weidere Schrëtt zu engem gudden internationale Marché.

Bei engem Mëttegiesse mam Ausseminister Häer Marcelo Ebrard ass et nees ëm d’Stäerkung vun der bilateraler Kooperatioun gaangen, sou wéi ëm déi regional Situatioun an déi multilateral Relatiounen. Dobäi huet de Xavier Bettel besonnesch déi enk Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg a Mexiko ervir gehuewen, wat och d’Zukunft vun der Bevëlkerung matbestëmmt, sou wéi beispillsweis mam Paräisser Klimaaccord an dem Agenda 2030 fir eng nohalteg Entwécklung.

Een Dag méi spéit ass de Premier vun der mexikanescher Buergermeeschtesch Madamm Claudia Sheinbaum Pardo empfaange ginn. Bei enger uschléissender Zeremonie ass den Xavier Bettel zum Éierebierger vu Mexiko City ernannt ginn. Trotz hiren Differenzen deelen si déi selwecht Wäerter a Prinzipien.

Uschléissend ass de Minister Bettel vum Senatspresident vun der Republik, dem Häer Marti Batres Guadarrama, empfaange ginn, fir un enger formeller Sessioun vum Senat deel ze huelen. D’Gespréicher hunn nees ëm d’Relatioun tëscht Mexiko a Lëtzebuerg gedréit, sou wéi d’Stäerkung vum Multilateralismus. De Premier huet dobäi ënnerstrach, datt et vir hien eng immens Éier ass, esou häerzlech zu Mexiko begréisst ze ginn, wat nees d’Vertrauen an d’Frëndschaft tëscht béide Länner beweist.

Ähnlech Sujeten Andrés Manuel LópezObrador, Claudia Sheinbaum Pardo, Marcelo Ebrard, Marti Batres Guadarrama, Mexiko City, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel