Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gutt gefëllten Dagesuerdnung fir de Jean Asselborn beim EU-Ausseministerrot
Neiegkeeten

Gutt gefëllten Dagesuerdnung fir de Jean Asselborn beim EU-Ausseministerrot

Um Méindeg huet de lëtzebuergeschen Ausseminister zu Bréissel um EU-Ausseministerrot

Chantier Knuedler: Eng Momentopnam
Neiegkeeten

Chantier Knuedler: Eng Momentopnam

Wann ee sech drop kann eenegen, datt Parkplazen am beschten

surprise
Eng „kuerz“ politesch Vakanz
Neiegkeeten

Eng „kuerz“ politesch Vakanz

Neijoerschdag ass nach net ganz verdaut, do heescht fir eis

Lëtzebuerg schéckt seng Zaldoten an de Mali

De grénge Stater wëll d‘Éislek mat der Lëtzebuerger Arméi an der afrikanescher Wüst verdeedegen

Lëtzebuerg schéckt seng Zaldoten an de Mali

Et klengt wéi ee schlechte Witz, mee d‘Fakte schwätzen eng kloer Sprooch: während zwee Joer gëtt déi Lëtzebuerger Arméi am Kader vun enger „internationaler Zesummenaarbecht“ am Mali agesat. Si soll hei afrikanesch Zaldoten ausbilden an d‘Kommunikatioun via Satellit sécheren.

Well alles anescht wéineg Zousproch géif kréien, schéckt de Krichsminister François Bausch seng Zaldoten net an ee Konflikt, mee selbstverständlech an eng Friddensmissioun. Et geet dobäi ëm déi „Trainingsmissioun vun der europäescher Unioun“ (EUTM Mali). An dësem Kontext waren dann och scho Vetrieder vun der Lëtzebuerger Arméi tëscht Juni 2018 an Abrëll 2019 agesat ginn.

Dobäi hat et sech ëm dräi Piloten an en Dokter gehandelt, déi am Kontext vu „MINUSMA“ agesat goufen. De Kontingent dee schonn an zwou Wochen op d‘Plaz geschéckt gëtt, gëtt och am Kader vun dëser Missioun agesat. Déi Lëtzebuerger Zaldote ginn dem däitsche Kommando ënnerstallt an zu Bamako wou den Etat-Major steet, agesat. Logistesch ginn si vun der belscher Arméi begleet.

Hei ass d‘Missioun: den Equipement fir d‘benotze vum Lëtzebuerger Militärsatellit GovSat1 (dee bis ewell vu kengem genotzt gouf an elo endlech soll Geld abréngen) installéieren, an dës Anlag bis zur leschter Patroun verdeedegen. De Satellit soll d‘Kommunikatioun tëscht de regionalen Zonen: Kidal, Mopti-Sevare, Tombuktu a Gao mam Etat-Major zu Bamako sécherstellen.

E groussherzoglecht Reglement

Lëtzebuerg huet elo net immens vill Zaldoten, firwat et heescht op déi puer déi et gëtt, gutt uecht ze doen. Am groussherzogleche Reglement, deen den Auslandsasaz bestëmmt, ass festgehalen, datt d‘Missioun vun den Zaldoten doranner besteet: 1) Kommunikatioun oprecht halen, 2) d‘Ekippen déi sech ëm sekundär Statioune këmmer sollen, forméieren a sech bereet halen ze intervenéieren.

Pro Rotatioun sinn et 10 Mann déi am Mali agesat ginn. Well et elo wéinst den Terroristen eppes ongemittlech ass, gëtt am Gesetzprojet festgehalen, datt eis Zaldote wäit vun der Front ewech stationéiert ginn an eigentlech net vun den heefegen Uschléi, déi et an der Regioun jo awer gëtt, sollte behellegt ginn. Kléngt scho bal wéi grouss Vakanz, ass et awer ganz entschidden net.

Interessant och déi zweet Missioun, un där sech eis Zaldoten dierfe bedeelegen. Am Kader vun der EUTM Mali solle Lëtzebuerger Zaldoten den malesche Regierungsautoritéiten hëllefen, nees hi militäresch Kapassitéiten opzefrëschen. D‘Malier sollen esou forméiert ginn, datt si selwer fir hir territorial Integritéit opkommen a vläicht och der terroristescher Gefor entgéinttriede kënnen.

Fir dësen Zweck ginn nach emol 20 Zaldote pro Rotatioun agesat an och hei, esou zumindest den offizielle Wuertlaut, sollten eis leit net mat richtegen Terroristen a Kontakt kommen. Trotzdeem geet et hei ëm d‘Restauratioun vun engem nohaltege Fridden – also zumindest theoretesch – an d‘Stabiliséierung vun der Sahelregioun. Esou heescht dann elo och am Mali: „Gréng Wierkt!“

Foto: 17 Blohelmer an zwee malesch Ziviliste sinn den 9. Januar an der Regioun Kidal duerch eng Attack vun Terroriste blesséiert ginn. Héich Zäit datt déi Lëtzebuerger Arméi hire Beitrag leescht an endlech en nohaltege Fridden an der Regioun installéiert. © Mikado FM

Ähnlech Sujeten Blohelmer, EUTM Mali, GovSat-1, Lëtzebuerger Arméi, Mali, MINUSMA, Terrorismus, UNO, Zaldoten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel