Search

You may also like

Erënnerung un de Streik vun 1942
International Neiegkeeten

Erënnerung un de Streik vun 1942

Um Donneschdeg huet de Premierminister Xavier Bettel zu Wolz un

Vëlosummer 2020 – Do dréins de um Rad!
International Neiegkeeten

Vëlosummer 2020 – Do dréins de um Rad!

Am Kader vun enger Pressekonferenz haut de Moien huet den

surprise
Eestëmmegkeet beherrscht de Réiser Gemengerot
International Neiegkeeten

Eestëmmegkeet beherrscht de Réiser Gemengerot

De Buergermeeschter Tom Jungen (LSAP) konnt um Méindeg, no der

Youth For Climate: D’Long vum Planéit an Äschen

Youth For Climate: D’Long vum Planéit an Äschen

„An dësem Moment zerstéiere Bëschbränn – déi sech méi schnell ausbreede wéi jeemools virdrun – den Amazonas Reebësch an engem alarméierenden Ausmooss.

Eist Doheem ass Wuert wiertlech a Flamen an d’Long vun eisem Planéit verwandelt sech zu Äschen. Eréischt leschte Mount, wou d’IPCC een neie spezielle Rapport zur Drénglechkeet am Kampf géint den ekologeschen Zesummebroch verëffentlecht huet, hu massiv Bränn an der Arktis stattfonnt.

Dëst si just déi lescht vu ville Beispiller vun der Klimakriis, déi duerch de Klimawandel ervir geruff gëtt. Mir rennen op eng onkontrolléierbar Sequenz vun Eventer duer, déi eisen Ekosystem, a soumat och eis Existenz op dësem Planéit zerstéiere wäerten.

Den Amazonas Reebësch ass de gréissten a biologesch villfältegsten Deel vum tropesche Reebësch an der ganzer Welt. Den Impakt vun de Bëschbränn ass duebel ginn, wëll de Reebësch een essentielle Karbon-Späicher ass, deen CO2 vun der Atmosphär absorbéiert, mee och wëll säin Ofbrennen immens Quantitéiten un Zäregas fräi setzt, wat den Däiwelskrees vun der Äerderwiermung beschleunegt. Wärend dëse Klima-Disaster stattfënnt hunn d’Medien sech dozou entscheet, roueg ze bleiwen.

Säit de President Jair Bolsonaro un d’Muecht komm ass, ass d’Zuel u Beschbränn kontinuéierlech geklommen – ugeheizt duerch d’Dréchent mee och duerch déi ellen ekologesch Politik vun der brasilianescher Regierung, déi den Amazonas just als Geldschësser. Zur gläicher Zäit konsuméiert déi global Ekonomie weiderhi brasilianesch Produiten oder ënnerschreift Handelsofkommen, wéi beispillsweis d’EU mat Mercosur-Staaten, wat weider schlëmm Schiet fir den Amazonas an déi gesamt Süd-amerikanesch Landwirtschaft ausléise wäert.”

Bëschbränn

Satellitten-Opnam vum 19. August © NASA

Um 23. August hu Fridays For Future Gruppen all dat selwecht Symbol #SOSAmazonia als #KlimaStreik virun de brasilianeschen Ambassaden op der ganzer Welt gedroen. „Och a mir aus ville verschiddene Länner a Kulture kommen, a verschidde Siichten op d’Welt vertrieden, wäerte mir all vereent hannert engem gemeinsamen Zil stoen: Betraffenheet a Roserei zur Politik vun der brasilianescher Regierung, déi d’Klimakris beschleunegen, weisen a si opruffen, d’Ziler vu Fridays For Future ze vertriede fir esou:

  • Déi global Temperatur-Hausse ënnert 1,5 °C ze halen
  • D’Klima-Gerechtegkeet sécher ze stellen
  • Op déi bescht eeneg Wëssenschaft ze lauschteren

Mir fuerderen d’Medien op hirer Responsabilitéit nozegoen an dës Tragödie ausräichend ze couvréieren, an ze weise wien dohannert stécht.

Et ass eis Obligatioun fir a Solidaritéit mat den Leit aus Brasilien ze stoen, virun allem mat de Communautéiten an eenheemeschen Awunner, déi am meeschte vun der Zerstéierung vum Amazonas Reebësch betraff sinn. Et ass net just eleng ee lokale Problem, mee een Thema mat globale Repercussiounen a soumat dränge mir d’Politiker op der ganzer Welt dozou ze handelen an d’Zerstéierung vun dësem essentiellen Ekosystem unzeprangeren.

An de leschte 4 Joerzéngte ware mir um Wee a Richtung mënschlech Ausrottung an dat hei ass ee weidere klore Schrëtt zur Massevernichtung. Eise momentanen ekonomesche System encouragéiert Geldgier virun de Mënsch ze setzen an eis Politiker scheiteren drun, un ze erkennen, datt dat eis zur Extinktioun féiere wäert.”

Matgedeelt vun Youth For Climate Luxembourg – Iwwerholl an iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics #FridaysForFuture, Amazonas, Brasilien, Ekosystem, Feier, Long vum Planéit, Reebësch, Youth For Climate Luxembourg
Next post Previous post