Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Keng Zukunft fir Kryptowärung vu Facebook
International Kultur Neiegkeeten

Keng Zukunft fir Kryptowärung vu Facebook

Op dat mat der Kryptowärung „Libra“ nach eppes gëtt, léisst

FLIP: Insekten- an Aarteschutz an der Stad Oochen
International Kultur Neiegkeeten

FLIP: Insekten- an Aarteschutz an der Stad Oochen

Mam neie Projet „FLIP“ sollen an a ronderëm Oochen, déi

Reegelméisseg héiert ee vu sou genannte Verfolgunge säitens der Police (Lieserbréif)
International Kultur Neiegkeeten

Reegelméisseg héiert ee vu sou genannte Verfolgunge säitens der Police (Lieserbréif)

Sécher mussen déi „Béis” aus dem Verkéier gezu ginn. Et

Douce Pianokläng mam Yann Tiersen an der Philharmonie

Douce Pianokläng mam Yann Tiersen an der Philharmonie

Spéitstens mat der Filmmusek zu „Die fabelhafte Welt der Amélie“ konnt de franséische Komponist a Multiinstrumentalist weltwäite Succès verbuchen. Scho kuerz Zäit no der Ukënnegung waren dowéinst all d’Setzer an der Philharmonie besat, wouduerch fir de vergaangene Samschdeg zwee Optrëtter vum Museker organiséiert gi sinn.

Op mannst all Persoun, déi ufänkt Piano ze spillen, dreemt dovunner, dem Yann Tiersen säi berühmten „Comptine d’un autre été“ spillen ze kënnen. Schonn eleng wéinst dësem Wierk hu sech ee Groussdeel vun de Leit vergaangene Samschdeg an der Philharmonie zesumme fonnt. An dobäi war dëst eedelt Concertsgebäi, déi ideal Plaz fir een Optrëtt vum bekannte Museker.

Schnell konnt ee spieren, datt mam Yann Tiersen eng gewësse Rou an de Raum komm ass, déi hien déi zwou Stonnen iwwer weider ausgedréckt huet. Mat senger scheier Aart, a Kombinatioun mat immensem Talent huet hien, nieft senge Klassiker um Fligel, och ëmmer nees d’Plaz gewiesselt, fir eent vun de villen aneren Instrumenter ze spillen.

Dobäi huet den Optrëtt ganz simpel ugefaange mat verschiddene Wierker um Piano, bei deenen de Museker just vu wéinege Luuchte beliicht ginn ass, sou datt de Fokus just op der Musek louch. Am Laf vum Nomëtteg ass dann ëmmer méi déi experimentell Oder vum Tiersen eraus komm, duerch déi hien aus den häerzergräifende, melancholesche Kläng ausgebrach ass an mat 4 weidere Museker een immenst Gesamtkonschtwierk gebueden huet.

Am Hannergrond huet eng Leinwand verschidden Natur-Projektiounen oflafe gelooss, déi de Publikum ëmmer méi an eng Aart Trance versat hunn. Sou si mir all ofwiesselnd iwwert d’Mier, de Bësch, eng Wiss oder Fielse geschwieft, déi mat engem phenomenale Liichtdesign ënnerstëtzt gi sinn. No an no ass een ëmmer weider mat de melancholesche Kläng verschmolz, wouduerch déi zwou Stonne vill ze schnell vergaange sinn.

yann tiersen

© Alfonso Salgueiro

Wärend dëser Zäit huet de Yann Tiersen säi multiinstrumentaalt Talent immens ënnert Beweis gestallt, Sief et um Fligel, um Keyboard, um Klackespill oder op der Gei, dëse sensationelle Museker schéngt wuel all Instrument perfektionéiert ze hunn a konnt ee Meeschterwierk nom anere liwweren. Heirënner waren ënnert anerem Wierker wéi „Rue des cascades“, bei deenen dem Pianist seng Fanger mat Schnellegkeet an Häerz iwwert Taste gelaf sinn, oder eben och „Comptine d’un autre été“, wat sehnsüchteg vu jiddwerengem erwaart ginn ass.

Wien net mat dobäi huet honnertprozenteg eppes verpasst! Et kann een nëmmen hoffen, datt de Virtuos nach emol eist Land besiche wäert, an dat och nees am groussen Auditoire vun der Philharmonie!

Opmaacherbild: © Alfonso Salgueiro

Ähnlech Sujeten Comptine d'un autre été, Concert, Komponist, Musék, Philharmonie, Piano, Yann Tiersen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel