Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Petitioun fir Motorrieder am Stau
Kultur Neiegkeeten

Petitioun fir Motorrieder am Stau

Wäert et deemnächst fir Motorrieder erlaabt sinn, bei engem Stau

ITM: Kanneraarbecht an illegal Beschäftegungen bei Kontrollen opgedeckt
Kultur Neiegkeeten

ITM: Kanneraarbecht an illegal Beschäftegungen bei Kontrollen opgedeckt

Vun Enn Juli bis Enn August huet d’Aarbechtsinspektioun ITM ganzer

Coronavirustestflicht fir d‘Arees an Däitschland
Kultur Neiegkeeten

Coronavirustestflicht fir d‘Arees an Däitschland

Datt ee sech sollt teste loosse wann een aus der

Yumm Festival um Kierchbierg – Et gëtt kulinaresch!

Yumm Festival um Kierchbierg – Et gëtt kulinaresch!

Beim Yumm Festival 2019 wäerten nach méi Foodtrucks am Concours stoen a mat engem immense Programm aus Stroossekënschtler, Museker an originellen Ënnerhalungsnummere kombinéiert ginn. Vum 25. bis de 27. September kann ee sech op ee leckert Evenement freeën!

Zéng Foodtrucks aus verschiddene Länner vun Europa luede beim Yumm Festival 2019 zum Probéiere vun hire kulinaresche Spezialitéiten an. Dobäi wëllen si d’Visiteuren ulackelen a vun hirem Geschmackserliefnis iwwerzeegen, fir esou als Gewënner vum Publikumspräis „Yumm Festival Kirchberg Public Choice Award“ ervir ze goen. Domat séchert sech de Siger och d’Participatioun bei der nächster Editioun.

Vum 25. bis de 27. September 2019 verwandelt sech d’Europaplaz zu enger faarweger Festplaz, wou d’Visiteure mëttes an owes a gemitterlecher Atmosphär schmaache kënnen, wat d’Food Trucker an hir Ekippen esou kredenzen. Direkt op der Plaz kann een ofstëmmen, wien am leckerste kacht.

Hei stinn allerdéngs net just d’Käch an hir fuerbar Restauranten am Virdergrond,: Och Konscht, Musek a Spiller fir Grouss a Kleng bilden een ausgeflippt ënnerhalungswierdegt Ënnerhalungsprogramm, dem seng Protagonisten, wéi bei engem Stroossefestival, ëmmer a Beweegung sinn a sech ënnert d’Leit mëschen.

Programm vu Mëttwochs bis Freides

Um Mëttwoch ass et La Caravane des Couleurs, déi de Festival mat enger spektakulärer Parad op maachen. Zesumme mat de wandelnden Croupiers vum Salon des Jeux, déi sech mat hirem Spilldësch an de Publikum setzen, an um Owend dem DJ David, gëtt dem Evenement ee super Start gebueden.

Um Donneschdeg treffen d’Museker vu La Guinche mat hirem Retro-Caravan am gemittleche Groussmamme-Stil op der Europaplaz an. Wann dës Museker hir Instrumenter an de Grapp huele geet et op eng Zäitrees an d’Ära vum Bal Musette an dem Swing Manouche. Um selwechten Dag dréien och d’Spillleeder vum Salon des Jeux mat hirem portabele Casino nees hir Ronnen.

Um Freideg ass et schliisslech um A-Chapella-Chouer Les Garçons s’il vous plait, fir een Optrëtt ze woen. Op enger Tafel stinn d’Lidder, déi d’Visiteure bei de sangende Serveure bestelle kënnen. Den DJ vum Solar Sound System setzt wärenddeem bei sengem Set ganz op Sonnenenergie an d’Ausdauer vun de Besicher, déi fir d’Stroumversuergung an d’Pedallen triede mussen.

Zum Ofschloss gëtt et wärend dem Lëtzebuerger Owend uerdentlech eng op d’Ouer mat de Folkrocker vu Schëppe Siwen an hirem wëlle Mix aus Punk, Ska, Jazz a Folklore, sou wéi dem exzentreschen Organist Mambo Schinki, deen d’Hits vun de leschte Joerzéngte ganz nei interpretéiert.

Weider Informatiounen

Um Foodtruck Concours huelen deel: Wan Thai Food (Belsch), Saudade (Lëtzebuerg), Feel Food (Belsch), BammmBQ (Däitschland), LëtzeBurger (Lëtzebuerg), The Truck (Lëtzebuerg), Viva la Mexico (Holland), Pofferdory (Holland) an d’Gewënner vum leschte Joer Nina Nina (Belsch). Birrabus aus Italien huelen net um Concours deel.

Weider Detailer an de genaue Programm mat den Auerzäite ginn et op www.yumm.lu.

Ähnlech Sujeten Europaplaz, Foodtruck, Gastronomie, Iessen, Kulinarik, Yumm Festival Kirchberg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel