Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E nationalen Aktiounsplang géint d‘Pestiziden
Neiegkeeten

E nationalen Aktiounsplang géint d‘Pestiziden

Fir de Landwirtschaftsministère geet ee mam nationalen Aktiounsplang (PAN) zur

Wéi gutt kenns du ons Haaptstad?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du ons Haaptstad?

D’Stad Lëtzebuerg ass souwuel national wéi international vun enormer Bedeitung.

Den Dylan huet sech gutt zu Spielberg gewisen
Neiegkeeten

Den Dylan huet sech gutt zu Spielberg gewisen

Wéi et zu Spielberg an Éisträich ausgesäit, dat weess den

D‘Fréijoer: „Ze Waarm an ze Dréchen!“

D‘Wiederanalys vun der ASTA zum Fréijoer 2020 beonrouegt de Landwirtschaftssecteur

D‘Fréijoer: „Ze Waarm an ze Dréchen!“

Fir d‘Verwaltung vun den technesche Servicer vun der Landwirtschaft (ASTA), déi sech zum Enn vum Fréijoer mat der Wiederanalys vum staatleche Wiederdéngscht „AgriMeteo“ beschäftegt huet, gëtt et wéineg Grënn sech iwwert dat u sech ganz gutt Wieder ze freeën. Et war op en Neits vill ze waarm an ze dréchen, wat de Landwirtschaftssecteur virun zolidd Erausfuerderunge stelle wäert.

„Eist Fréijoer war ëm +1,1°C méi waarm a signifikant méi dréche wéi d‘Referenzperiod. An de kloren Nuechten am Mäerz an iwwer Ouschteren ass et am ganze Land zu Spéit-Frascht komm, wat plazeweis an zortenofhängeg zu Schied am Uebstubau gefouert huet. Iwwer ee Mount laang, vum 22. Mäerz bis zum 27. Abrëll, huet et net gereent“, esou d‘Feststellung vun der ASTA.

An dat huet Folgen, wëll wéinst dëser Dréchent befannen sech eis landwirtschaftlech Kulturen elo an engem schappegen Zoustand. Betraff sinn den Akerbau, de Geméis- an Uebstubau, wéi och déi wichteg Gréngflächen, déi besonnesch an dëser Vegetatiounsperiod op den Néierschlag ugewise sinn. Dat ass eng onbefriddegend fir eis Baueren, déi net vun der Pandemie verschount goufen.

WaarmRichteg ass och, datt Lëtzebuerg net eleng betraff ass, a ganz Mëtteleuropa befannen sech déi Landwirtschaftlech Kulturen an engem ähnlech bedauernswäerten Zoustand. D‘EU-Kommissioun geet dann och elo scho vun erhieflechen Ertragsverloschter an der Landwirtschaft aus. Dat bëssi Reen vum Mäerz an Abrëll huet net derzou bäigedroen, datt de Réckstand konnt opgeholl ginn.

Besonnesch fir de Wanterweess, d‘Summerkulturen (wéi beispillsweis de Mais) mee natierlech och d‘Grasland, wäert elo déi meteorologesch Entwécklung an de kommende Wochen opmierksam mussen observéiert ginn. Wien sech elo iwwert dat flott Wieder erfreet, well jo d‘Schwämmen nees opginn a vill Fräizäitaktivitéiten am Kontext vum Deconfinement méiglech sinn, sollt dat bedenken.

Wat elo dee vum Frascht a Matleedschaft gerodenen Uebstubau betrëfft – hei gouf Plazeweis d‘Schwell vu -3,5°C ënnerschratt – esou wier et den Ament awer nach net méiglech sech ee Bild vun den Auswierkungen op d‘Uebstproduktioun ze maachen. Bléien, déi vum Frascht zerstéiert goufen si verluer an d‘Ausmooss vum Schued wäert sech eréischt méi spéit bemoosse loossen.

Illustratioun: Wann de Buedem „fuerzdréchen“ ass, wiisst näischt. An neen dat ass net eng normal Saach, mee e weidert Zeechen, datt de Klimawandel do ass. Wa mir also och „muer“ nach wëllen op heemescht Geméis an Uebst zougräife wëllen, sollte mir eis iwwerleeën op et net awer Sënnvoll ass, ee puer vun eise schlechte Gewunnechten op der Säit ze loossen. © Eddie Kopp / unsplash

Ähnlech Sujeten AgriMeteo, ASTA, Dréchent, Klimawandel, Landwirtschaft, Uebstubau
Nächsten Artikel Virrechten Artikel