Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Garagisten hunn och e neie Kollektivvertrag
Neiegkeeten

D‘Garagisten hunn och e neie Kollektivvertrag

OGBL an LCGB hunn an engem gemeinsame Communiqué matgedeelt, datt

dislike
Washington stellt sech tëscht d‘Gespréichsbereetschaft vu Nord- a Südkorea
Neiegkeeten

Washington stellt sech tëscht d‘Gespréichsbereetschaft vu Nord- a Südkorea

Nodeems ze héiere war, datt Nord- a Südkorea bereet wieren

Dem Beiestierwen eppes entgéint setzen
Neiegkeeten

Dem Beiestierwen eppes entgéint setzen

  Datt et Weltwäit net gutt ëm d‘Beie bestallt ass,

Zeienopruff: Illegal Offallentsuergung an Iwwerfall zu Miersch

Zeienopruff: Illegal Offallentsuergung an Iwwerfall zu Miersch

D’Beamte vun der Police sinn an zwee Fäll op der Sich no Zeien. Zum engen gouf en Donneschdeg zu Bettenduerf illegal Offall entsuergt. Zum aneren ass gëschter e Foussgänger zu Miersch iwwerfall ginn.

En Donneschdeg, den 30. Juli 2020 soll tëscht 05:00 a 17:00 Auer en Onbekannten um Schreideschhaff zu Bettenduerf dräi Plastikssäck mat Gréngs, Styroporplacken an e puer Meter Elektrokabel illegal entsuergt hunn. Eventuell Zeie solle sech beim Policekommissariat Dikrech-Veianen ënnert der Telefonsnummer 244 80 1000 oder per E-Mail op police.diekirchvianden@police.etat.lu mellen.

Zeienopruff

© Police

Dës Weideren mellt d’Police, datt gëschter Owend géint 18:30 Auer ee Mann mam Zuch op der Mierscher Gare ukomm ass an a Richtung Bus goe wollt. Plëtzlech ass hie vun engem Cyclist ugerempelt ginn. Den Handy a Portmonnie vum Affer ware fort, wou de Schëllegen iwwert de Vëloswee a Richtung Rue de la Gare geflücht ass.

Zeien hätte versicht, den Déif ze fänken, wat allerdéngs net gelongen ass. Hien ass dënn, ëm 180 cm grouss an hat e rouden T-Shirt un. Wien eppes matkritt huet soll sech bei der Mierscher Police mellen.

Opmaacherbild: Illegal Offallentsuergung zu Bettenduerf © Police

Ähnlech Sujeten Bettenduerf, Cyclist, Déif, Dikrech, Elektrokabel, Handy, Illegal, Iwwerfall, Miersch, Offallentsuergung, Police, Portmonnie, Schreideschhaff, Styropor, Veianen, Zeienopruff
Nächsten Artikel Virrechten Artikel