Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Luxembourg Space Agency: 18 Stage-Plaze fir Lëtzebuerger Studenten!
Neiegkeeten

Luxembourg Space Agency: 18 Stage-Plaze fir Lëtzebuerger Studenten!

Fir d’Kompetenzen am Weltraum-Secteur nach weider ze entwéckelen, kréie jonk

Pipo Peng: Kee Bock
Neiegkeeten

Pipo Peng: Kee Bock

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Fir de schnellen, encadréierten a breeden Accès op Gesondheetsproduiten
Neiegkeeten

Fir de schnellen, encadréierten a breeden Accès op Gesondheetsproduiten

Mat der Kreatioun vun enger nationaler Agence fir Medikamenter a

ZEFI informéiert: Iwwergangszäit fir Detenteure vun alen Adapto-Ausweiser

ZEFI informéiert: Iwwergangszäit fir Detenteure vun alen Adapto-Ausweiser

Zanter dem 2. Mäerz sollten all déi Leit wou de Service Adapto weider notze wëllen, e neien Antrag gestallt hunn, wëll ab dësem Datum sinn déi al Ausweiser net méi gülteg. Esou de Stand bis déi lescht Woch, an do huet sech elo eppes geännert.

Grondsätzlech ass et esou, datt déi Persounen déi den Adapto virum 1. Mäerz 2020 genotzt hunn an och eng nei Demande agereecht hunn, elo ee virleefegen Auswäis – gülteg bis 31. Dezember 2020 – woubäi awer uschléissend, nëmmen nach déi Leit, déi d‘Oplagen erfëllen, en endgültegen Auswäis.

Weider heescht et, datt d‘Detenteure vum alen Auswäis, awer mëttels dem neie Formulaire dee si agereecht hunn, sollten e Refus erhalen hunn, déi Anträg sollen nach emol gepréift ginn. Elo wéist ZEFI dann nach emol drop hinn, datt dëse Formulaire zwéngend vum Dokter muss ausgefëllt ginn.

All déi Persounen, déi dësen Antrag um neie Formulaire agereecht hunn also, en Usproch op den neien Adapto Auswäis stellen, sollten och esou een zougestane kréien. Sief dat deen endgültegen, deen eng Validitéit vun 3 Joer huet och eben dee virleefegen, deen Enn dës Joers dann ausleeft.

Fir Leit, deenen hiren neien Auswäis „nëmme mat enger Begleetpersoun“ validéiert kréien, awer um alen Auswäis keng obligatoresch Begleedung vermierkt haten, sollten sech per Mail un adapto@tr.etat.lu oder per Bréif un den Transportministère wennen an eng Iwwerpréiwung ufroen, mat der Demande, datt de Vermierk „mat Begleetpersoun“ net méi am Auswäis agedroe gëtt.

Fir all déi Leit déi e Refus zougestallt kruten, trotzdeem op de Service ugewise sinn, sollten sech dat net zwéngend gefale loossen an esou entweder:

Een neie vun engem Dokter ausgefëllten Antrag areechen, dat fir auszeschléissen, datt d‘Demande wéinst engem Formfeeler zréckgewise gouf; oder per Mail un adapto@tr.etat.lu / Bréif un den Transportministère eng nei Iwwerpréiwung ufroen. Well et nach keng Instanz gëtt, bei där ee kéint Widdersproch aleeën, sollt een nom Grond vum Refus froen an och insistéieren, wéinstens dee virleefegen Auswäis zougestanen ze kréien.

Hei dann och nach emol de ganze Link zur Demande an dem Formulaire:

https://guichet.public.lu/de/citoyens/transports-mobilite/transports-commun/cartes-transports/carte-mobilite-reduite-adapto.html

Illustratioun: © Marianne Bos / unsplash

Ähnlech Sujeten ADAPTO, Auswäis, Transportministère, ZEFI, Zesumme fir Inklusioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel