Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Asiicht an d‘Wielerlëschte verstéisst net géint den Dateschutz
Neiegkeeten

D‘Asiicht an d‘Wielerlëschte verstéisst net géint den Dateschutz

Déi CSV-Deputéiert Gilles Roth an Diane Adehm haten eng „urgent“

What the Fakt – Dräi Deeg Summer a Léift um Monterey Pop Festival!
Neiegkeeten

What the Fakt – Dräi Deeg Summer a Léift um Monterey Pop Festival!

De Monterey Pop Festival a Kalifornien gëtt oft als Ufanks-Evenement

Explosioun um Waldhaff: Eise Premier an déiwer Trauer
Neiegkeeten

Explosioun um Waldhaff: Eise Premier an déiwer Trauer

Nom tragesche Virfall am Munitiounslager um Waldhaff weist eise Premierminister

En Opruff un d‘Studenten: Dir gitt gebraucht!

En Opruff un d‘Studenten: Dir gitt gebraucht!

Youth for Climate Luxembourg plangt nei Protester a kéint eppes Ënnerstëtzung vun de Schüler a Studente gutt gebrauchen. De Mouvement riicht en Appell un Gläichgesënnter, fir datt de Protest och all Schoul erreecht an d‘Aktiounen entspriechend bekannt gemaach an ënnerstëtzt ginn.

Wann s du dech och wëlls fir de Klima an deng Zukunft asetzen, da maach mat. Et geet hei an éischter Linn drëms d‘Aktioune bekannt ze maachen. Dat heescht Posteren/Plakater ophänken, Flyer a soss Informatiounsmaterial an der Schoul ze verdeelen, fir seng Matschüler iwwert de Mouvement a déi geplangten Aktiounen ze informéieren.

Climate

Du bass engagéiert oder wëlls dech engagéieren? Ma maach dach einfach emol eng Mail un youthforclimateluxembourg@gmail.com oder schreif hinnen eng perséinlech Message op Facebook. A falls – dat sollt zuweile virkommen – nach net weess wat Youth for Climate Luxembourg ass, ma da kuck emol op hir Homepage: http://www.youthforclimate.lu/

Ähnlech Sujeten Klimakris, Klimanoutstand, Klimaplang, Klimawandel, Youth For Climate Luxembourg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel