Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Editorial: Joe Kaeser iwwerhëlt no Rekordjoer Verantwortung
sherbrooke dating

dating sites czech republic

De Joe Kaeser, CEO vu Siemens, ass dat wouvunner all

16 year old dating
sherbrooke dating

online dating scams stories

Réimech nennt sech gären d’Pärel vun der Musel. An déi

European Hillrace 2019: D’Gewënner vun der Biergcourse
sherbrooke dating

European Hillrace 2019: D’Gewënner vun der Biergcourse

Fir d’Visiteure war den European Hillrace 2019 nees een rasant

D‘Salariatskummer iwwert zäitlech begrenzt Aarbechtsverträg veriergert

D‘Salariatskummer iwwert zäitlech begrenzt Aarbechtsverträg veriergert

Nujee, veriergert trëfft et net ganz, zumindest wann een dem President vun der Salariatskummer, Jean-Claude Reding, gëschter an d‘Gesiicht gekuckt huet. De Grond dofir läit op der Hand: no der Finanzkris, déi eis 2008 an ongemittlech Gewässer gefouert huet, war en dem Salariat operluecht ginn, d‘Kar aus dem Dreck ze zéien. Déi wou et verursaacht haten, si mat Primme belount ginn.

Dës net einfach Situatioun huet Lëtzebuerg iwwerwonnen. Esou zumindest geet aus enger vun der Salariatskummer gefuert Etüd. Fir de Jean-Claude Reding gëtt dann elo och héich Zäit, datt een nees zu méi sozialer Gerechtegkeet fënnt. Am allgemenge huet sech d‘Konjunktur gutt erholl, och wann et nach Secteure gëtt, déi dëser „nolafen“. Laut de leschte Rapporte vun der Salariatskummer, déi gëschter virgestallt goufen, hätt eis Wirtschaft, nees de Niveau vu virun der Kris erreecht.

Hei notéiert de Jean-Claude Reding dann och, datt et e Paradox tëscht der Produktivitéit an dem reelle Wuesstem gëtt. Dat wier dem Fakt geschëlt, datt d‘Produktivitéit sech un der Masse vun hiergestallte Wuere bemoosse léisst. Am Fall vu Lëtzebuerg, engem Land dat ëmmer méi op enger Déngschtleeschtungswirtschaft berout, ass dës Produktivitéit vill méi komplizéiert ze bemoossen.

Woubäi de President vun der Salariatskummer ze bedenke gëtt, datt hei an der Groussregioun am allgemengen d‘Produktivitéit nach ëmmer op engem héijen Niveau ass. Hien erënnert zudeem drun, datt Lëtzebuerg mat Ofstand dat europäescht Land ass, dat am Kontext vun Aarbechtsplaze schafen, de gréisste Wuesstem ze verzeechnen huet: +60% am Zäitraum 2000/2016. An de 15 Länner déi der EU tëscht 1995 an 2004 ugehéiert hunn, läit d‘Progressioun bei grad emol 11%.

Eppes Respekt an e Merci wieren ubruecht

A wann ee sech zesummen iwwert eng gesond Konjunktur freeë kann, da sollt et och dem Patronat an anere Wirtschaftsacteuren an de Sënn kommen, iwwer méi sozial Gerechtegkeet a Respekt virun der Ëmwelt nozedenken. Aus dësem Grond freet sech de Jean-Claude Reding dann och, firwat et ëmmer muss méi Wuesstem a Produktivitéit ginn. Denkt nach een iwwert d‘Konsequenzen no?

Richteg dann d‘Feststellung, datt ongebremsten a oniwwerluechte Wuesstem eben net nëmmen en däitleche Risk fir déi sozial Gerechtegkeet duerstellt, mee och eis Ëmwelt bedreet. De President vun der Salariatskummer fuerdert en Debat iwwer Alternativen, aner Wirtschaftsmodeller. Esou gesinn huet déi nächst Regierung en Optrag, deem si kéint gerecht ginn. Déi wirtschaftlech Mëttel wieren do fir eng gutt Politik ze maachen, déi misst allerdéngs de Mënsch an de Mëttelpunkt stellen.

