Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iwwer 200.000 Euro fir d‘Kriibsfuerschung am LIH
International Neiegkeeten

Iwwer 200.000 Euro fir d‘Kriibsfuerschung am LIH

Am Kader vun der Fuerschungsfërderung hunn d‘Lucienne Thommes (Direktesch) an

surprise
Editorial: Tëscht Fake News a fräier Berichterstattung
International Neiegkeeten

Editorial: Tëscht Fake News a fräier Berichterstattung

Mat der Desinformatioun – oder „Fake News“ – an de

Hand an Hand fir Afrika: Net vill schwätzen, einfach maachen
International Neiegkeeten

Hand an Hand fir Afrika: Net vill schwätzen, einfach maachen

Se ass kleng d‘Asbl Hand an Hand fir Afrika, mee

Berlin huet net d‘Absicht Zaldoten a Syrien ze stationéieren

Berlin huet net d‘Absicht Zaldoten a Syrien ze stationéieren

E Sonndeg huet den US-Sonnerbeoptraagte fir Syrien, James Jeffrey, Däitschland duerch d‘Blumm opgefuerdert, Buedemtruppen, Ausbilder an technesch Hëllef zur Verfügung ze stellen. Si sollten d‘USA entlaaschten a eng Partie Truppendeeler ofléisen. Déi vun der Friddensdauf gekëssten CDU-Cheffin, Annegret Kramp-Karrenbauer, wier bereet doriwwer ze diskutéieren…

Zum Gléck ass et dëser chrëschtlechsozialer Damm net vergënnt esou Entscheedungen ze huelen, an och parteiintern kritt si do net wierklech de Réck gestäipt. Esou huet d‘Bundesregierung – déi den Ament och domadder beschäftegt ass d‘Koalitioun iergendwéi ze retten – den Asaz vu Truppen a Syrien, frëndlech awer bestëmmt, zréckgewisen. Et schéngt een awer kompromëssbereet.

Laut dem Regierungsspriecher Steffen Seibert, géif op Regierungsniveau doriwwer nogeduecht, déi bis ewell ergraffe Moossnamen och nom Enn vum Bundestagsmandat weiderlafen ze loossen. Mee Buedemtruppe géif Berlin keng asetzen. Et wier ee sech bewosst, datt den islamesche Staat (IS) nach ëmmer eng ganz reell Gefor duerstellt, an et bannent der Koalitioun muss Gespréicher ginn.

D‘Bundeswehr, déi elo iwwer dräi Joer an der Regioun am Asaz ass – dat allerdéngs wéinst engem Beschloss net mat Buedemtruppen – huet eigentlech scho säit Oktober 2018 kee Mandat méi, mee den Asaz vun den Tornado-Opklärungsfliger an den Airbus-Tankfliger, géif een och weiderhi gären zur Verfügung stellen. Iwwert méi „Finanzhëllef“ wieren se zu Berlin och verhandlungsbereet.

Eigentlech en europäesche Problem

Net ze vergiessen, datt nieft dem Asaz vu de Fliger (déi a Jordanien stationéiert sinn) däitsch Zaldoten am Irak agesat ginn, wou si déi irakesch Regierungstruppen ausbilden. D‘Annegret Kramp-Karrenbauer dozou am ZDF-Summerinterview: „Et muss driwwer diskutéiert ginn, ob déi géigewäerteg Ustrengungen a Leeschtunge vum Mandat der Missioun ëmfänglech gerecht ginn“.

Zum Asaz vu Buedemtruppe seet d‘CDU-Cheffin: „Dat wier fir eis ee grousse Schratt. Mee och an Däitschland mussen d‘Leit sech bewosst ginn, datt et bei engem Asaz vu Buedemtruppen a Syrien, och ëm eis eege Sécherheet an Däitschland geet, an net nëmmen ëm dat wat d‘USA wëllen“. Hei hätt si e Punkt kënne landen, wa si „Däitschland“ duerch „Europa“ ersat hätt, mee gutt dann…

Europa ass awer zweetrangeg, ausser et geet drëms den EU-Kommissiounspresident ze stellen, an et ass gutt datt d‘Annegret Kramp-Karrenbauer op en Neits ënnersträicht wat de Politiker wierklech wichteg ass. De Projet Europa ass et jo emol net… Zudeem ass do och nach d‘SPD. Politesch nach just e Witz, awer nach an der Regierung, ass en Asaz vun däitschen Zaldoten a Syrien ausgeschloss.

mat indymedia/ber

Foto: Däitschland huet der Anti-IS-Koalitioun Opklärungsfliger (déi wuel nëmmen am Dag fléie kënnen) an en Tankfliger fir Missiounen iwwer Syrien zur Verfügung gestallt. Datt elo däitsch Zaldoten amerikanesch Zaldote sollen ofléisen, a sech méiglecherweis Krichshandlunge mat islamesche Milize géif ausgesat gesinn, ass mat der Koalitiounsregierung net ze maachen. MEO/Pixabay

Ähnlech Sujeten Annegret Kramp-Karrenbauer, Bundeswehr, islamesche Staat, James Jeffrey, Syrien, Thorsten Schäfer-Gümpel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel