Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Plainte géint zwee Agente vun der CNS wéinst Verontreiung
dating sites look up

Eng Plainte géint zwee Agente vun der CNS wéinst Verontreiung

Déi national Gesondheetskeess (CNS) huet lescht Woch misse feststellen, datt

uk singles dating site
dating sites look up

what should you put on a dating site profile

Dëse Samschdeg, de 15. Juni 2019, luet Sport 4 All

Washington wëll en neit Atomwaffenarsenal
dating sites look up

Washington wëll en neit Atomwaffenarsenal

Well den Donald Trump d‘Atomwaffenarsenal vun den USA konsequent erneiere

Héich aktuell an Zäitgenëssesch: „Pop Up Art“

Héich aktuell an Zäitgenëssesch: „Pop Up Art“

Am Espace H20 zu Déifferdeng, war um Donneschdeg de Vernissage vun enger sécherlech „ganz kuerzer“ Ausstellung, déi dann awer absolut den Ëmwee wäert ass. Orchestréiert vun „Artichoc Worldwide“ hunn ausgewielten „Urban Art“ Kënschtler am ale Waasserspäicher hir Wierker ausgestallt.

ZäitgenësseschEt ass eventuell net „eenzegaarteg“ an awer iergendwéi eemoleg wat de konschtinteresséierte Mënsch hei gebuede kritt. Kënschtler aus dem In- an Ausland bidden hei dann och wuel nëmmen en Abléck an déi als „Urban Art“ kategoriséiert Konscht. Eng Konschtform déi dann awer facettëräich a gutt iwwerluecht ass. Kreatioun mat enger Message, déi deels subliméiert direkt erkenntlech an partiell ganz „niewebäi“ d‘A vum Betruechter op sech zitt.

ZäitgenësseschKuerz gesot, wann een et net gesinn huet, da just well een dat net wollt gesinn. Gutt déi Ausso ass iwwerdriwwen, mee soll u sech just verdäitlechen, datt all déi ausgestallte Wierker vu grousser Qualitéit sinn an, fir dee wou nach e „Rescht“ an der Spuerbéchs huet an en Investissement an déi eegen Zukunft wëll maachen, hei säi Gléck ka fannen.

ZäitgenësseschJonk a renomméiert Kënschtler aus aacht Natiounen, déi ee sech roueg sollt mierken. Esou d‘Maité Seimetz (22) Architekturstudentin vu London. Mee och eist Chiara Dahlem (Finalistin vum CAL-Concours) dat sech grad esou krass op Toile kann ausdrécken, wéi och op Maueren. A wann een da schonn dräi Lëtzebuerger Kënschtler aluede kann, ass ganz flott och de Raphael Gindt derbäi ze hunn.

ZäitgenësseschAllen dräi waren se selbstverständlech beim Vernissage präsent an hunn sech de Froe vun den Invitée gestallt. „Street Art“ a „Graffiti“ op eng aner, innovativ Aart a Weis an eng Galerie ze bréngen, dat dierf een dann och net, nee dat muss ee sech einfach trauen. Net well et gewot wier, mee virun allem well et e Spigelbild vun der Gesellschaft ass, fir dat sech eng ëmmer gréisser Zeen interesséiert. An et ass Konscht mat där ee sech och direkt kann identifizéieren.

ZäitgenësseschVill Forme vu Konscht hunn dann och, dat ass gewosst, hir Derivater. „Artichoc Worldwide“ huet dat gutt a richteg erkannt. Dat erkläert, fir all déi deene mer Loscht gemaach sech op der Plaz en eegent Bild ze maachen, firwat och „Alldagsgéigestänn“ ze gesi gëtt. An enker Zesummenaarbecht mat enger Poscheschneiderei vu Köln sinn esou Kreatiounen entstanen, déi de groen Alldag faarweg maachen.

ZäitgenësseschA well Konscht sech och als Support fir de gudden Zweck wonnerbar eegent, ass dann och nach en Original vum belsche Kënschtler „Joachim“ (Guts & Soda) versteet ginn. Hei geet den Erléis un déi spuenesch Associatioun „Scooby“ zu Valladoid. Eng Déiereschutzorganisatioun déi op Spenden ugewisen ass, ass keng staatlech Hëllef kritt. E Gebuet kann een dann och bis ee Samschdegowend ofginn.

ZäitgenësseschDe Pop Up Art Event vun Artichoc Worldwide ass nach bis ee Samschdeg 11. November um 20 Auer am Espace H20, rue Rattem, zu L-4658 Déifferdeng ze gesinn. Gewise gëtt: Street Art – Neo Expressionissem – Graffiti – Outsider Art – Fashion Must Haves – Handfcrafted Design, vun europäeschen a amerikanesche Kënschtler. Fir ee besseren Zougang, ass ee Shuttle-Service vum Parking beim Kierfecht (rue Duchscher, L-4539 Déifferdeng) ageriicht ginn.

ZäitgenësseschFotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Artichoc Worldwidem, Chiara Dahlem, Espace H2O, Maité Seimetz, Raphael Gindt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel