Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
CNFP: Keng schlecht Zensur fir d’Regierung
International Neiegkeeten

CNFP: Keng schlecht Zensur fir d’Regierung

Um Freideg huet den nationale Rot fir d’ëffentlech Finanzen (CNFP)

Ass eng Legaliséierung vum medezinesche Cannabis ze kuerz gegraff?
International Neiegkeeten

Ass eng Legaliséierung vum medezinesche Cannabis ze kuerz gegraff?

Op mannst gesinn dat d’Piraten esou. Fir si geet de

tongue
D‘Realitéit an eise Schoulen ass de Beweis dofir, wéi komplex d‘Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg wierklech ass
International Neiegkeeten

D‘Realitéit an eise Schoulen ass de Beweis dofir, wéi komplex d‘Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg wierklech ass

D’plurilingual Erzéiung ass alles anescht, wéi e liichten Dossier. Kaum

Yemen: Nom Dout vun 29 Kanner fuerdert d‘UNO eng onofhängeg Enquête

Yemen: Nom Dout vun 29 Kanner fuerdert d‘UNO eng onofhängeg Enquête

Op mannst 29 Kanner si bei engem Loftschlag, wou hire Bus op engem Maart am Norde vum Yemen getraff ginn ass, ëm d‘Liewe komm. Dat huet den internationale Comité vum Roude Kräiz (ICRC) an engem Communiqué matgedeelt. Eng Informatioun déi fir vill Opreegung suergt an d‘UNO fuerdert elo eng onofhängeg Enquête.

E Spidol an der Provënz Saada, dat vum ICRC ënnerstëtzt gëtt „huet d‘Kierper vun den 29 Kanner, déi alleguerten ënner 15 Joer jonk waren, an 48 Blesséierter, dovunner och 30 Kanner, iwwerstallt kritt“, deklaréiert d‘Organisatioun op Twitter.

Déi arabesch Militärkoalitioun déi d‘Rebellen am Yemen bekämpft, huet zougestanen, datt et e Loftschlag ginn huet, bei deem e Bus getraff ginn ass. Si behaapt sech dann awer drop, datt an dësem Bus keng Kanner waren, mee just Houthi-Combattante. Ënner saudeschem Commandement, huet d‘Koalitioun op eng „legitim Militäroperatioun“ am Rebelle-Secteur higewisen.

E Fotograf dee mat der AFP an der Provënz kollaboréiert, huet blesséiert Kanner gesinn, déi an engem Rettungszenter behandelt goufen. Déi meescht ware bluttiwwerstréimt, ee Kand huet eng Perfusioun erhalen, anerer waren an Decken agewéckelt.

Den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, fuerdert eng onofhängeg Enquête, während d‘USA, déi d‘Koalitioun mat Waffen a Munitioun ausstafféiert, ëm eng „grëndlech Ënnersichung“ gebueden huet. D‘Regioun vu Saada ass d‘Héichbuerg vun den Houthi-Rebellen, déi vun der arabescher Koalitioun bekämpft ginn. D‘Koalitioun ënnerstëtzt de President Abd Rabbo Mansour Hadi.

E Spriecher vum ICRC an der Haaptstad Sanaa, déi och an der Hand vun de Houthi-Rebellen ass, huet gewarnt, datt de Bilan nëmme provisoresch ass, well d‘Affer op verschidde Spidoler verdeelt gi sinn. D‘Medie vu den Houthi-Rebellen, beriichte vu 50 Doudeger a 77 Verletzter.

Bis ewell konnt keng onofhängeg Quell déi widderspréchlech Informatioune bestätegen oder dementéieren. Vun der Rebellen-Tëlee Al-Massirah gëtt de Spriecher vum Gesondheetsminister vun den Houthi zitéiert. Deen huet bestätegt, datt de Bilan esou héich ausgefall ass, well de Loftschlag sech géint e gutt besichte Maart geriicht huet.

„Onschëlleg Kanner ëmbruecht“

Laut der ONG „Save the Children“, déi e „schrecklechen Ugrëff“ veruerteelt huet, a gläichfalls eng onofhängeg Enquête fuerdert, sinn d‘Kanner getraff ginn, wéi se sech am Bus befonnt hunn, deen si vun engem Picknick nees an d‘Schoul féiere sollt.

