Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Chrëschtdemokraten aus dem Benelux vereent géint de Viktor Orban
Kultur Neiegkeeten

D‘Chrëschtdemokraten aus dem Benelux vereent géint de Viktor Orban

Mat engem gemeinsame Bréif un de President vun der Europäescher

money
Lëtzebuerg net erfreet iwwert d‘Besteierung vum Digitalen
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerg net erfreet iwwert d‘Besteierung vum Digitalen

Um Freideg huet de Finanzminister Pierre Gramegna bedauert, datt d‘EU-Kommissioun

Maintenance a Botze vun den Tunnellen – wéini a wou?
Kultur Neiegkeeten

Maintenance a Botze vun den Tunnellen – wéini a wou?

D’Administratioun vum Ponts et Chaussés deelt mat, datt kommend Woch

ZAZ zu Lëtzebuerg – op enger Rees duerch franséisch Dreem

ZAZ zu Lëtzebuerg – op enger Rees duerch franséisch Dreem

E Freideg war déi franséisch Sängerin Zaz an der Rockhal an huet, nieft ville bekannte Lidder och säi véierten Album presentéiert. Fir Grouss a Kleng war dësen Optrëtt sécherlech iwwerragend, wat ënnert anerem och um immense Bühnebild geleeën huet. Do ass et natierlech kee Wonner, datt de Concert total ausverkaaft war!

Spéitstens säit „Je veux“ um Radio erop an erof gelaf ass, huet d’Musekerin, wat eigentlech Isabelle Geffroy heecht, enorme Succès erlieft, an dat net nëmmen a senger Heemescht. Dobäi stécht d’Sängerin mat senger krazeger, melancholescher, an awer opheiterender Stëmm immens eraus. Bei sengem Klang kéint ee sech scho bal virstellen, datt hat de ganzen Dag näischt anescht mëscht, wéi drénken a fëmmen, wat ee sech uschléissend awer bei den detailverléifte faarwege Bühneshow net méi virstelle kann.

Ugefaangen huet de Freidegowend allerdéngs net mat Zaz, mee mat der Grupp Gipsy Traffic. Hire Stil kann een dobäi a Richtung Jazz an traditionell Musek anuerdnen, woubäi ouni de Gesang liicht d’Atmosphär vun enger Hotel-Lounge entstanen ass. Mat minimalisteschem Dekor hunn déi dräi Museker ënnert Prabbelien a Luuchte mat hirem Still allerdéngs net ganz iwwerzeegt.

Dëse musikalesche Stil ass u sech wierklech gutt an och d’Museker si mat Leif a Séil un hiren Optrëtt eru gaangen. Trotzdeem ass am Publikum net esou richteg Stëmmung opkomm, wat wuel dorunner läit, datt dëse Beräich vun der Jazz-Musek sech vläicht net esou gutt fir déi grouss Bühnen eegent. An datt dëse Gedanke sécherlech allgemeng virgeherrscht huet konnt een doru mierken, datt iwwerall Kosettercher um gaange waren.

Je veux…Zaz!

No engem kuerzen Ëmbau ass schliisslech de grousse Moment komm, wou d’Isabelle Geffroy, zesumme mat senge fënnef Band-Memberen d’Bühn betriede sollt. Dobäi war ee vun Ufank u paff vun der fantastescher Zeenographie, déi aus zwee Luuchte-Béi bestanen huet, Beliichtung un de Säiten an engem Ecran am Hannergrond, wou um Laf vum Owend ënnerschiddlech Videoen a Motiver ofgelaf sinn.

Dobäi ass d’Sängerin senge Fans ganz no komm, an zwar duerch ee Bühnesteg bis an d’Mëtt vum Sall. Wärend dem Concert gouf ee matgeholl op eng gefillsvoll Rees duerch d’Emotioune vun der Musekerin, duerch d’Dreem a Wënsch, sou wéi och queesch duerch déi musikalesch Diversitéit. Wien ee Concert vum Zaz besicht soll nämlech net denken, datt d’Frontfra de ganze Succès eleng akasséiert. Et mierkt ee schnell, datt seng Bandkollege op genau esou engem héijen Niveau stinn, wéi hat selwer.

zaz

Ouni Persounen op de verschiddenen Instrumenter kéint d’Grupp nämlech net bestoen. An esou ass d’Sängerin och geleeëntlech zeréck getrueden, fir senge Kollegen hiren eegene musikalesche Moment ze iwwerloossen. A genau an dëse Minutten huet ee gemierkt, datt d’Museker passionéiert bei der Saach sinn a mat hirem Talent de Business beräicheren. Mat zuelräiche Soloe sinn ënnert anerem déi zwee Gittaristen ervir gehuewe ginn, woubäi een vum Genéck bis un déi kleng Zéif eng Héngerhaut krut!

Am Laf vum Owend huet awer och d’Sängerin, nieft sengem immense Gesang, seng Passioun fir d’Musek bewisen a stoung ëmmer erëm bei verschiddenen Instrumenter fir sech selwer mat ze begleeden. Nieft der Perkussioun huet d’Frontfra nämlech och um Theremin performt. Zesumme mat der Mëschung aus melancholeschen, wéi och faarwefroue Videoen am Hannergrong ass een eenzegaartegt Bild entstanen, wat zu 100 Prozent zum musikalesche Stil vun der Grupp gepasst huet!

Fir Kleng a Grouss huet sech de Concert vu Zaz als fantastescht Erliefnis erausgestallt, woubäi ee sécher ka sinn, datt och den nächsten Optrëtt zu Lëtzebuerg nees schnell wäert ausverkaaft sinn!

Um Concert selwer kënne mir mat esou engem grandiosen Optrëtt keng Kritik maachen. Allerdéngs wir et an Zukunft schéin, wann een als Press vu Rockhal alt ee Bild fir den Artikel geschéckt kriit, wann ee selwer schonn net mam eegene Fotoapparat op der Plaz dierf Opname maachen an dofir op Handy-Biller zeréck gräife muss. Op Nofro an der Kees krute mir vun der Redaktioun nämlech Biller versprach, déi bis ewell nach net ukomm sinn.

Ähnlech Sujeten Concert, Gipsy Traffic, Je Veux, Musék, Rockhal, Zaz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel