Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europaliga: F91 Diddeleng géint AC Mailand – Verkéiersinformatioun
Kultur Neiegkeeten

Europaliga: F91 Diddeleng géint AC Mailand – Verkéiersinformatioun

Fir de Match vum F91 Diddeleng géint AC Mailand am

What the Fakt – Den Dag vun der Liewenszäit
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Den Dag vun der Liewenszäit

Um Kalenner vun de kuriose Feierdeeg fënnt een haut den

Spärung vun der Autobunn A7 haut den Owend
Kultur Neiegkeeten

Spärung vun der Autobunn A7 haut den Owend

D’Stroossebauverwaltung informéiert, datt zesumme mat Creos verschidden Héichspannungsleitungen ewechgeholl ginn

NEI am Verlag Guy Binsfeld: ZEEECHEN

Erzielungen a grafesch Geschichte vum Samuel Hamen a Marc Angel

NEI am Verlag Guy Binsfeld: ZEEECHEN

Dräimol zwou Geschichte vereent dës Kollaboratioun tëschent dem Auteur Samuel Hamen an dem Zeechner Marc Angel. Bei ZEEECHEN handelt et sech ëm Geschichte vum Opwuessen zu Lëtzebuerg an den Nonzeger a fréien Zweedausenderjoren, déi op där enger Säit vum Samuel Hamen a Prosaform presentéiert an op där anerer Säit vum Marc Angel als Comic interpretéiert ginn.

Bal, Elo an Djö nennen sech déi dräi Erzielungen, an deenen Erënnerungen un Erliefnisser beschriwwe ginn, déi zum Deel ganz perséinlech sinn an zum Deel vun enger ganzer Generatioun gedeelt ginn. Vun der Kandheet bis an de jonken Erwuessenenalter begleet de Lieser de Personnage duerch säi Liewen. Hie ka sech net entscheeden, ob en Noriichten iwwert 9/11 oder MTV kucke soll, kuckt no, wéi de Georges Christen lëtzebuergesch Bicher zerrappt, an erfënnt mam komesche Jong aus der Klass nei Kontinenter op der Schoulbänk.

ZEECHEN

Den Auteur verschafft an Zeeechen seng Kandheet a Jugend op eng literaresch Manéier, mee wat dovunner ass wierklech real a wat huet sech de jugendleche Geescht zesummegereimt a bis zur Onkenntlechkeet am erwuessene Kapp weidergesponnen? Am Zesummespill mam Marc Angel senge graphesche Geschichten erëffne sech komplett nei Perspektiven op dës Froen. Seng Tuschzeechnunge verwandelen d’Geschichten a surreal Aventuren, an deenen aus klengen Detailer ganz Welten entstinn an eng ganz eegen Approche zu Figuren, Plazen a Motiver ze erkennen ass.

Méi zum Buch

Am Kader vun der Frankfurter Buchmesse kënnt ZEEECHEN den 19. Oktober eraus. D’Hardcover-Buch huet 90 Säiten a kascht 24 €. ISBN:978-99959-42-52-6

Zum Samuel Hamen

De Samuel Hamen ass 1988 gebuer, war zu Dikrech am Lycée a studéiert op der Universitéit Heidelberg. Als fräie Kulturredakter schafft hien ë. a. fir d’Lëtzebuerger Land, ZEIT ONLINE an Deutschlandfunk. Hien huet a lëtzebuergeschen, däitschen a schwäizer Literaturzäitschrëfte publizéiert a krut 2016 den Hans-Bernhard-Schiff-Preis. Säin Debut V wéi vreckt, w wéi Vitess ass 2018 erauskomm a gouf fir de Servais Präis an de Lëtzebuerger Buchpräis nominéiert. Zeeechen ass seng zweet Publikatioun bei den Éditions Guy Binsfeld.

Zeechen

Zum Marc Angel

De Marc Angel, 1960 zu Dikrech gebuer, ass säit méi wéi zwanzeg Joer als selbststännege Grafikdesigner an Illustrator aktiv. Ufanks huet e virun allem Optragsaarbechte gemaach, mëttlerweil schafft hien och vill als Comicauteur an -zeechner an als fräischaffende Moler a Grafiker. Hie publizéiert gréisstendeels am Selbstverlag ënnert dem Pseudonym Mangro.

Zeechen

Ähnlech Sujeten Buch, Editions Guy Binsfeld, Geschicht, Grafesch Wierker, Literatur, Marc Angel, Samuel Hamen, ZEECHEN
Nächsten Artikel Virrechten Artikel