Kuckt e sech dann awer de Rapport vun der Salariatskummer un, hëlt ee sech hei de Kapitel vir, dee sech mat zäitlech begrenzten Aarbechtsverträg befaasst, esou muss ee sech un de Kapp faassen. Et rullt an et gëtt kaum e Betrib oder eng Entreprise déi net op der Sich no Personal wier. Betriber an Entreprisen, déi et dann awer virzéien, dem Salarié en zäitlech begrenzten Aarbechtsvertrag ze ginn.

Eng Praxis déi vum der Salariatskummer denoncéiert gëtt. Et géifen ëmmer méi dëser Verträg mat de Leit ofgeschloss, ouni datt et e gerechtfäerdegte Besoin dofir géif ginn. Wann ee bedenkt, datt Lëtzebuerg an der Zäit kaum (wann iwwerhaapt) op esou Verträg gesat huet, dann ass et mam Respekt géintiwwer dem Salariat net méi wäit hir. De Jean-Claude Reding bemierkt: „säit 2003 huet d‘Zuel vun de prekären Aarbechtsverträg ëm 190% zougeholl, dat muss engem ze denke ginn“.

Gutt, d‘Salariatskummer bestätegt an hirem Rapport, datt den onbegrenzten Aarbechtsvertrag nach ëmmer deen am meeschte genotzten Aarbechtsvertrag zu Lëtzebuerg ass. Mee Zuel vun den zäitlech begrenzten Aarbechtsverträg hëlt rapid zou, dat méi séier wei an aneren EU-Länner. Lëtzebuerg tendéiert zur EU-Moyenne, an dat hält de Jean-Claude Reding fir ee schlecht Signal.

Haut bezitt ee sech op d‘Aarbechtskraaft, net den Aarbechte

An der Salariatskummer ass een besuergt, wat besonnesch un der Argumentatioun ze leie schéngt. Esou gëtt den zäitlech begrenzten Aarbechtsvertrag ee mol als „Sprangbriet“ fir eng fest Plaz duergestallt, déi aner Kéier geet deen als Flexibilitéitsvecteur presentéiert. Et si Verträg mat enger kuerzer Lafdauer – an 51% vun de Fäll läit déi tëscht engem a sechs Méint – déi dem Salarié weder Sécherheet nach Stabilitéit bidden. Esou Verträg leeden direkt an d‘Precaritéit.

Eng Precaritéit déi de Gesellschaftssystem a Fro stellt, an net nëmmen dat. Et féiert beispillsweis dozou, datt d‘Fluktuatioun bei der ADEM zouhëlt, an esou déi tatsächlech Zuel vun de Chômeuren net korrekt iwwert e bestëmmten Zäitraum ermëttelt ka ginn. D‘Patronat laacht sech an d‘Täsch, well dës Verträg reduzéieren déi potentiell Personalkäschten, zu laaschte vun der Allgemengheet.

D‘Salariatskummer weist drop hin, datt am Kontext vun enger Digitaliséierung an der sougenannter „Plattform-Wirtschaft“ ëmmer méi prekär Aarbechtsverhältnisser entstinn. Dofir gëtt elo gefuerdert, datt hei reguléiert muss ginn. Et sinn dann och an éischter Linn déi Jonk, déi heivunner betraff sinn. An de Jean-Claude Reding ass net gewëllt zouzeloossen, datt déi zukünfteg Generatiounen hiert Liewen op Ongewëssheet opbauen. Déi nächst Regierung géif gutt drun doen, dat ze behäerzegen.

Ähnlech Sujeten Aarbechtsverträg, CSL, Jean-Claude Reding, Produktivitéit, Salariatskummer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel