Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ligue Médico-Sociale: Telefonsdéngscht „Info-Maman“ 22 00 99 88
Auto Neiegkeeten

Ligue Médico-Sociale: Telefonsdéngscht „Info-Maman“ 22 00 99 88

D‘Ligue Médico-Sociale huet e Freideg säin Informatiouns-Service fir jonk Mammen

Bëschführerschäin 2020: Wéi heemesch Bëscher bewirtschaft musse ginn
Auto Neiegkeeten

Bëschführerschäin 2020: Wéi heemesch Bëscher bewirtschaft musse ginn

Wann Holz laangfristeg regional genotzt gi soll, da mussen och

Eist Familljeliewen däerf der Digitaliséierung net zum Affer falen
Auto Neiegkeeten

Eist Familljeliewen däerf der Digitaliséierung net zum Affer falen

Et si gutt Noriichten, wann de reforméierte Congé Parental bei

Geriichtsaffär: Ze séier oder net ze séier?

Geriichtsaffär: Ze séier oder net ze séier?

D‘Hierarchie vun den Normen huet gëschter um Geriicht Zu Lëtzebuerg de Procureur an s‘Schleidere bruecht – Net dat ministeriellt Reglement zielt, ausschlaggebend wier eenzeg d‘groussherzoglecht Reglement

Ass een ze séier ënnerwee an dat gëtt vun engem Radar erfaasst, kann et richteg deier ginn, jo och de Retrait vum Führerschäi kann d‘Folleg dovunner sinn. Um Geriicht zu Lëtzebuerg huet sech eng Damm fir esou ee Verstouss ze veräntwerte gehat. Dës Damm war op der A4, wou d‘Vitesse op engem Streckenofschnëtt (Steebrécken) wéinst Aarbechten op 70Km/H erofgesat gi war, mat 126 Km/H geblëtzt ginn. Dëse Fait huet déi ugeklote Fra zu kengem Ament ofgestridden.

Gutt fir dës Fra an eppes ongënschteg fir de Procureur an Riichterin: den Affekot Maître Benoît Entringer ass der Saach am Fong nogaangen an huet Erstaunleches a sengem Plaidoyer opgedëscht. Zur Vitesse déi festgestallt ginn ass, géif et kee Widdersproch, mee hei géif kee Verstouss géint ee Gesetz virleien. Fir zäitweileg oder definitiv Geschwindekeetsbegrenzungen, esou den Affekot, brauch et ee groussherzoglecht Reglement, datt et awer eréischt no dësem „Fait“ ginn hätt.

Am presente Fall, hätt et just ee ministeriellt Reglement aus dem Januar 2019 ginn. Dëst hätt misse mat engem groussherzogleche Reglement bestätegt ginn, wat laut dem Mê Benoît Entringer kloer net de Fall gewiescht wier. An den Affekot – deen hei exzellent Aarbecht geleescht huet – leet nach eng drop: dëst ministeriellt Reglement hätt net dierfe vun engem Minister, mee vun dären Zwee geholl ginn, firwat eng Ënnerschrëft feelt an net emol dës amtlech Virgab Rechtens gewiescht wier.

Dorausser géif sech erginn, dat seng Mandantin op enger Strooss gefuer ass wou 130 Km/H an net wéi behaapt, 70 Km/H zoulässeg waren. Schëlter an ee Radar opriichte ginn net duer, jo, laut dem Affekot hätte weder d‘Schëlter nach de Radar eppes op der Plaz verluer gehat. Si hätten dann och, beschtefalls d‘Funktioun vun enger „Recommandatioun“, net awer eng regulatoresch Mesure duergestallt. Seng Cliente misst folgerichteg vum Geriicht an dëser Saach fräigesprach ginn.

Esou eppes héiert ee Procureur net gären, huet dem Affekot awer zougestanen, datt seng Defense ganz interessant Usätz hätt, an een et hei mat engem „ganz flotte Problem mat der Hierarchie vun den Normen“ ze dinn hätt. Mat esou engem Fall hat dësen dann och nach ni ze dinn (d‘Geriicht wuel och net) firwat d‘Prozedur bis zur Klärung vun deenen an de Raum gestallten Ausféierunge vum Affekot, soll ausgesat ginn. Sollt den Affekot Recht behalen, géif d‘Affär fale gelooss.

Hei dierf nach kuerz drop higewise ginn, datt am selwechten Zäitraum wéi deem, wou dem Affekot seng Mandantin op der A4 „ënnert Rieder vun der Justiz“ geroden ass, och zuelräich aner Leit op dëser Plaz, ee Protokoll kritt hunn. Wien dowéinst net automatesch virum Riichter gelant ass, an d‘Geldstrof berappt huet, huet ee Feeler agestanen deen et ni ginn huet. Dat ass Pech an de Goss ass futsch. Huet een de Protokoll bis bezuelt huet ee sech Schëlleg bekannt, Reglement hin oder hir…

Illustratioun: © Randy Tarampi / unsplash

Ähnlech Sujeten Geriichtsaffäre, Groussherzoglecht Reglement, Hierarchie vun den Normen, ministeriellt Reglement, Vitesse
Nächsten Artikel Virrechten Artikel