Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg an Éisträich stelle sech géint eng Renaissance vun der Atomenergie
Neiegkeeten

Lëtzebuerg an Éisträich stelle sech géint eng Renaissance vun der Atomenergie

Den Ausbau vum ungareschen Atomkraaftwierk PAKS II huet zu enger

Lovestories 4.0 – Wat ass dann deng Geschicht?
Neiegkeeten

Lovestories 4.0 – Wat ass dann deng Geschicht?

Am Kader vun der Campagne 2018/19 „Lovestories 4.0 – Wat

D‘KPL zur Regierungserklärung
Neiegkeeten

D‘KPL zur Regierungserklärung

No der Analys vum Regierungsprogramm an der Unhéierung vun der

Young Caritas: Esou flott kann de Benevolat sinn

Young Caritas: Esou flott kann de Benevolat sinn

Am Kader vum Wëltzer Festival, huet sech den Tourismus-Syndikat vu Wolz un „Young Caritas“ gewannt, fir Summeraktivitéiten a Kanneranimatiounen ze organiséieren. Eng Iddi déi vun de Responsabele begréisst ginn ass. Esou kënnt et, datt zu Wolz dräi Jonk Damme mat hirem flotte Bus beim Centre Commercial hir Zelter opgeschloen hunn.

D‘Lisa Seiler, Lotte Feenstra an d‘Veronika Domp, sinn hei zoustänneg fir déi flott Animatioun: vu Gesiichtsmolerei, iwwer Gesellschaftsspiller bis hin zu engem Sprangschlass, et ass un alles geduecht gi wat esou e Kannerhäerz erfree kann. Besonnesch grousse Succès, erzielen eis déi dräi Dammen, hätten d‘Detektivspiller. Dovunner gëtt et dann och eng helle Wull Varianten, esou dat et zu kengem Ament langweileg ka ginn.

Caritas

Si hunn déi Plaz „Schied“ fonnt, déi dem Spillspaass an d‘Zesummesinn entgéint kënnt. Am fréien Nomëtteg haten d‘Gesellschaftsspiller, d‘Nues vir. © Luigi De Stephanis/moien.lu

Elo muss een, fir komplett ze sinn, awer drop hiweisen, datt sech matten am August net därmoosse vill Kanner am Stadzentrum vu Wolz ophalen. Dat ass bedéngt duerch d‘Vakanzenzäit, wat awer un der Freed sech mat deenen ze beschäftegen déi do sinn, näischt ännert. Et wier zudeem schued, all deene Kanner, déi grad net „fort“ sinn, dës flott Aktivitéit virzebehalen.

Wien a wat ass Young Caritas?

D‘Vereenegung „Young Caritas“ ass aus dem Zesummeschloss vum „Service Vacances“ an dem Fräiwëllegendéngscht vun der Caritasjugend entstanen. D‘Caritas, déi nom zweete Weltkrich dofir gesuergt huet, datt d‘Kanner an der Vakanzenzäit e puer Wochen an eng Kolonie goe konnten an esou engersäits d‘Elteren entlaascht hunn, an anersäits hir Kandheet a vollen Zich genéisse konnten.

De „Service Vacances“ deen 1987 gegrënnt gouf, an d‘Basis vun der Asbl Caritas Jeunes et Famille duerstellt, heescht haut nëmmen nach „Young Caritas“. Si sinn zanter dräi Joer e feste Bestanddeel vun der Caritas-Konfederatioun. Sënn an Zweck vu „Young Caritas“ ass et de Benevolat fir jonk Leit méi attraktiv ze gestalten, an hinne méi Entscheedungsfräiheet ze ginn.

Caritas

Bei den Aktivitéiten déi Young Caritas ubitt, gëtt keen ausgeschloss. Op Besuch bei der Famill zu Wolz, hunn déi léif Leit aus Spuenien, d‘Offer vun den dräi jonken Damme gären ugeholl. Schued, datt d‘Aktivitéit nëmmen nach gëschter zu Wolz ugebuede konnt ginn. © Luigi De Stephanis/moien.lu

Eisen dräi Dammen, deene mir zu Wolz begéint sinn, gefält den Optrag deen si ugeholl hunn, an et dierf een dovunner ausgoen, datt si dat nach eng Zäitche wäerte maachen. Flott och, wéi d‘Offer ugeholl gëtt. Esou vun de Leit aus Barcelona, déi op Besuch bei der Famill waren. Hir Kanner hunn d‘Offer vu Young Caritas gären ugeholl, an eis bestätegt, datt et och wierklech Spaass mécht.

mam Luigi De Stephanis

Foto: (v.l.n.r.) D‘Veronika Domp mam Lisa Seiler an dem Lotte Feenstra, bei hirem „Spass-Mobil“ um Parvis vum Centre Commercial zu Wolz. Si sinn mat vill Häerz a Begeeschterung, och bei héijen Temperaturen am Asaz, fir de Kanner déi beschtméiglech Animatioun zoukommen ze loossen. © Luigi De Stephanis/moien

Ähnlech Sujeten Bernevolat, Caritas, Summeraktivitéiten, Wolz, Young Caritas
Nächsten Artikel Virrechten Artikel