Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Kee Mëttegiessen ënner Frënn
Neiegkeeten

Kee Mëttegiessen ënner Frënn

Wat e Gedauschs, wat en Opgeféiers… Mee wéi sech et

Déi grouss europäesch Erausfuerderungen
Neiegkeeten

Déi grouss europäesch Erausfuerderungen

Während den Ament déi politesch Acteuren domadder beschäftegt sinn sech

De Lëtzebuerg City Museum huet seng Dieren opgemaach
Neiegkeeten

De Lëtzebuerg City Museum huet seng Dieren opgemaach

Mat der Dauerausstellung „The Luxembourg Story“ ass den fréieren Geschichtsmusée

Zäit sech en Iwwerbléck ze verschafen

Vun deem wat am Enseignement leeft, vu geliefter Solidaritéit, wéi de Groussherzog dat ganzt gesäit a wat ze maachen ass wann de engem de Kapp „schwéier“ gëtt

Zäit sech en Iwwerbléck ze verschafen

Ob eleng, zou zweet oder mat Kanner, de Coronavirus Covid19, vun deem mir am Januar erkläert hunn, datt et kee Witz ass – firwat mir zimmlech „ausgelaacht“ goufen an der „Panikmache“ bezichtegt goufen – huet eist Liewe gehéierlech op d‘Kopp gestallt. Dat bescht wat mir maache kënnen, ass sech doheem anzemummelen an ofzewaarden, bis ewell klappt dat jo ganz gutt.

Wéi awer geet et elo weider? Ma zanter gëschter ass gewosst, datt mir eis Krapperten net virum 4. Mee an d‘Schoul schécke kënnen. Esou zumindest en ausféierleche Communiqué deen eis gëschter vum Educatiounsministère zougeschéckt ginn ass. Geséchert ass dësen Termäin allerdéngs net, firwat een dësen Datum mat der entspriechender Virsiicht genéisse sollt.

Offiziell heescht et: „An de kommende Wochen, bleiwen an eis Ustrengunge mobiliséiert, fir de Schüler hir Coursen ze assuréieren an hinnen esou ze erméiglechen hir Etüde weiderzeféieren“. Wat et mat den Examen op sech huet a wat et soss nach zum Bildungsberäich ze soe gëtt, dat seet eis den Educatiounsminister Claude Meisch de Mëtteg an enger Videokonferenz.

Lëtzebuerg hëlleft

Wéi mir wëssen, ass d‘Lag bei eise franséischen Noperen eppes ugespaant, dat besonnesch an der Regioun „Grand Est“ wou d‘Spidoler säit geraumer Zäit massiv iwwerlaascht sinn. Lëtzebuerg ass solidaresch, an de Premierminister huet der Stad Diddenuewen säin Accord ginn, fir Patienten am Kader vun eise Méiglechkeeten opzehuelen, déi Intensiv-Hëllef benéidegen, an dat ass gutt esou.

De CGDIS huet sech mat Héichdrock drëms gekëmmert, dësen „Transfert“ professionell an no alle Reegele vun der Konscht mat eisen Noperen ze koordinéieren. D‘Patienten déi vum CGDIS esou iwwerholl goufen, sinn op zwee Spidoler am Land opgedeelt ginn. Am Asaz waren zwou CGDIS-Ambulanzen, wouvunner eng speziell fir Patienten a Reanimatioun ausgerëscht ass.

Eng Ekipp vum CGDIS-SAMU, zu där en Dokter „Anästhesist-Reanimateur“ gehéiert, huet esou mat den Ambulanzen zwou Rotatiounen duerchgefouert. Déi véier Patienten si gutt ukomm, elo wier et schéi wann déi nees géife gesond ginn. Et ass och net déi éischt Operatioun. Déi lescht Woch hat Lëtzebuerg (CHEM an CHL) scho siwe Patiente vu Mulhouse iwwerholl.

Den Haff huet d‘Hänn net an de Schouss geluecht

Wien sech freet wat eis Monarchie an dësen trageschen Zäiten esou dréift, deem ka gesot ginn, dat entgéint ville domme Kommentaren, de Groussherzog Henri an d‘Groussherzogin Maria Teresa sech och op hirem Niveau ganz konkret abréngen. A wann si de Motto „Bleift Doheem!“ ganz eescht huelen – och wann et richteg ass de Standard net eisen ass – esou sinn si ganz present.

De Groussherzog steet am stännege Kontakt mat allen engagéierte Kräften, dat vum Fleegepersonal iwwert den CGDIS/Zivilschutz bis hinn zu allen Acteuren, ëffentlech wéi privat, déi sech déi schwéier Laascht opgelueden hunn, alles ze leeschten, fir datt esouwuel d‘Sécherheet an d‘Soinen, wéi och d‘Verfleegung vun der Bevëlkerung assuréiert ass. Och dat ass ee wichtege Beitrag…

Eis Groussherzogin steet hirersäits an enkem Kontakt mat all den Associatiounen, déi sech massiv an onermiddlech fir d‘Wuel vun deenen asetzen, déi et „net esou liicht“ hunn. Besonnesch esou Acteure wéi d‘Rout Kräiz an d‘ANIL, mee och d‘Fondatioun „Oppen Dier“ an d‘Stëmm vun der Strooss, kënnen sech op d‘Ënnerstëtzung vun der Groussherzogin verloossen. Dofir Merci!

Iert iech de Plafong op de Kapp fält: Rufft un!

Dat engem an esou ongewëssen Zäiten, wou engem d‘Zukunft bedreelech vir kënnt, vill Suergen duerch de Kapp ginn, ass verständlech mee iergendwéi och normal. Dofir ass et ëm esou méi wichteg, datt mir alleguerten net nëmmen op eis, mee och op eis Matmënschen uecht dinn. Dat ass gewëss ënnert der Konditioun „Ofstand“ ze halen, méi liicht gesot wéi gemaach…

Aus dësem Grond wëlle mir nach emol en Appell lancéieren, an eis Lieser motivéieren, en A op déi ze halen, déi ufänken „Trübsal ze blosen“, well datt si Virzeechen datt et anzwousch zolidd klemmt. Iwwert d‘Hotline 8002-8080, déi zanter Ufank Mäerz aktivéiert ass, kann ee siwen Deeg op siwen, vu mueres 7 bis nuets 23 Auer de „Soutien Psychologique Multilingue“ erreechen.

Hei si Spezialisten am Asaz, also Mënschen déi eng entspriechend Qualifikatioun hunn, déi fir all Mënsch do sinn, dee mengt him géif all Ament de Plafong op de Kapp falen. Dofir, wann dir de Besoin hutt mat engem Mënsch iwwer Suergen oder Soss Problemer ze schwätzen, maacht dach wann ech gelift gebrauch vun dëser Nummer. A wien ee kennt dee se bräicht, soll se weiderginn.

Illustratioun: © Amun ra / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Enseignement, Monarchie, Psychologesch Hëllef, Sanitär Kris, Solidaritéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel