Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Kennt Dir Äre Bluttdrock?
danganronpa v3 dating Neiegkeeten

scorpio female dating leo male

Duerch d’World Hypertension League ass säit geraumer Zäit de 17.

https://moien.lu/hook-up-snes-rf-switch/
danganronpa v3 dating Neiegkeeten

Shutdown: Den US-President kritt de Maulkuerf ugedoen

Am Sträit ëm de Shutdown (Haushaltsspär) kënnt et op e

surprise
Den Trump wëll vun Amazon méi Steiere kasséieren
danganronpa v3 dating Neiegkeeten

Den Trump wëll vun Amazon méi Steiere kasséieren

Ënnert dem Donald Trump ass alles méiglech. Hien huet et

YFCL: Zesumme kënne mer eis Zukunft retten!

YFCL: Zesumme kënne mer eis Zukunft retten!

Vum 20. September bis 27. September organiséiert Youth for Climate Luxembourg (YFCL) zesumme mat aneren Organisatiounen all Dag Klimaaktioune fir d’Politik an d’Wirtschaft zum handelen ze bréngen. Dës Aktiounen a Protester fannen am Kader vu weltwäiten, international koordinéierte Campagnë statt.

D’Zohra Barthelemy, dat säit Februar am Jugendmouvement aktiv ass, dozou: “Den 20. September verléisst d’Jugend zu Lëtzebuerg am Kader vun der Fridays for Future (FFF) Beweegung erëm d’Schoul, fir nach emol kloerzestellen, dass mir net roueg bleiwe wann iwwer eis Käpp ewech mat eiser Zukunft gespillt gëtt.”

Um 10 Auer rifft YFCL d’Schüler*innen dozou ob d’Schoulen ze verloossen an sech ab 11 Auer ob der Plaz virun der Gare ze versammelen. An engem faarwegem Cortège lafe mer zesumme bis bei d’Kinnekswiss wou Riede ginn a Musek gespillt gëtt. Och well dräi Deeg dono een UN Summit 5 zum Thema Climate Change zu New York statt fënnt ass et den ideale Moment fir d’Jugend ob der ganzer Welt nach eng Kéier ze weisen, dass si e schnellt an effektiivt Handele brauchen.

YFCL huet dëse Summer iwwer u verschidde klimaaktivisteschen Vernetzungstreffen deelgeholl fir gemeinsam un der nationaler an internationaler Mobiliséierungen ze schaffen. “Attending the climate strike summer meeting in Lausanne as a participant from Luxembourg has been an incredibly valuable experience. The discussions and workshops with activists from all around Europe have been very important to strengthen our international cooperation. We have all left Lausanne empowered and with new skills and contacts to share with our local groups.” sou d’Zélie Guisset, eng vun den Delegéierte vu Lëtzebuerg ob der SMILE Conference.

International Vernetzung ass grad am Klimaschutz onëmgänglech, Zohra Barthelemy beschreift et esou: “Dës Kris ass ze grouss fir dass all Land dat selwer packt; international Zesummenaarbecht ass absolut néideg. D’Jugend lieft déi international Zesummenaarbecht vir, a weist, dass et méiglech ass, trotz ville kulturellen Ënnerscheeder zesummenzeschaffen. Mir erwaarden eis, dass d Politik sech e Beispill dorunner hëlt.”

Lokal huet sech YFCL mat aneren Organisatioune wéi Votum Klima a Gewerkschafte wei dem OGBL zesumme gesat fir d’Aktioune vun der Woch tëscht dem 20. a 27. September ze koordinéieren an d’ganz Gesellschaft de 27. September ob d’Stroosse vun der Haaptstad ze mobiliséieren. D’Zohra Barthelemy verdäitlecht: “Et geet net nëmmen ëm de Jugendlechen hir Zukunft, mee och ëm déi vun den Erwuessenen, hire Kanner an Enkelkanner. De 27. September vereenegen sech all d’Generatiounen, fir zesumme kloer ze stellen, dass et sou net weidergeet.”

Ab 3 Auer gëtt sech ob verschidde Startpunkte rassembléiert fir a Richtung Zentrum ze trëppelen. Et wäerten ënnerschiddlech Cortègë ginn, jeeweils vun der Jugend, de Gewerkschaften an den ONG’en ugefouert, bei deenen een sech kann uschléissen.

Den Titel vun der Demonstratioun United for Climate Justice erkläert d’Selma Vincent: “We stand in solidarity with those let down by their governments as they already suffer the extremes of climate destruction. As the youth, we fight beside them for our own fragile future.” Zesumme kënne mer eis Zukunft retten – United for Climate Justice!

Matgedeelt vu Youth For Climate Luxembourg

Ähnlech Sujeten Aktiounswoch, Demonstratioun, Klimawandel, Protest, Youth For Climate Luxembourg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel