Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

crying
D‘Land trauert nom Dout vun engem Polizist
Neiegkeeten

D‘Land trauert nom Dout vun engem Polizist

Et war an der Nuecht vun e Freideg op Samschdeg,

cooltonguelaughing
Facebook gëtt deng Donnéeë weider. Mee wéi eng Alternativen hues du?
Neiegkeeten

Facebook gëtt deng Donnéeë weider. Mee wéi eng Alternativen hues du?

Net eréischt zënter der Affär mat Cambridge Analytica ginn et

angrycool
Franséisch an eise Crèchen a Schoulen, erkläert
Neiegkeeten

Franséisch an eise Crèchen a Schoulen, erkläert

Vum Hierscht u soll an alle Crèche souwuel Lëtzebuergesch ewéi

Trump-Presidence a Gefor

Ex-FBI-Chef Comey mat brisanten Aussoen

Trump-Presidence a Gefor

Dem Donald Trump seng chaotesch Presidence huet gëschter ee neien Héichpunkt erlieft. De James Comey, virege FBI-Direkter, huet mat senger Zeienausso am Senat d’Kaarten op den Dësch geluecht. Bestätegen sech hei d’Beschëllegunge géint den amerikanesche President am Russland-Dossier, da kritt den Trump zolidd Problemer.

Russland-Enquête als Ausléiser?

No der ëffentlecher Auditioun virun der Geheimdéngschtkontrollkommissioun, sinn d’Demokraten iwwerzeegt, datt d’Zweiwel bezüglech der Behënnerung vun der Justiz bestätegt gi sinn. Dem Trump seng „Verteideger“ si stur bliwwen an hunn näischt onversicht gelooss, fir dem „éischte Polizist vun den USA“ säin Temoignage an ze diskreditéieren. Um Gemauschels mat de Russe während der Presidentewahl 2016 schéngt eppes drun ze sinn.

Ech ginn dervunner aus, datt hie mech wéinst der Russland-Enquête entlooss huet,“ sot de Comey, an deem hie mat enger grousser Offenheet während déck zwou Stonnen de Froe Ried an Äntwert stoung. „D’Zil war et, d’Aart a Weis wéi d’Enquête iwwer Russland gefouert ginn ass, ze änneren. Dat ass ganz schlëmm,“ esou de Comey.

Den deemolege FBI-Direkter huet dem Trump kloer virgeworf hien opgefuerdert ze hunn ee Volet vun der Enquête, betreffend eng dem President nostoend Persoun (Michael Flynn – Umierkung vun der Redaktioun), falen ze loossen. De Comey beschëllegt esou d’Trump-Administratioun der Diffamatioun an de Ligen. Tëscht den Zeile gëtt den Trump selwer als Ligener duergestallt.

Däischter Wolleken

Verhältnesméisseg entspaant huet den James Comey am Detail vu senger Verleeënheet während de private Gespréicher am President geschwat. Dës ware minutiéis an engem verëffentlechten Dokument, opgeschriwwe ginn. 17 Senateuren déi dem FBI-Direkter géinteniwwer souze, wollten erausfannen ob déi Requête vum President, eng Behënnerung vun der Justiz duerstellen. Ee ganz schwéiert Vergoe, wat de Kongress scho beim Richard Nixon a dem Bill Clinton zu Moossname gezwongen hat, déi zur Destitutioun gefouert hunn.

De Comey huet allerdéngs refuséiert ee juristeschen Avis ofzeginn, a verweist op den Procureur Robert Mueller deen d’Enquête am Russland-Dossier iwwerholl huet. Och huet hie gesot, datt keen hien explizit opgefuerdert hätt, d’Enquête opzeginn. Anersäits bestätegt de Comey, datt den Trump seng Loyalitéit agefuerdert huet. Dëst grad zu deem Zäitpunkt wou hien d’Investigatiounen iwwert eng méiglech Kollusioun tëscht Membere vun der Wahlkampfequippe a Russland geleet huet.

Mäi Verstand huet mer gesot, datt hien eng Géigeleeschtung zu menger Demande fir de Posten ze behale, wollt hunn,“ seet de Comey, deem säi Mandat bis 2023 festgeluecht war. „D’Wollek déi iwwert der Administratioun läit, ass plëtzlech méi däischter ginn,“ mengt den Chuck Summer, Leader vun den Demokraten. „Wéineg parlamentaresch Auditiounen an der Geschicht vum Senat hunn esou Revelatiounen ervir bruecht, wéi mir se haut erlieft hunn.

„Hien ass nei, wat d’Regéiere betrëfft“

Fir de Paul Ryan, republikanesche President vun der Representantekummer, steet den „Doute“ zu Gonschte vum President: „Hien ass nei, wat d’Regéiere betrëfft. Esou war hien sech de Protokoller net bewosst, déi d’Relatiounen tëscht dem Justiz-Departement, dem FBI an dem Wäissen Haus säit längerem reegelen.

Fir den Droit-Professer Mar Tushnet vun der Harvard Universitéit bleift et dann och schwéier den Delikt vun der „Behënnerung“ nozeweisen. Dat verlaangt vill Informatiounen iwwert de „Wëlle vun der Persoun“. D’Parlamentaresch Enquête huet eréischt ugefaangen. Et muss een also ofwaarde wéi sech dat ganzt entwéckelt an zu wéi enge Conclusiounen dat ganzt féiert.

„Et si schlicht an ergräifend Ligen“

Zum Detail vum Trump senger „Demande“ d’Enquête iwwert de Michael Flynn, ex-Beroder fir d’national Sécherheet, falen ze loosse seet de Comey ouni mat de Wieder ze spillen: „Ech hunn dat als eng Instruktioun interpretéiert. (…) Hien ass de President vun de Vereenegte Staaten, eleng mat mir, hie seet datt en sech dat erhofft. Ech hunn dat als eng Demande sengersäits interpretéiert.“

Op prezis Froe vun de Senateure reagéiert de Comey deels mat Humor. Esou jugéiert hien dat Aktioune vum President „verstéierend“ sinn an hien esou emol „erstaunt“ an dann erëm „schockéiert“ war. Hie beschëllegt och d’Administratioun hien no sengem Depart diffaméiert ze hunn. „Et si schlicht an ergräifend Ligen,“ seet hien zu den Aussoen déi de schlechten Zoustand vum FBI no sengem Depart beschriwwen hunn.

Erstaunlech Deklaratiounen

De Comey huet uvertraut, datt hie säit dem éischte Gespréich mam President d’Entscheedung geholl huet all d’Gespréicher ze consignéieren: „Ech hunn éierlech gefaart, datt hien iwwert d’Natur vun onser Reunioun géif léien.“ Eng dach erstaunlech Deklaratioun betreffend ee President am Amt.

Verständlecherweis huet dem Trump säin Affekot, Marc Kasowitz, dementéiert, datt säi Mandant jeemools den FBI-Direkter gefrot hätt eng Enquête falen ze loossen. „Um Fong wéi an der Form, huet de President ni gesot – ech brauch Loyalitéit, ech erwaarde Loyalitéit,“ esou d’Deklaratioun vum Kasowitz.

An engen Tweet am Mee, hat den Trump duerchklénge gelooss Opname vun dëse Gespréicher ze hunn. Dës kéinten d’Ausso vum Comey widderleeën. D’Wäisst Haus wäicht awer systematesch aus wann d’Fro zu der Existenz vun dësen Enregistrementer opgegraff gëtt. „Ech hoffen, datt et déi Opname gëtt,“ seet de Comey, dee senger Memoire vertraut.

mam Ivan Couronne/AFP

Foto: De James Comey mécht seng Ausso virum Senat (© Chip Somodevilla/Getty Images/AFP)

 

Ähnlech Sujeten Donald Trump, FBI, James Comey, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    1

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0