Zéng gutt Grënn, firwat d’Gemengewahlen fir dech wichteg sinn
Et ass Ugangs September an et ass roueg am Land. Total paradox, gi mer dach a fënnef Woche wielen. Vill Leit interesséieren sech leider net fir d‘Gemengewahlen. Dobäi ginn et awer gutt Grënn, firwat de Contraire de Fall sollt sinn. Mir presentéieren der hei e puer:
1. Du bestëmms op lokalem Niveau mat
Net ëmmer déi produktiivst Attitüd
Europawahle si cool, mee Bréissel ass hei an s do ganz wäit fort. Wann net op der Kaart, dann dach am Kapp. An och op nationalem Niveau hues de net ëmmer d‘Gefill, datt op dat hi geschafft gëtt, wat denger Gemeng wierklech hëllefe kéint. Dobäi ass dëst den éischte Niveau, wou dech Decisiounen treffen.
2. Et sinn Themen, mat deenen s du all Dag ze dinn hues
All Dag beaflossen dech d‘Decisiounen, déi Politiker an de Gemengen treffen. Sierf et, wou en Maison Relais hi kënnt, wéi d‘kulturell Offer ausgesäit a wéi gutt d‘Ubannungen am ëffentlechen Transport ausgesinn, all dëst gëtt duerch si matbestëmmt.
3. Du kanns lokal mat de Leit diskutéieren
Keen Thema ze kleng
Iwwer national an international Themen ass heiansdo schwéier diskutéieren, well sech bei wäitem net jiddereen dofir interesséiert. Mee wat am Duerf lass ass, dofir kann sech dach jiddereen an denger Noperschaft begeeschteren. A Kommunikatioun ass e Muss an all Demokratie!
4. Et ass fir dech mi liicht, aktiv ze ginn an der Politik
Um Duerf kennt jiddereen jiddereen. Dat heescht och, dass de dech schnell fir en Thema interesséieren an asetze kanns. Matstreider hues de schnell fonnt, egal wat däin Thema ass.
5. E lokale Politiker ass gezwongen, dech wouer ze huelen
Hoffentlech net d’Reaktioun vu Lokalpolitiker op deng Diskussiounen
E Gemengepolitiker, deen de Leit net nolauschtert, braucht sech keng Hoffnungen ze maache, gewielt ze ginn. Ween also e gudde Gemengepolitiker wëll sinn, léisst mat sech schwätzen. Dowéinst brauchs de keng Angscht ze hunn, si direkt op konkret Themen unzeschwätzen.
6. Du kanns mat hëllefen, d’Gesellschaft méi inklusiv ze maachen
Op Gemengeniveau däerfen auslännesch Matbierger wielen. Den Interesse dorunner hält sech leider a Grenzen, mee jiddereen kann hëllefen, fir seng auslännesch Matbierger ze motivéieren, sech méi ze interesséieren an domadder eng méi inklusiv Gesellschaft ze schafen.
7. Du kanns dech méi staark mat denger Gemeng identifizéieren
Eng Gemeng, wou s du dech engagéiers ass eng Gemeng, mat däers du dech identifizéiere kanns. Dat heescht net, datt s de mat allem d‘Accord bass, mee op mannst weess de, dass de et direkt beaflosse kanns.
8. Du kanns Problemer thematiséieren, déi gären iwwersi ginn
Egal wéi gutt ee sicht, eleng iwwersäit ee gären eppes
Du hues en An dofir, wat an denger Gemeng klappt an net klappt. An op lokalem Niveau ass et vill méi liicht, op Problemer opmierksam ze maachen, och well et kee Problem gëtt, deen op Gemengeniveau „ze kleng“ oder onwichteg wier.
9. Et ass méi liicht Gruppéierungen ze bilden
Optimaalt Team?
Et huet ee schnell e puer Leit zesumme getrommelt, déi gemeinsam e Sujet uschwätzen. Mat enger Dosen kann een an enger Gemeng scho ganz vill Drock op d‘Politiker ausüben.
10. Du muss net onbedéngt an enger Partei sinn fir eppes ze erreechen
Parteie maache nervös
Net jidderee kann eppes mat den etabléierte Parteien ufänken. Dëst weisen och déi sëlleche Biergerlëschten, déi bei de Gemengewahlen ëmmer erëm optauchen. An an de klenge Gemengen, wou et souwisou keng Partei-lëschte ginn, ka jiddereen no uewe kommen!