Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fairtrade Lëtzebuerg: Schockela, Banann a Kaffi hu sech 2019 grousser Beléiftheet erfreet
Neiegkeeten

Fairtrade Lëtzebuerg: Schockela, Banann a Kaffi hu sech 2019 grousser Beléiftheet erfreet

Gëschter huet d’ONG Fairtrade Lëtzebuerg seng Maartzuele vum Joer 2019

Schottland wëll de „briteschen Empire“ verloossen
Neiegkeeten

Schottland wëll de „briteschen Empire“ verloossen

Déi schottesch Regierungscheffin Nicola Sturgeon ass dat, wat een gemengerhand

US-President ass grousse Fan vum Sultan
Neiegkeeten

US-President ass grousse Fan vum Sultan

„Ech sinn ee grousse Fan vum President“ esou den Donald

Zeréck an d’Schoul: D’Klasse ginn opgedeelt, Schutzmaske si Flicht

Zeréck an d’Schoul: D’Klasse ginn opgedeelt, Schutzmaske si Flicht

Haut de Mëtteg huet den Educatiounsminister Claude Meisch iwwert de schrëttweise Relancement vun de schouleschen Aktivitéiten informéiert. Et misst ee Qualitéit a Gesondheet ënnert een Hutt bréngen, an dofir gräift een elo op de Modell vun de Wiesselklassen (classes en alternance) zeréck.

A kierzester Zäit sinn déi néideg Moyenen opgestallt ginn, fir weiderhin d’Bildung vun de Kanner a Jugendlechen ze garantéieren. Mat „Schoul Doheem“ huet een eng nei Aart a Weis ze léieren agefouert, déi zwar ageschränkt, awer wierksam ass. Ma, elo baut een op dësem Modell op, fir d’Schoulen – eng Plaz vum Zesummesinn an dem gesellschaftleche Liewen – nees no an no opzemaachen.

Zil ass et elo déi fundamental fir d’Zukunftschancen ze garantéieren a gläichzäiteg mat den extrem restriktive Bedéngungen ze schaffen. Zu Lëtzebuerg huet ee sech dofir decidéiert, fir Wiesselklassen anzeféieren. Esou ginn déi eenzel Klassen agedeelt a jeeweils eng Léier- an eng Übungsklass, déi sech vu Woch zu Woch ofwiesselen. Beim Léiergrupp ginn nei Contenue presentéiert a Prüfunge geschriwwen, wärend an den Übungsklassen d’Material geüübt a verdéift gëtt.

Schoul

© Akshay Chauhan / Unsplash

Folgend Sécherheetsmoossnamen goufen opgestallt, fir d’Verbreedung vum Virus ze limitéieren, an awer nees lues awer sécher zur Normalitéit zeréckzekommen:

  • D’Klasse ginn halbéiert, fir d’Distanz am Klassesall an am Bus kënnen anzehalen;
  • Schutzmasken sinn obligatoresch am Enceinte vun der Schoul an am Transport. An de Klassesäll ass d’Droe vum Mondschutz fakultativ, allerdéngs besteet déi kloer Recommandatioun fir de Schutz vun der Hausdier bis an de Klassesall a vice versa unzehalen. „Schoul halen huet eppes mat der Babbel ze dinn“, sou de Minister an esou muss een de Mond gesinn a fräi schwätze kennen;
  • Op wichtege Punkten ginn Desinfektiounsmëttel zur Verfügung gestalt, wou op mannst ee Mol d’Stonn Hänn desinfizéiert musse ginn;
  • D’Schüler muss an hirem jeeweilege Grupp bleiwen, Kräizunge vu Gruppen sinn absolut ze vermeiden;
  • Kantinnen bleiwen souwuel am Fundamental a Secondaire zou;
  • Zirkulatiounsreegelen ginn agefouert (Sens Unique op de Gäng, verschidden Trape just fir erof oder erop);
  • D’Paus gëtt bäibehalen an d’Schüler dierfen och bis an de Schoulhaff. Allerdéngs ginn d’Pause versat, sou datt net ze vill Persoune gläichzäiteg op engem Punkt sinn;
  • Et gi keng Sportscoursen gehalen;
  • D’Horaire gi kompriméiert, wouduerch et zu manner Schoulstonne kënnt wéi gewinnt;
  • Vulnerabel Persounen (ob Enseignant oder Schüler) bleiwen doheem. D’Cours kënne gefilmt a live iwwerdroen ginn.
Schoul

© Jeremy Bishop / Unsplash

An dësem Kader huet een eng provisoresch Zäitschinn opgestallt, fir d’Schoulen an Etappen nees opzemaachen. Heibäi wäerten als éischt d’Ofschlossklassen, déi Examen schreiwe wäerten, dru kommen. Uschléissend maachen d’Lycéeën hir Dieren nees op, dann eréischt d’Grondschoulen, Crèchen a Maisons Relaisen:

  • Ab dem 20 Abrëll 2020 wäerten all Hëllefs- an Assitenzservicer, déi Kanner a Jugendlechen zur Säit stinn, nees op hunn, dat och am direkte Kontakt.
  • Ab dem 4. Mee 2020 ginn d’Ofschlossklasse vum Enseignement Secondaire an der Formation Professionelle nees agefouert.
  • An der Woch vum 11. Mee 2020 ginn regulär Prüfunge geschriwwen, fir d’Semester propper ofzeschléissen.
  • An der Woch vum 18. Mee 2020 kënnen optional Prüfungen an dräi Fächer geschriwwe ginn, fir esou d’Moyenne ze verbesseren.
  • Ab dem 25. Mee 2020 fänken d’Examen, wéi um Kalenner virgesinn, un. D’Examensfroe bezéie sech dobäi just op déi behandelt Matière bis zum 13. Mäerz 2020. D’Schüler wäerten a verschiddene Säll hir Prüfunge schreiwen.
  • Ab dem 11. Mee 2020 dierfen dann och déi aner Klasse vum Enseignement Secondaire a vun der Formation Professionelle nees an de Cours goen. Ab dësem Zäitpunkt fänken och d’Coursen an de Museksschoulen nees un. Hei gëllt allerdéngs, datt just individuell Coursen (ee Schüler an een Enseignant) dierfen an engem Sall sinn, kollektiv Coursen gi keng gehalen.

De Minister Meisch weist sech optimistesch, datt geschwënn nees an de Schoule gelaacht a gekeckst ka ginn. Och an Zukunft wäert weiderhin Material op schouldoheem.lu eropgeluede ginn. Et sief och drun erënnert, datt Elteren vum Congé aus familiäre Grënn profitéiere kënnen, bis datt d’Betreiungsstrukturen nees op hunn.

Weider Informatioune fannt Dir och nach HEI. De ganze Video vun der Pressekonferenz zum schrëttweise Relancement vun de schouleschen Aktivitéite gëtt et hei:

Opmaacherbild: © Annie Spratt / Unsplash

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Coronavirus, Cours, Crèche, Educatiounsministère, Examen, Exit-Covid19, Formation Professionelle, Gesondheet, Hygiène, Schouldoheem.lu, Schoulen, Schutzmasken, sozial Distanz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel