Search

You may also like

D’Danica Roem gewënnt als éischt Transgender-Kandidatin d’Walen a Virginia
International Neiegkeeten

D’Danica Roem gewënnt als éischt Transgender-Kandidatin d’Walen a Virginia

D‘Danica Roem, fir d‘Demokraten am Staat Virginia als Kandidatin an

Iwwerrascht bis iwwerwältegt an awer gutt virbereet
International Neiegkeeten

Iwwerrascht bis iwwerwältegt an awer gutt virbereet

D‘Nofolgerin vum André Roeltgen un der Spëtzt vum OGBL, Nora

CGDIS: Feier an 3 Garagen zu Zowaasch
International Neiegkeeten

CGDIS: Feier an 3 Garagen zu Zowaasch

Wéi de CGDIS matdeelt hunn um fréie Moien 3 Garagen

Zäit Äddi ze soen…

EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker: „Europa ass d‘Léift vu mengem Liewen“

Zäit Äddi ze soen…

Et kann een et ëmmer besser maachen, mee dem Lëtzebuerger säi Bilan, op Erfolleg oder Néierlag, ass laang net esou schlecht wéi gären duergestallt gëtt. Gëschter huet dëse grousse Politiker der EU „Äddi“ gesot. Haut iwwergëtt hie säi Mandat dem Ursula von der Leyen, der éischter Fra un der Spëtzt vun der europäescher Unioun.

Um Portal vun „Politico“ gënnt sech de Jott-zé-Jott – wéi hie vum leider agestallte Feierkrop gäre genannt gouf – eng Kolumne a stellt fest: „Et ass kee Geheimnis, datt Europa déi grouss Léift vu mengem Liewen ass an ëmmer bleiwe wäert. (…) Déi lescht fënnef Joer ware kee Picknick. Et huet schwiereg Momenter ginn, déi mir am Gediechtnes bliwwe sinn an et gouf schéin Erënnerungen u ganz besonnesch Momenter“.

Vu schlechten a gudden Zäiten…

Zu de schwieregen Zäite gehéiert d‘Griicheland-Kris, déi EU-kritesch Referenden an Holland an natierlech de Brexit. Wann de Jean-Claude Juncker da mengt: „An de leschte Joren hunn ech mech oft als Familljentherapeut gesinn, dee säi méiglechst gemaach huet fir jiddereen zefriddenzestellen an am Boot ze behalen“, trëfft hien – wéi esou oft a sengem Liewen – den Nol matten op de Kapp.

Dat hien elo d‘EU virun de Brite verléisst, dat ass schonn esou eppes wéi en Trappewitz vun der Geschicht, och wann et hien elo net wierklech onglécklech mécht. Schliisslech gëtt et jo och nach déi flott Momenter, déi wou Loscht op Zukunft maachen. Zu den Héichpunkten zielt de fréiere Lëtzebuerger Premier an ausscheedenden EU-Kommissiounspresident beispillsweis d‘Paräisser Klimaofkommes (2015), de 60. Gebuertsdag vun der Unioun zu Roum (2017) an d‘Ofschafe vun de Roaming-Gebühren (2017).

„Haarden Hond“

Wéi den drolege Milliardär vun där aner Säit vum grousse Pull den Jean-Claude Juncker als „tough cookie“ (wat bei de schéissfreedegen Amerikaner esouvill bedeit wéi „haarden Hond“) an dunn och nach als „brutal killer“ bezeechent huet, war dat fir de Lëtzebuerger direkt ee Kompliment. Hie konnt eben och nach senge Géigner eppes ofgewannen.

Un d‘Adress vum franséische President Emmanuel Macron, och eng kleng „Pick“. Deen hat jo kierzlech d‘NATO als Gehirdoud bezeechent, firwat de Jean-Claude Juncker gemengt huet: „Europa muss eng staark Sail vun der NATO bleiwen, déi net Gehirdoud ass, vläicht eppes agenäipt mee liicht erwächt ka ginn“.

„Këmmert iech ëm Europa!“

18 Joer Premierminister vu Lëtzebuerg, 8 Joer Chef vun Eurogrupp a 5 Joer un der Spëtzt vun der EU-Kommissioun: de Mann deen den Helmut Kohl als säi Frënd bezeechent huet an och de Jacques Chirac gutt kannt huet, huet gëschter zu Stroossbuerg den Deputéierte Äddi gesot. Hie war deen éischten EU-Kommissiounspresident dee bei enger EU-Wahl als Spëtzekandidat ugetruede war.

Hie bedauert datt d‘Wiedervereinegung vun Zypern net gelongen ass an et zudeem och keen neit Kaderofkommes mat de Schwäizer gëtt. Hien huet vun der Flüchtlingskris geschwat a Kritik un wuessender Ofschottungswut vu verschiddene Memberlänner zum Ausdrock bruecht. Datt fir vill Deputéiert déi national Politik méi wichteg wéi Europa ass, dofir huet hie kee Versteesdemech.

Äddi

Sproochlech fält op, datt de Jean-Claude Juncker ëmmer nees vum franséischen an dat däitscht iwwergaangen ass. Englesch – ofgesi vun e puer Wierder – benotzt hien net. De Brexit ass fir hie längst eng Tatsaach, och wann dëst Wuert net ausgeschwat gouf.

Der Assemblée huet de Jott-zé-Jott nach an Erënnerung geruff: „Fridden ass net selbstverständlech“ a während hien dat gesot huet, gëtt et net manner wéi 60 bewaffent Konflikter op der Welt. D‘EU ass dovunner bis ewell „verschount“ bliwwen, mee de Réckfall an de Nationalismus kann d‘Kaarten nei mëschen. Leider waren déi, un déi dës Wierder geriicht waren net do oder hunn net nogelauschtert. Fir all déi aner just ee Saz: „Këmmert iech ëm Europa“.

Foto: © EU-Kommissioun

Related topics EU-Kommissiounspresident, Europa, Jean-Claude Juncker, Ursula von der Leyen
Next post Previous post