Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gejoten Tierke fannen a Griicheland Asyl
https://moien.lu/classy-dating-profile-headlines/ dating man with no money

https://moien.lu/dating-with-meetup/

„An der Tierkei gëtt et keng Justiz méi“: Wéi de Cevheri

meaning of dating in english
https://moien.lu/classy-dating-profile-headlines/ dating man with no money

E Gesetz fir déi lëtzebuergesch Sprooch

Eng Gesellschaft, egal wéi multikulturell se opgestallt ass, definéiert sech

Ekologie fir de Stad-Mënsch: „Urban Farming“
https://moien.lu/classy-dating-profile-headlines/ dating man with no money

Ekologie fir de Stad-Mënsch: „Urban Farming“

Am Kontext vun der Konferenz „Living City“ huet d‘Ëmweltministesch Carole

Looss dech vun dëser Youtuberin zoutexten

Looss dech vun dëser Youtuberin zoutexten

An de Bicherbuttek ze goe, kann ee richteg erschloen. Honnerte vu Bicher kämpfen do ëm engem seng Opmierksamkeet. An net ëmmer kann engem de Buchhändler weider hëllefen. Och den Alghoritmus am Online-Handel weess oft net wat empfehlen. Deen Ament ass ee gezwongen, sech un eng Ur-Al Institutioun vum Literaturberäich ze wennen:

De Kritiker.

An dee kënnt Hautesdags a villerlee Form. An Zeitungen, op der Tele a Blogs sinn se ze fannen. Mee och op Youtube maache sech ëmmer méi Buchkritiker breet, a bedéngen déi verschiddenst Goûten. D’Christine Mandy probéiert sech mat Tatta Text ze etabléieren. Dat mat engem eegene Rezept a ganz ouni Zwang. Well den toppaktuellen Trends wëll et weder inhaltlech, nach technesch nolafen.

Spontan an originell

„Mech soll ee kucken, wéinst den Inhalter, net wéinst der Maachart“, erkläert d‘Youtuberin am Gespréich. Dowéinst sicht et sech seng Bicher och éischter per Zoufall aus. Mol kann et sinn, datt d‘Christine Mandy se einfach esou am Bichergeschäft fënnt. Eng aner Kéier liest se en interessanten Artikel driwwer an hëlt sech dem Wierk un. A wann alles scheitert, gëtt d’Verpackung vun enger Pizza ënnert d‘Lupp geholl.

„Youtube ass eng richteg Erausfuerderung”

Christine Mandy, Youtuberin

Dobäi war de Sprong op Youtube villäicht net den am nooste leiensten. Drop komm ass déi Literaturbegeeschtert duerch eng Aktioun vum Booklook, also dem Jerome Jaminet, dorobber komm. Mee de Format schéngt net ofzeschrecken. „Youtube ass eng richteg Erausfuerderung”, stellt Christine Mandy fest. A well et eng Erausfuerderung ass, huet d‘Studentin op eng schrëftlech Variant vun de Buchkritiken bis dato verzicht.

Iwwerdriwwen Ziler setzt et sech awer net. „Ech maachen et, well et mer Spaass mécht an och gréisstendeels fir mech”, mengt et. D’Léift zur Literatur ass dobäi d’Haaptmotivatioun fir d’Germanistik-Studentin, déi aktuell un hirer Bachelor-Aarbecht schafft. D’Christine Mandy orientéiert sech do och e bësschen un der eegener Erfahrung, wat Literatur ugeet. Sou mengt d’Videobloggerin, datt vill Schoulliteratur vill ze héich vum Niveau hir ass – an esou de Nowuess éischter ofschreckt, wéi begeeschtert.

Vum Nowuess a Wuesstem

Wéi een Jugendlecher zum Liesen animéiere soll, dorobber huet d’Tatta Text keng direkt Äntwert. D’Christine Mandy ass sech bewosst, datt et och mat sengem Format net direkt Jugendlecher, mee éischter schonn Insideren uschwätzt. An dann ass do – wéi soll et anescht sinn? – d’Fro vun der Sprooch. Bei de Rezensiounen orientéiert sech déi literaturbegeeschtert Fra ëmmer un der Sprooch vum Wierk. Mee zu senger Iwwerraschung huet si misse feststellen, datt och en däitsche Publikum nach laang kee Problem huet, fir eppes op Lëtzebuergesch ze kucken.

Ze situéieren ass d‘Christine Mandy an enger mëttlerweil wuessender Szeen vu Bloggeren, déi sech verstäerkt der Literatur widmen. Eng Entwécklung, déi elo schonn e puer Joer undauert. Onsécher ass, wien do alles laangfristeg iwwerliewe wäert. Mee un Enthusiasmus feelt et definitiv net.

D’Tatta Text ass souwuel op Youtube wéi och op Facebook ze fannen.

Foto: Carsten Meyer

Ähnlech Sujeten Kultur, Lëtzebuerg, Literatur, Youtube
Nächsten Artikel Virrechten Artikel