Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Jerusalem-Resolutioun fënnt trotz „Warnung“ op der UNO Zoustëmmung
International Neiegkeeten

Jerusalem-Resolutioun fënnt trotz „Warnung“ op der UNO Zoustëmmung

E Schlag an d‘Gesiicht, esou an net anescht muss ee

De G5 Sahel, erkläert
International Neiegkeeten

De G5 Sahel, erkläert

Den UN-Sécherheetsrot wäert sech deemnächst engem franséische Resolutiouns-Projet widmen: et

partage.lu: Matmaachen – Zukunft schafen!
International Neiegkeeten

partage.lu: Matmaachen – Zukunft schafen!

2019 luet partage.lu Iech an, aktiv d’Zukunft matzegestalten andeem Dir

Yemen: Déidlech Konfrontatioun an der Hafestad

D‘Regierungstruppen decidéiert Hodeida aus den Hänn vu de Rebellen ze befreien

Yemen: Déidlech Konfrontatioun an der Hafestad

Säit Donneschdeg huelen déi déidlech Konfrontatiounen tëscht de Regierungstruppen, déi vun der arabescher Koalitioun gestëtzt ginn, an den Houthi-Rebellen, op der Westküst vum Yemen zou. Mat Dosende Loftschléi géint d‘Hafestad Hodeida, sollen d‘Rebelle virun de Friddensverhandlunge geschwächt ginn.

En Ausbroch vu Gewalt, dee grad zu deem Ament optrëtt, wou déi jemenitesch Regierung, déi no hirer Flucht aus Sanaa, Refuge zu Aden fonnt huet, sech bereet erkläert huet, Friddensverhandlunge mat de Rebelle féieren ze wëllen. Zur Konfrontatioun wier et komm, wéi um Donneschdeg, am Süde vun Hodeida, d‘pro-Regierungstruppe bis an den Universitéit-Quartier virgedronge waren.

Medezinesch Quellen zu Hodeida hu gemellt, datt et bis ewell, ënnert de Rebelle 34 Doudeger, an Dosende blesséierter ginn huet. D‘Regierungstruppe sollen nëmme sechs Mann „verluer“ hunn. De jemenitesche Commandement hat en Dënschdeg ugekënnegt, datt d‘Koalitioun, ënnert der Leedung vu Saudiarabien, Verstäerkung un d‘Westküst verluecht huet, mam Zweck Hodeida anzehuelen.

Eng Informatioun déi den Houthi-Rebellen net entgaangen ass. Si hunn hir Combattanten op den Diecher vun den Haiser positionéiert. Dorops hin, huet d‘Koalitioun e Freideg Loftschléi op de Süden an den Oste vun Hodeida ausgefouert. D‘Koalitioun wëll der international unerkannter Regierung vum President Abdel Rabbo Mansour Hadi, nees d‘Kontroll iwwert d‘Land ginn.

Loftschléi och géint Sanaa

Vun der Koalitioun war och matgedeelt ginn, datt et e Freideg zu Loftschléi, am Beräich vum internationale Fluchhafe vu Sanaa, géint e Loftwaffestëtzpunkt komm ass. „Dës Operatioun hat d‘Zil Ofschossrampe vu ballistesche Rakéiten, Munitiounslager an Ateliere vun der Doulaïmi-Basis zu Sanaa ze zerstéieren“, esou de saudesche Spriecher vun der Koalitioun, Turki al-Maliki.

Jemen

D‘Kanner – wéi dëst e puer Wochen aalt Meedchen – sinn déi éischten Affer an dësem Konflikt, an deem sech längst net méi nëmmen d‘Houthi an d‘Regierungstruppe géinteniwwer stinn. © Essa Hamed/AFP

De Fluchhafe vu Sanaa an de nobäi geleeëne Loftwaffestëtzpunkt vun Doulaïmi, si „regulär“ Ziler vun der Koalitioun. Laut dem saudesche Spriecher, wier de Fluchhafe selwer awer nach ëmmer op. Dëse Fluchhafen ass essentiell, fir de Vereenten Natiounen an hiren Hëllefsagencen ze erméiglechen humanitär a medezinesch Gidder an d‘Land ze bréngen.

An dësem Konflikt, vun deem d‘UNO unhëlt, datt e bis ewell 10.000 Affer gefuerdert huet, a wou 7 Millioune Kanner eng grausam Hongersnout erdroe mussen, gëtt déi vu Saudiarabien ugefouert Koalitioun reegelméisseg beschëllegt, Krichsverbriechen ze begoen. D‘USA hunn en Dënschdeg hiren Alliéierten, Saudiarabien, opgefuerdert, d‘Kampfhandlungen a bewunnten Zonen anzestellen.

Den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, huet e Freideg op e neits déi rivaliséierend Parteien opgeruff, der Gewalt en Enn ze bereeden, an d‘Land virun der totaler Zerstéierung ze schützen. „D‘Gewalt muss direkt an iwwerall ophalen, besonnesch ronderëm den essentiellen Infrastrukturen an de Zone mat héijer ziviller Presenz“, esou den Antonio Guterres géintiwwer de Medien.

Foto: (Archivbild) D‘Haaptstad Sanaa, déi an den Hänn vun den Houthi-Rebellen ass, gëtt zanter dem Donneschdeg massiv aus der Loft ugegraff. Dat zu engem Zäitpunkt, wou déi „unerkannte“ Regierung sech bereet erkläert huet, Friddensverhandlungen opzehuelen. © AFP

Ähnlech Sujeten Friddensverhandlungen, Hongersnout, Houthi, humanitär Kris, Jemen, Krichsverbriechen, Saudiarabien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel