Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Recommandatioune vum UN-Generalsekretär fir de Schutz vun de Palestinenser
International Neiegkeeten https://moien.lu/dating-fossils-millions-of-years-old/

https://moien.lu/who-is-dating-drake-2018/

Den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, huet e Freideg véier Recommandatioune presentéiert,

https://moien.lu/age-limit-for-dating-in-korea/https://moien.lu/speed-dating-christchurch-2017/
Frankräich: Google kritt eng Amende vu 50 Milliounen
International Neiegkeeten https://moien.lu/dating-fossils-millions-of-years-old/

Frankräich: Google kritt eng Amende vu 50 Milliounen

D‘CNIL (Commission Nationale de l‘Informatique et des Libertés) werft dem

Si wëlle fir ee gudde Wahlsonndeg suergen
International Neiegkeeten https://moien.lu/dating-fossils-millions-of-years-old/

Si wëlle fir ee gudde Wahlsonndeg suergen

Gemengt ass hei den zentrale Regierungsbüro fir d‘Chamberwahlen (BCG), deen

Youth For Climate Lëtzebuerg – een Treffe mam Xavier Bettel

Diskussiounsronnen am Kampf géint d'Äerderwiermung si geplangt!

Youth For Climate Lëtzebuerg – een Treffe mam Xavier Bettel

Um 25. Mäerz huet de Premierminister Xavier Bettel d’Delegatioun vu Youth For Climate Lëtzebuerg am Hôtel de Bourgogne getraff. Hir Beweegung, déi um 15. Mäerz dausende Jonker an der Stad Lëtzebuerg zur Manifestatioun am Kampf géint de Klimawandel zesumme bruecht huet, ass eng vun den engagéiertste jonken Organisatiounen, déi sech nom Virbild vum Greta Thunberg, vir den Erhalt vun eisem Planéit asetzen.

Bei dësem Treffen huet de Minister Bettel de Jonke verséchert, datt d’Regierung sensibel op hir Argumenter a Kritike reagéiert. An hirem Engagement ënnerstëtzt hien d’Beweegung a wäert zesumme mat der Regierung handelen, fir esou eise Klima ze schützen, woubäi Moossnamen an alle Beräicher a bei allen Acteuren an eiser Gesellschaft getraff musse ginn.

Dobäi huet de Xavier Bettel drun erënnert, datt d’Regierung scho verschidde generell Mesuren an dësem Beräich getraff huet. „Ech begréissen déi staark Mobilisatioun vun de Jonken am Kampf géint d’Äerderwiermung, mee ech muss och vermelden, datt et scho fënnef Joer sinn, dat d’Regierung decidéiert huet géint de Klimawandel, de Schutz vun eiser Ëmwelt an den Erhalt vun den natierleche Ressourcen ze handelen“, sou de Minister.

Youth for Climate

© ME

Um 8. Februar 2019 hat de Regierungsrot beispillsweis een nationale Klima- an Energieplang opgestallt, deen d’Zieler vu Lëtzebuerg bei der Reduktioun vum CO2, erneierbaren Energien an der energetescher Effikassitéit bis 2030 virgesäit. D’Verbesserung am Beräich vun der Energie an der Fërderung vun erneierbaren Energien ass d’Fundament vun der nationaler Klimapolitik.

De Plang gesäit eng Verréngerung vun den Emissioune vum Zäregas tëscht 50% a 55% bis 2030 vir. Eng Reduktiounspolitik wäert sech am Verkaf vun de Kraaftstoffer engagéieren an déi nei Mobilitéit favoriséiert den ëffentlechen Transport, sou wéi d’Elektromobilitéit. Och de Bau vun Energiehaiser an eng Erhéijung vun erneierbaren Energië stinn um Programm.

An dësem Kader muss allerdéngs och d’Vollek eng aktiv Roll spillen, woubäi ëffentlech Ëmfroen organiséiert wäerte ginn. Den Representante vun Youth For Climate huet de Xavier Bettel erkläert, datt dës Konsultatiounen zesumme mat der Nationaler Schülerkonferenz an de Schoulen wäerte stattfannen, sou datt déi Jonk direkt an de konstruktiven Dialog mat de Regierungsmemberen kënnen agoen, fir esou déi ideal Moossnamen ze fannen.

Opmaacherfoto: © ME

Ähnlech Sujeten #FridaysForFuture, Greta Thunberg, Klimawandel, Xavier Bettel, Youth for Climate
Nächsten Artikel Virrechten Artikel