Spuenien: Wa Konscht fir vill Opreegung suergt…
Explizit sexuell Plastike suergen a Spuenien fir zolidd Gespréich, wou
Explizit sexuell Plastike suergen a Spuenien fir zolidd Gespréich, wou
Mat der eenzeger an sécherlech och eenzegaarteger Trainingspiste fir VTT
Am Kader vun dëser Gedenkfeier ass um Mëttwoch Owend een offiziellt Iesse fir eng 40 Staats- a Regierungscheffen organiséiert ginn. Ënnert dem Thema Erënneren un den Holocaust, kämpfe géint Antisemitismus huet dunn gëschter déi offiziell Zeremonie ugefaangen. Heibäi hu fënnef israelesch an/oder jüddesch Honoratioren, wéi och weider fënnef Delegatiounscheffen eng Ried gehalen.
Mam Néierleeë vu Blummekränz beim Warschauer Ghetto-Denkmal hunn d’Invitéeën d’Affer vum Holocaust gewierdegt. Ofgeschloss gouf d’Zeremonie duerch eng Schweigeminutt an der israelescher Nationalhymn Hatikvah.
© EPA-EFE / Abir Sultan
D’Gedenkstätt Yad Vashem gouf 1953 zu Jerusalem als Erënnerung un déi jüddesch Affer vun der Shoah an der Nazi-Verfolgung wärend dem Zweete Weltkrich opgebaut. Mat gréisste Beméiunge schafft een drun Wëssen ze verbreeden an mat der Vergaangenheet ze sensibiliséieren. Och 75 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich ass Antisemitismus, Haass an Diskriminatioun een aktuellt Thema. Dobäi gesäit Yad Vashem och vir an der Welt vun Haut géint Rassismus unzekämpfen.
Opmaacherfoto: © GPO / Kobi Gideon