Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Lektioun fir de Juncker
Stories

Eng Lektioun fir de Juncker

De britesche Brexit-Minister David Davis huet ee Freideg gemengt, datt

IDEA an d‘Logementskris: „et ass fir sech d‘Hoer auszeräissen“
Stories

IDEA an d‘Logementskris: „et ass fir sech d‘Hoer auszeräissen“

Déi lénk huet sech mat enger Etüd vun der Denkfabrick

money
De Konsumenteschutz kritiséiert geplangte Stroum- a Gaspräiserhéijungen
Stories

De Konsumenteschutz kritiséiert geplangte Stroum- a Gaspräiserhéijungen

Schonn am Januar hat de Konsumenteschutz (ULC) déi Ufank vum

Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns

Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns
Malta
Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns
Neuseeland
Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns
Jamaika
Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns
Zadar
Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns
Sri Lanka
Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns
Chattanooga
Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns
Polignano
Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns
Seoul
Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns
Island
Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns
Dresden
Eelef Plazen, déi s de passend zum Welttourismusdag entdecke kanns
Hoi An

Haut ass de Welttourismusdag. Dëst Joer gëtt dobäi den Accent op nohaltegen Tourismus geluecht. Dobäi ass et wichteg, géi Géigenden, déi ee besicht ze respektéieren, souwuel an engem Kontext vun der Ëmwelt wéi och am soziale a kulturellem Beräich. Mir hunn e puer Vakanzendestinatiounen ausgesicht, wou een sech ganz exzellent erhuele oder och eppes erliewe kann.

Malta

Als Lëtzebuerger entwéckelt ee jo gäeren en Interesse fir Länner, déi nach méi kleng si wi d’Groussherzogtum. Mee Malta ass schéin a kann mat ville historesche Gebaier begeeschteren. Ausserdem kann een och nach déi al Filmkulisse vum Popeye-Film besiche goen, inklusive Privat-Strand.

Dresden

Dresden ass sou eng vun deene Stied, déi an Däitschland gäeren iwwersi ginn. Wien awer op Barock a Rockoko Architektur steet, kënnt voll op seng Käschten. E Besuch an der alternativer Neustadt däerf awer och net feelen.

Hoi An

Et muss een net ëmmer an d’Haptstad reese, fir e Land kennen ze léieren. Hoi An, mat senger historescher Alstadt déi zum Weltkulturerbe gehéiert, zitt all Joer vill Touristen un. Dat, well et e gutt erhalenen historeschen Handelshafen ass.

Island

Kaum eng europäesch Destinatioun ass esou exotesch a beléift wéi Island. Zwar muss een e gewëssene Faible fir schnéi hunn, an awer ass e besuch do duerchaus schéin.

Seoul

Wien sech trotz den aktuelle politeschen Ëmwälzungen eppes traue wëll, kann awer och an d’Süd-koreanesch Haptstad reesen. Wien sech fir Museeë begeeschtere kann, däerf sech och freeën: Hei ginn et der ganzer 115.

Polignano

Uerdentlech Stränn fënnt een an Italien der genuch. Mee den heiten ass mam Bandiera Blu ausgezeechent, dem wuel héichsten Qualitéitszeechen an Italien. En Plus kann een an der Stad selwer och e grousst benediktinescht Klouschter fannen.

Chattanooga

Chattanooga huet net nëmmen en zimlech coole Numm, deen een ëmmer erëm gären an de Mond hëlt. Och de Spëtznumm seet villes aus: Scenic City. Virun allem fir d’Outdoor-Aktivitéieten ass d’Stad bekannt, ënner anerem fir den Tennessee-Riverwalk, dee fir 21 Kilometer laanscht de Floss féiert.

Sri Lanka

Zu Sri Lanka warde ganzer 2.500 Joer geballte Kultur op een. Wien sech dofir net esou interesséiert, dee kann ëmmer nach un de Strand goen, vun deenen et der genuch ginn an déi och bei de Landesleit beléift sinn.

Zadar

Zadar ass di eelste duerchgoend bewunnte Stadt vu Kroatien. Do stécht hannert all Stee Geschicht! D’Stad huet sech mëttlerweil als déi Destination a Kroatien etabléiert: Bei enger Online-Ëmfro gouf et vun iwwer 288.000 Leit als flottsten Destinatioun an Europa gewielt.

Jamaika

Et gi vill Grënn, Jamaika ze besichen. Niewend de ville Stränn gehéieren och d’Dunns River Falls (op der Foto ze gesinn) mam dozou gehéierende Park zu den absolute Magnéiete fir d’Touristen.

Neuseeland

Net nëmmen als Location fir d’Herr der Ringe bekannt, huet Neuseeland schonn ëmmer e Geheimtipp a punkto Tourismus duergestallt. Virun allem Rucksacktouriste kommen hei op hier Käschten.

 

Nächsten Artikel Virrechten Artikel