Search

You may also like

Petitiounen: Baby Years, Pass a méi
Neiegkeeten

Petitiounen: Baby Years, Pass a méi

Ab haut kann een erëm nei Petitiounen ënnerschreiwen. Dës Kéier

Kand an der Wäschmaschinn ëmbruecht
Neiegkeeten

Kand an der Wäschmaschinn ëmbruecht

D‘Mamm vum klenge Bastien, deen 2011 an enger Wäschmaschinn ëmbruecht

Saudiarabien mat verbalem Ugrëff op den Iran
Neiegkeeten

Saudiarabien mat verbalem Ugrëff op den Iran

Um Sonndeg huet Saudiarabien den Iran gewarnt, datt een net

#YouthYourFuture: De Wee an d’Aarbechtswelt vereinfachen

#YouthYourFuture: De Wee an d’Aarbechtswelt vereinfachen

No intensive Formatiounen an der Entwécklung vun de perséinleche Kompetenzen duerfte gëschter 95 jonk Persounen, op der Sich no Aarbecht a bei der ADEM ageschriwwen, hir Reussite feieren. Am Kader vu #YouthYourFuture hunn d’Gaby Wagner, stellvertriedend Direktesch vun der ADEM, an den Tom Oswald, Coordinateur beim Aarbechtsministère, d’Zertifikater vun der erfollegräicher Participatioun iwwerreecht.

De Programm #YouthYourFuture, dee vun der ADEM geleet a vum Fonds pour l’Emploi an dem Fonds Social Européen kofinanzéiert ginn ass, erméiglecht et ausgewielte Kandidaten, déi beim Lëtzebuerger Aarbechtsamt ageschriwwe sinn, vun engem perséinleche Coaching ze profitéieren an domat déi eege Kompetenze weider auszebauen, professionell a realistesch Ziler ze definéieren an esou d’Sich op Aarbecht ze vereinfachen.

Fir d’Gaby Wagner ass et kloer, datt vill Jonker oft Schwieregkeeten hunn, fir ee realisteschen a realiséierbare professionelle Projet auszeschaffen. Si hu wéineg Kenntnisser vum Aarbechtsmarché, keng konkret Virstellunge vun hire Kompetenzen an hirer Fäegkeet um Aarbechtsmarché, par Rapport zu der existenter Offer. Besonnesch heefeg géif een dës Problematik bei jonke Persounen, mat wéineg oder guer kenger Qualifikatioun, wéi och ouni unerkannt Erfarung bemierken.

#YouthYourFuture

(v.l.n.r.) n.b., Gaby Wagner, stellvertriedend Direktesch vun der ADEM; Tom Oswald, Coordinateur beim Aarbechtsministère © ADEM

Mam offréierte Programm huet ee sech u jonk Aarbechtssichend, ënner 30 Joer geriicht, déi genau un déi genannt Problematik uknäppen. De Parcours leeft wärend 3 Méint verschidde Phasen duerch. Am ganze kommen 111 Stonnen zesummen, mat folgenden intensive Formatiounen:

  • Formation Soft Skills;
  • Formation Digital Skills;
  • Evaluatioun vun de Kompetenzen an dem Verhalen am professionelle Kontext;
  • Orientatioun duerch Identifikatioun vu Beruffer/Funktiounen a Vollendung vun engem professionelle Projet dee sech nohalteg an d’Perspektive vum Aarbechtsmarché agliddert;
  • Individuell a kollektiv Begleedung bei der Entwécklung vum professionelle Projet.

Zum Schluss vum Programm ass ee finale Bilan opgestallt ginn, deen un den zukünftege professionelle Beroder vum Participant geet. Fir 2020 huet ee sech als Zil gesat, ganzer 360 jonke Persounen, op der Sich no Aarbecht mat dësem Programm ze hëllefen an hinnen hire Wee um Aarbechtsmarché ze erliichteren.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) n.b.; Tom Oswald, Coordinateur beim Aarbechtsministère © ADEM

Related topics #YouthYourFuture, Aarbechtsmaart, ADEM, Formatioun, Gaby Wagner, Kompetenzen, Sich no Aarbecht, Tom Oswald
Next post Previous post