Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Astronaute-Besuch: Lëtzebuerg empfängt de Buzz Aldrin!
Neiegkeeten

Astronaute-Besuch: Lëtzebuerg empfängt de Buzz Aldrin!

Den amerikaneschen Dag vun der Onofhängegkeet, dee gëschter stattfonnt huet, huet

What the Fakt – de (Sonnen)Opgank vun den Impressionisten
Neiegkeeten

What the Fakt – de (Sonnen)Opgank vun den Impressionisten

Zu Paräis am Atelier vum Fotograf Nadar stellen drësseg Molen

Journalismus ass ee geféierleche Job
Neiegkeeten

Journalismus ass ee geféierleche Job

Journaliste liewe geféierlech. An och wann 2019 d‘Zuel vun den

Dem Yves Cruchten säi Versuch de Budget gutt ze presentéieren

Dem Yves Cruchten säi Versuch de Budget gutt ze presentéieren

Et léisst sech net bestreiden, datt et aus strikt wirtschaftlecher Siicht a bezunn op déi puer Prozent am Land déi sech bis zu 90% vum Räichtum ënnert den Nol gerappt hunn, Lëtzebuerg eng éischter beneidenswäert Positioun an der EU ageholl huet. Mee net alles ass roseg…

No ville Sëtzunge vun der Finanzkommissioun an nach méi bilaterale Gespréicher huet de Budget-Rapporter Yves Cruchten (LSAP) gëschter um Krautmaart de Staatsbudget 2020 virgestallt. Mat den Zuele war de Rapporter séier fäerdeg, dofir huet hie sech op seng perséinlech „Remarke“ konzentréiert, déi sech zum gréissten deel op de „Bruttoinlandprodukt vum Wuelbefannen“ bezunn huet. Et géif sech nu emol net alles op dat rengt wirtschaftlecht reduzéiere loossen, heescht et do.

An de Sozialist huet nawell och iwwerrascht. Dat well hien et begréisst huet, datt den CSV-Deputéierte Serge Wilmes en Debat zum „Wuelbefanne“ gefuerdert hat an och well den CSV-Deputéierte Paul Galles, déi reell „Aarmut-Situatioun“ zu Lëtzebuerg wëll op de Leescht huelen.

Et ass dann och tatsächlech esou, datt wann ee sech op d‘Rapporte vun der Caritas oder dem Roude Kräiz bezitt, datt sech d‘Situatioun zu Lëtzebuerg zouspëtzt. D‘Zuel vun de sougenannten „Hëllefsbedierftegen“ ass vu ronn 4.200 Persounen am Joer 2014 op iwwer 10.000 am Joer 2018 geklommen ass. Den Yves Cruchten huet dann och den Asaz vun dësen Organisatioune begréisst an huet och der Regierung en puer Empfeelunge mat op de Wee ginn, déi d‘Chamber am A behale soll.

Zu dëse „Recommandatioune“ gehéiert d‘Fuerderung, dës konventionéiert Institutioune mat bessere Finanzmëttel auszestafféieren. Si hätten déi noutwenneg Flexibilitéit sech de vitale Besoine vun de Mënschen ouni Daach iwwert dem Kapp unzehuelen. Mat méi Geld, wier et hinne méiglech déi „Fräiwëlleg“ besser ze forméieren, fir de schwieregen Ëmstänn um Terrain begéinen ze kënnen.

Hien huet zudeem drun erënnert, datt am Koalitiounsaccord festgehale gouf, d‘Indexéierung vun de Familljenzoulagen (ouni Rattrapage) nees anzeféieren. Aus sengem Rapport geet däitlech ervir, dat dës Sozialleeschtungen zu Gonschte vun de Familljen zur existenzieller Grondlag gi sinn, grad oder besonnesch fir elengerzéiend Elteren. Datt et eigentlech eng Blamage ass, datt et an esou engem Land wéi eisem, ëmmer méi Leit gëtt déi op „Hëllef“ ugewise sinn, geet net aus dem Bericht ervir.

Eis „Aarm“ hunn et besser…

Interessant de Constat vum LSAP-Budgetsrapporter, datt sech eist Land mat engem geréngen Taux u materiellem Entzuch ervirdeet, zumindest am direkte Verglach mat den aneren EU-Länner. 2004 huet dësen Taux bei 0,8% geleeën, woubäi drop hinzeweisen ass, datt d‘Majoritéit vun de Betraffenen net emol an engem Menage ass, wou d‘Persounen ouni Aarbecht oder Akommes sinn.

Ee vun den zentrale Problemer – déi esoulaang net an de Grëff ze kréie sinn, wéi d‘Politik d‘Kris vum Logement net an de Grëff kritt – deen d‘Leit zu Lëtzebuerg hunn: de gréissten Deel vun der Pai muss an de Loyer gestach ginn. Dëse Fakt féiert derzou datt d‘Zuel vun de „Working Poor“ zu Lëtzebuerg sech am selwechte Mooss entwéckelt wéi d‘Präisser um Wunnengsmaart. An dat huet ganz vill domatter ze dinn, datt eis Legislatioun de Spekulanten op d‘Mooss zougeschnidde gouf.

Den Yves Cruchten erwaart sech vun der Koalitioun datt se spezielle Steier-Regime (FIS) elo zolidd reforméiert gëtt an och d‘Grondsteier op en neit Fundament muss gestallt ginn. Heibäi soll awer uecht gedoe ginn, tëscht dem „klenge Proprietär“ an dem „Groussgrondbesëtzer“ ze ënnerscheeden.

Hei soll jo och de „Spezielle Fonds zur Ënnerstëtzung vun der Entwécklung vum Logement“ nach entsoen. Dëse misst dann och mat den – sengen Ufuerderungen entspriechend – noutwennege Moyenen ausstafféiert ginn, fir eng Extensioun vum ëffentlechen Immobiliepark wierklech hinzekréien. Dat wier zudeem déi eenzeg realistesch Approche zur Garantie, datt jiddereen och Zougang zu engem Logement kritt, besonnesch fir Leit déi de „Maartpräis“ net bezuele kënnen.

Haut de Mueren ass et dann der Oppositioun ginn, sech zu den Äusserunge vum Rapporter ze positionnéieren. Dat dierft zimlech Spannend ginn, besonnesch wou den Ament d‘Regierung méi mat senge klenge Skandaler a Geheimniskréimerei beschäftegt ass. E Freideg dierf dann de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) op de Rapport an de Kregéiler hir Remarken äntweren.

Foto: Frantisek Krecj / Pixabay

Ähnlech Sujeten Aarmut, Budget, Budgetsrapporter, Logement, LSAP, Spekulatioun, Wuelbefannen, Yves Cruchten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel