Search

You may also like

Vëlosverbindung Esch-Uelzecht – Belval: endlech?
Neiegkeeten

Vëlosverbindung Esch-Uelzecht – Belval: endlech?

Scho Jore virun der Erëffnung vun der Universitéit op Belval

Upassunge beim ëffentlechen Transport ab dem 22. Mäerz
Neiegkeeten

Upassunge beim ëffentlechen Transport ab dem 22. Mäerz

Wéi elo matgedeelt ginn ass, wäerten et ab dem 22.

Ugespaante Situatioun am Irak wéinst kurdeschem Onofhängegkeetsreferendum
Neiegkeeten

Ugespaante Situatioun am Irak wéinst kurdeschem Onofhängegkeetsreferendum

Während d‘Resultat vum Referendum zur kurdescher Onofhängegkeet am irakesche Kurdistan

Iwwer 9000 Passagen an den Zenteren fir erweidert Fleeg

Iwwer 9000 Passagen an den Zenteren fir erweidert Fleeg

Ab haut hunn d’Zenteren fir erweidert Fleeg an der LuxExpo, sou wéi an der Rockhal definitiv zou. Patienten, déi Symptomer vum Covid-19 opweisen solle sech un ee Generaliste wennen, respektiv am Eeschtfall an d’Urgence goen.

Um 23. Mäerz 2020 ass an der LuxExpo den éischte vu véier Zenteren fir erweidert Fleeg opgaangen, fir esou bei engem staarken Undrang u méiglech Infizéierten genuch Plaz fir Material a Patiente bidden ze kënnen. Um 24. Mäerz 2020 huet dunn zu Esch-Uelzecht an der Rockhal e weideren Zenter seng Dieren opgemaach.

E gutt Zeechen: Déi weider Verbreedung vum Virus huet een elo esou wäit am Grëff, datt zwee Zenteren nees ofgebaut kënne ginn.

LuxExpo

© Lëtzebuerger Regierung

De Bilan

Kuckt een de Bilan vun den Zenteren fir erweider Fleeg, esou sinn 2.669 Persounen an d’LuxExpo gaangen fir sech testen ze loossen. Ganzer 2.459 Persoune ware positiv, just 210 negativ. An d’Rockhal sinn 3.398 potentiell Infizéierter komm, wouvunner der 2.969 Covid+ getest gi sinn. Op Ettelbréck si bis ewell 2.053 Persoune komm, dovunner 1.651 positiv an 402 negativ. Zu Gréiwemaacher leie mir bei ganzer 660 vun 988 Persounen, déi de Virus a sech droen.

Am Total hunn an där Zäit 9.108 Passagen an den Zentere stattfonnt. Nach emol weider 8.484 Persounen hu vun der Drive-In Statioun profitéiert. Am Endeffekt hunn 181 Persoune missen an d’Urgence geschéckt ginn.

Opmaacherfoto: © SIP / Julien Warnand 

Related topics Bilan, Centre de soins avancés, Covid-19, Deconfinement, Infektioun, LuxExpo, Pandemie, Rockhal, Zenter fir erweidert Fleeg
Next post Previous post