„Op e neits wiere vill Kanner gestuerwen oder blesséiert ginn, wéi e Schoulbus am Nord-Yemen ugegraff ginn ass. (…) Huet d‘Welt et wierklech néideg weider onschëlleg Kanner stierwen ze gesinn, fir dëse gräissleche Krich am Yemen opzehalen?“, freet den Direkter vun der UNICEF (Departement Noen Osten an Afrika) Geert Cappelaere.

D‘Koalitioun rechtfäerdegt sech: „D‘Attack déi haut an der Provënz Saada stattfonnt huet, ass eng legitim Militäroperatioun géint Elementer déi an der leschter Nuecht eng Rakéit géint déi saudesch Stad Jizane agesat hunn. Hei huet et een Doudegen a Blesséierter ënnert den Ziviliste ginn“.

Yemen

No engem Ugrëff op e Maart zu Dahyan (Regioun Saada) si vill Ziviliste, dorënner e Grupp vu Schoulkanner, blesséiert ginn. D‘Affer sinn op d‘Spidoler an der Géigend verdeelt ginn. © Stringer/AFP

Vun der Koalitioun war um Mëttwoch matgedeelt ginn, datt déi saudesch Loftofwier am Süde vum Kinnekräich, eng Rakéit vun den Houthi-Rebellen ofgefaangen hunn. E Jemenit wier vun Trëmmer déidlech getraff, eelef weider Ziviliste wiere verletzt ginn.

Op Twitter huet d‘ONG Dokteren ouni Grenzen (MSF) de Loftschlag bedauert a veruerteelt. MSF ënnersträicht, datt dës Zon – wou si medezinesch Ënnerstëtzung leeschten – zanter engem Mount onzougänglech ass. „Ziviliste bezuele weiderhin den héchste Präis. No dräi Joer Krich am Yemen sinn Dausende Mënsche gestuerwen, blesséiert oder hu missen amputéiert ginn“.

Et gëtt kee faire Krich

Virun enger Woch hat d‘Koalitioun nach bestridden Ugrëff getätegt ze hunn, déi laut dem ICRC 55 Affer an 170 Verletzter zu Hodeida (West-Yemen) ervirbruecht huet. Hodeida ass e strategesche Punkt de vun den Houthi-Rebelle kontrolléiert gëtt.

D‘Houthi hunn och der Koalitioun d‘Schold fir d‘Attacke ginn, während d‘Koalitioun d‘Rebelle fir d‘Virfäll verantwortlech mécht. Mee d‘Koalitioun gëtt bestänneg beschëllegt „Feeler“ ze maachen déi honnerten Zivilisten d‘Liewe kascht hunn. Bei verschidden Ugrëff ass zwar d‘Verantwortung iwwerholl ginn, mee ëmmer mat Hiweis, datt d‘Houthi Zivilisten als Schutzschëlter asetzen.

En Argument datt och um Donneschdeg widderholl ginn ass, nodeems an enger éischter Ausso rieds dovunner war, datt een déi Verantwortlech fir de Rakéitenofschoss ugegraff hätt. „Dës Operatioun ass am volle Respekt vum internationalen humanitäre Recht gefouert ginn“, esou d‘Koalitioun.

D‘Houthi-Rebellen, déi der zaidistescher Minoritéit (engem Aarm vum Schiismus) ugehéieren, fillen sech am majoritär sunnitesche Land marginaliséiert. Si gi vun Teheran aus evidente reliéise Grënn gestäipt. Mee den Iran dementéiert de Rebelle Waffen ze liwweren oder se soss militäresch ze ënnerstëtzen. Da gesäit déi arabesch Koalitioun a Washington anescht.

Bis haut sinn, zanter dem Lancement vun der Interventioun (2015) duerch déi arabesch Koalitioun, iwwer 10.000 Mënschen am jemenitesche Biergerkrich gestuerwen. E Konflikt, dee sech laut de Vereenten Natiounen, zur gréisster humanitärer Katastroph entwéckelt huet.

mat AFP

Foto: Nom Loftschlag géint e Maart zu Dahyan (Regioun Saada) wou e vollbesate Schoulbus getraff ginn ass, a mindestens 29 Kanner hiert Liewe verluer hunn, sinn déi blesséiert Schüler a Rettungszenter noutdierfteg behandelt ginn, iert se an e Spidol konnte gefouert ginn. © Stringer/AFP

Ähnlech Sujeten ICRC, Kanner, MSF, UNO, Yemen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    1

  • Fail

    0

  • Cry

    5

  • Angry

    7

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0