Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fairtrade Lëtzebuerg: D’Zuelen 2018 zu Banann a Co.
https://moien.lu/dating-separated-friends/ Neiegkeeten

canada online dating free

Fir Fairtrade ass et vu grousser Bedeitung, datt all Klengbaueren

dating someone significantly younger
https://moien.lu/dating-separated-friends/ Neiegkeeten

Nordkoreanesch Rakéiten um Himmel

Wann et richteg ass, esou wéi et vum südkoreaneschen Etat-Major

What the Fakt – RTLplus start zu Lëtzebuerg duerch
https://moien.lu/dating-separated-friends/ Neiegkeeten

What the Fakt – RTLplus start zu Lëtzebuerg duerch

RTL gehéiert zur Geschicht vun eisem Land wéi de Gromperekichelchen

Den Trump schéckt Zaldoten un déi mexikanesch Grenz

Den Trump schéckt Zaldoten un déi mexikanesch Grenz

Wann se dem „Chef“ keng Sue fir eng Mauer aus Steen oder Stol ginn, da muss et Alternative ginn, eng dovunner ass d‘Opstelle vun Zaldoten. Eng „mënschlech mauer“ souzesoen, déi den Optrag huet illegal Grenziwwerschreidunge vu Migranten aus Mëttelamerika ze verhënneren.

Esou ass entscheet ginn 3.750 zousätzlech Zaldoten un der Grenz zu Mexiko ze stationéieren. Hir éischt Aufgab ass et 240 pickegen Drot ze verleeën, deen déi illegal Awanderer soll vun den USA ewech halen. Zousätzlech zur mechanescher Ofschreckung, soll och Elektronik agesat ginn. Hei gëtt un eng Anlag geduecht, déi eng Mobilfunkiwwerwaachung erméiglecht.

Domatter stinn da geschwënn 4.350 US-Zaldote laanscht déi mexikanesch Grenz. Zaldoten déi verhënnere sollen, datt kriminell Banden, Drogendealer a Mäerder amerikanesch Fraen a Kanner ëmbréngen. Dat zumindest sinn déi ugefouert Argumenter vum 45. US-President, Donald Trump.

Schlëmmer wéi e klengt Kand

Vu sturazeg bis tockskäppeg, beim „mächtegste Mann vun der Welt“ spillt – esou zumindest den Androck – gesonde Mënscheverstand net wierklech eng iwwerguerdent Roll. Dës Mauer, déi den Donald Trump senger Fangemeinschaft versprach huet, wëll hien an hie wäert ze kréien…

Ënnerstëtzung erhält déi presidentiell Argumentatioun duerch Migratiounswellen. An de leschte Méint, haten sech dausende Mënschen aus Mëttelamerika op de Wee gemaach, fir an den USA eng Perspektiv op e bessert Liewen ze hunn. Enn lescht Joer waren esou eng 6.000 Migrante bis zur mexikanescher Grenzstad Tijuana gelaangt. Si si viru Gewalt an Aarmut doheem, geflücht.

Zaldoten

Wann net – oder wéineg – erkläert gëtt, datt déi meeschte „Flüchtlingen“ eng Gewalt an Aarmut hannert sech loosse wëllen, där hiren Ursprong an Erhalt aus deem Land kënnt, an dat si am Begrëff sinn illegal ze betrieden, an der Hoffnung op Asyl an eng Zukunft, sief et nëmme fir d‘Kanner.

Et sinn ëmmer déi aner

Dem Chef seng Entscheedung, Männer mat Waffen un der Grenz Fraen a Kanner entgéintzestellen, fält matten an de Sträit tëscht him an den Demokraten. Während den US-President allen Eeschtes vun den Demokraten erwaart datt si seng (Apartheid-)Mauer finanzéieren, gëtt et kee Staatsbudget.

Ouni Staatsbudget kënnt et onweigerlech zur Haushaltsspär. Hei huet den Donald Trump Rezent en neie Rekord opgestallt, deen duerch en Iwwergangsbudget „ënnerbrach“ ginn ass. Mee esou wei et ausgesäit, kéint et nees zu engem Shutdown kommen. Den Ament verhandelen Demokraten a Republikaner iwwer Grenzsécherheet, well et jo net esou ass, datt d‘Oppositioun oppe Grenze wëll.

Fir honnertdausende Staatsbeamten oder -Aarbechter, déi nees vun engem Shutdown bedreet sinn, steet méi um Spill wéi een unhuele kéint. Amerikaner sinn net bekannt dofir, sech „eppes op d‘Säit ze leeën“ firwat si op en Akommes ugewise sinn. Si kënnen e Shutdown net esou einfach aussëtzen.

Ähnlech Sujeten Demokjraten, Donald Trump, Grenzmauer, Illegal Migratioun, mexikanesch Grenz, Migranten, Republikaner, Zaldoten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel