Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vëlospisten: Déi gutt Mobilitéit ass déi douce Mobilitéit
International Neiegkeeten best dating sites for catholic singles

scheana dating robert

D‘Conseillere vun déi Gréng aus dem Stater Gemengerot, halen un

Den ACL begréisst säin 180.000 Member
International Neiegkeeten best dating sites for catholic singles

Den ACL begréisst säin 180.000 Member

Gutt Stëmmung beim Automobilclub Lëtzebuerg op der Helfenterbréck. Net nëmmen

Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!
International Neiegkeeten best dating sites for catholic singles

Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!

Dëse Weekend hat d‘ONG „Hand an Hand fir Afrika“ zu

Zero Waste Konferenz – Um Wee zu enger Plastik-fräier Gesellschaft?

Oder anecht: De Wee zu méi Recycling...

Zero Waste Konferenz – Um Wee zu enger Plastik-fräier Gesellschaft?

Den Oekozenter Pafendall an de Mouvement Écologique hu geruff, Dir hutt geäntwert. D’Problematik vum Plastik sickert sou lues duerch d’Gesellschaft an esou war d’Konferenz mam Numm „Eine Zukunft ohne Plastik – Auf dem Weg zu einer Zero Waste Gesellschaft“ no kuerzer Zäit komplett ausgebucht. An dësem Kader waren dräi Experten ageluede ginn, déi eng Virliesung zu dësem Thema hale sollten.

Natierlech gi bei der Thematik vun enger Gesellschaft ouni Offall d’Ouere vun de meeschte Leit grouss an esou ass et och net verwonnerlech, datt de Sall am Hotel Parc Belle-Vue bis hannen hi gefëllt war. Schliisslech huet jiddweree mat Spannung een informatiounsräichen Owend erwaart, mat lauter Usätz, wéi Lëtzebuerg, sou wéi ganz Europa säi Wee zur Reduktioun vum Dreck sollt fannen.

Am Kader vum 50. Gebuertsdag vum Mouvement Écologique huet dës Konferenz a Kollaboratioun mat OUNI, der SuperDrecksKëscht, dem Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, sou wéi der Ënnerstëtzung vum Oeuvre National de Secours Grande-Duchesse Charlotte stattfonnt. D’Moderatioun vum Owend louch an der Hand vum Isabelle Schummers an dem Théid Faber, am Publikum begréisse konnt een dann och nach d’Ministesch Carole Dieschbourg. De generellen Oflaf vun der Konferenz sollt aus 3 Virträg mat enger uschléissender Diskussioun bestoen, natierlech jeeweils mat Pausen dotëscht, fir déi zuelräich Informatiounen och verdauen ze kënnen.

Zero waste

D’Konferenz huet ee groussen Undran erlieft © Shari Pleimelding/moien.lu

Bis 2050 méi Plastik am Mier, ewéi Fësch

Generell huet ee sech dorop astelle missen, mat engem dämpende Kapp Heem ze goen. Säin Deel dozou bäigedroen huet den Dr. Henning Wilts vum Departement fir Kreeslafwirtschaft am Institut fir Klima, Ëmwelt an Energie zu Wuppertal. Säit ville Joren beschäftegt hien sech mat der Offallvermeidung, an awer sollt seng Presentatioun haaptsächlech iwwert Thema vum Recycling goen.

Den Här mam Doktertitel huet mat villen Zuelen a Statistiken zu Däitschland ëm sech gehäit, wouvun am Endeffekt, duerch den Informatiounsiwwerfloss, relativ wéineg hänke bliwwen ass. Léisst een elo mol d’Glafwierdegkeet vu senge Statistiken op der Säit, sou muss ee scho soen, datt ee selwer bal studéiert misst hunn, fir alles ze verstoen. Natierlech sinn hei awer e puer Grimmelen hänke bliwwen.

Plastik

Sou koumen erstaunlech Fakten un d’Liicht, wéi beispillsweis, datt de Plastiksoffall sech säit de 60er Joer verzwanzechfacht huet an dat wäert och an den nächste Joren exponentiell klammen – eng Tatsaach, déi am Laf vum Owend och vum Laura Chatel bestätegt ginn ass. Erschreckend ass, datt bis 2050 méi Plastik an eise Weltmierer schwamme wäert, wéi Fësch. 59% vum produzéierte Plastik gëtt fir Verpackunge geholl, ee lineare Produit, den fir eng eemoleg Notzung gemaach ass, ausser et recycléiert en de Konschtstoff.

Majo dat ass méi einfach gesot wéi gemaach. De recycléierte Plastik ass zwar am Endeffekt 20% méi bëlleg fir d’Weiderverwäertung, an awer gräifen d’Entreprise aus Einfachheits- a Bequemlechkeetsgrënn léiwer op een neie Produit zeréck. Sou huet sech d’Institut mat der Firma Coca-Cola zesumme gesat, fir hiert Verhalen ze analyséieren. Géif de Produzent vum Erfrëschungsgedrénks op recycléierte Plastik zeréck gräifen, sou missten si mat 30-40 verschidde Firmen zesumme schaffen an ëmmer op een neits Tester zur Qualitéit maachen, wat fir de Konzern selwer een ze groussen Opwand bedeit.

Zero waste

Den Dr. Wilts vum Wuppertaler Institut fir Klima, Ëmwelt an Energie © Shari Pleimelding/moien.lu

Vill Verspriechen – keng Moossnamen

Positiv ass, datt d’EU-Kommissioun eng Kreeslafwirtschaft opstelle wëll. Wat feelt sinn awer prezis Reduktiounszieler, kloer europawäit Standarde fir d’Qualitéit vum recycléierte Plastik, sou wéi Mindestrezyclatquoten. Ziel ass et, bis 2030 all Verpackunge recycléierbar ze maachen. An genau hei hu mir erëm ee klore Fall dovun, datt d’Politik d’Thema verstanen huet, selwer awer net richteg weess, wéi een et ugoe soll. An esou ginn de Leit Zieler virgestallt, ouni kloer Moossnamen ze fannen a Signaler ze setzen.

Zum Schluss vum Virtrag koum schliisslech d’Kritik ob, datt ee sech op een Owend agestallt hat, wou Mesuren zu enger Zero-Waste Gesellschaft virgestallt ginn. Mam éischte Virtrag ass een awer leider just op de Recycling agaangen – ee wichtegt Thema, an awer gräift een de Problem net bei der Wuerzel, déi an dësem Fall d’Vermeidung an de Konsum ass.

Donieft koum dann d’Fro op, wisou an de leschte Joren de Plastik ëmmer „besser“ konzipéiert ginn ass, am Sënn vu Stabilitéit an Halbarkeet, amplaz, datt een scho bei der Produktioun un den Aspekt vum Ofbau denkt. Majo dem Dr. Wilts seng Äntwert war, datt d’Entreprise bis ewell kee Besoin hate fir esou ze produzéieren. Ueleg a Plastik sinn einfach enorm bëlleg, wouduerch d’Konsumenten de Produit hannendru gehäit kréien. Hir Aufgab ass et, de Besoin ze analyséieren an dorop ze reagéieren. Dës Aufgab hunn d’Entreprisen an de leschte Joren erfëllt.

Recyclage ass komplizéiert!

Den zweete Virtrag gouf vum Laura Chatel, Expertin am Beräich Offallvermeidung a –verwäertung, gehalen. Dës jonk Madamm setzt sech am Numm vu „Zero Waste France“ fir Reguléierungen an Europa fir d’Vermeidung vun Offall an. Fir unzefänken huet si de Modell vum Zero Waste erkläert, deen aus den 3 R’e besteet: „Reduce, reuse, recycle“. Fir si gehéiert awer och den Aspekt vum „Rethink“ dozou, den sech op d’Iwwerdenke vun eisem ekologesche Model, eisem Verbrauch a villes méi bezitt.

Fir d’Laura Chatel besteet d’Problematik aus 3 Punkten: Et gëtt ze vill Plastik, den herno an eisen Ozeaner lant. Duerch den Zäregas steigt global d’Temperatur. De Recyclage ass ze komplizéiert. Beim leschte Punkt läit d’Schwieregkeet eben doran, datt een Objet aus Plastik aus 50 verschidde Konschtstoffer besteet, déi getrennt musse ginn, fir uschléissend nees verwäert kennen ze ginn.

D’Strategie vun der EU-Kommissioun soll dora leie fir de Mikroplastik ze limitéieren, sou wéi Alternative fir déi 10 schlëmmste Produiten am Beräich Plastikoffall ze fannen an esou an enger éischter Phas de „schlëmmen“ Dreck ze vermeiden. „Mir mussen de Krunn zoudréinen“, ënnersträicht d’Laura Chatel.

Zero waste

D’Laura Chatel vu “Zero Waste France” © Shari Pleimelding/moien.lu

D’EU-Direktive gesäit si awer kritesch un. Et ass eng Äntwert op d’Urgence vum Thema, an awer geet dëst op laang Dauer net duer. Virun allem muss een an Zukunft d’Bierger sensibiliséieren an informéieren, wéi et am Endeffekt wäert sinn, beispillsweis ouni Verpackungen ze liewen. Heibäi wäerten nämlech schockéiert Persounen sech zu Wuert mellen, déi hiert Stéck Seef bemol net méi an enger Kartongspackung fannen, wou d’Nuddelen a grousse Behälter sinn a jiddweree mat sengem Dëppche vun doheem kënnt, oder och d’Ananas, déi – oh Schreck – just nach am Ganzen am Supermarché ze fannen ass, amplaz scho fäerdeg preparéiert an engem Plastikdëppchen. Generell wäerte Froen opkommen zur Hygiene an op ee mol mussen d’Leit och nach schaffen, fir hire Produit genéissen ze kënnen.

An engem éischte Schrëtt muss d’Ëmdenke bei de Bierger ufänken. Mat hirem Handele beaflossen si net nëmmen d’Entreprisen, mee och d’Politik. Datt et säit neistem 5 Mol méi Geschäfter ouni Verpackungen a Frankräich ginn, kënnt och net vun näischt. D’Produktioun entsteet duerch eis Demande an d’Industrie reagéiert sensibel op eist Handelen – een Usaz wou een uknäppe sollt.

Leider muss een och hei zouginn, datt nees vill Informatioune vermëttelt goufen, an awer koume keng wierklech kloer Moossnamen eriwwer, wéi mir an Zukunft konkret eisen Deel zu enger méi ëmweltfrëndlecher Gesellschaft bäidroe kënnen.

A wéi ass et zu Lëtzebuerg?

Fir den Deel iwwert de Grand-Duché war den Direkter vun der Ëmweltverwaltung, de Robert Schmit verantwortlech. Ugefaange gouf mat de Statistike vun enger grousser Etüd vun 2014, bei der déi eenzel Menagen zu hirem Offallverhale befrot gi sinn. Eraus koum, datt a 4 Joer de Wäert ëm 5,6% an d’Luucht gaangen ass. Dëst Joer soll dann eng nei Analys duerchgefouert ginn.

Laut dem Här Schmit huet d’Populatioun säit 1991 ee Plus vun 49,8% erlieft, an awer soll d’Evolutioun vum Offall gläich bliwwe sinn. Sollt dat stëmmen, kéint Lëtzebuerg sech iwwert eng immens gutt Gestioun freeën. Op een et gleewe ka bleift trotzdeem ze bezweifelen. Geet et nämlech dem Earth Overshoot Day no, huet eise klenge Grand-Duché den zweetgréissten ekologesche Foussofdrock weltwäit. Schonn den 19. Februar wäerte mir eis ganz Ressource vum Joer opgebraucht hunn.

Geet et dem Direkter vun der Ëmweltverwaltung no, läit Lëtzebuerg immens wäit fir beim Recycling. Kuckt een awer déi eenzel Stoffer, déi recycléiert ginn, läit Glas op der éischter Plaz, Plastik steet awer ganz wäit hannen.

Ee weidere Punkt vum Här Schmit war den Oftransport vum Offall an aner Länner. Sou soll Lëtzebuerg net vun der Verweigerung vu China betraff sinn, fir eisen Dreck bei si ze verfrachten. Doropshi koum dann awer d’Ausso, datt eisen Offall virun allem an eis Nopeschlänner gefouert gëtt, mat Däitschland op éischter Plaz. Op den éischte Bléck gesäit dat jo immens positiv aus, vu que datt dëst Land ee Kazesprong vun eis ewech läit. An dësem Kontext ass et awer ze bedenken, datt am éischte Virtrag den Här Wilts erkläert huet, datt Däitschland säin eegenen Dreck ëmmer selwer a China bruecht huet. Säit kuerzem ass dëst awer net méi méiglech, wëll d’Land einfach mat den Onmoossen un Offall iwwerfuerdert ass. Also gräift Däitschland elo op Länner, wéi Vietnam zeréck.

Op Nofro huet de Robert Schmit sech fest drop behaapt, datt mir sécher kënne sinn, datt Däitschland eisen Offall net nees weider an d’Ausland transportéiert. Do kënnt schlussendlech awer d’Fro op, wisou mir eisen Dreck an d’Nopeschland bréngen, wat selwer schonn iwwerfuerdert mat senger eegener Gestioun ass? Dëse Fait kënnt esou eriwwer, wéi wann all Land dem Noper einfach säi Knascht viru gëtt, nom Motto „Aus den Aen, aus dem Sënn“.

Zero waste

De Robert Schmit, Direkter vun der Ëmweltverwaltung © Shari Pleimelding/moien.lu

D’Moossname vu Lëtzebuerg

Komme mir nees zu e puer Zuelen: am Joer 2018 sinn 3509 Tonnen u PET-Fläschen am Grand-Duché gesammelt ginn. Den Direkter erkläert, datt dëse Konschtstoff a Granulat ëmgewandelt gëtt an duerch „Plastipak“ zu Käerjeng an engem zouene Circuit nees verwäert gëtt. Dozou kommen d’Fuerderunge fir eng SuperDrecksKëscht fir d’Betriber.

Immens iwwerzeegend huet hien d’Argument fonnt, datt mir jo elo d’Plastikstute „verbueden“ hunn. Een hallefhäerzege Schrëtt, wann ee bedenkt, datt een d’Tuten awer nach an de Geschäfter fënnt, mat der eenzeger Ännerung, datt een se bezuele muss. Nujee, reege mir eis net weider op a gi weider zum Eco-Sac, dee säit iwwer 10 Joer bei kengem Besuch am Supermarché feelt. Heiduerch konnten nämlech 500.000.0000 Plastikstute vermeit ginn. Den Eco-Sac selwer kann, wann e futti oder ranzeg ass, nees recycléiert ginn (a spéitstens elo hänkt engem d’Thema Recycling zum Hals eraus).

Ee weidere Schrëtt zu engem grénge Lëtzebuerg soll d’ECOBOX sinn. Ronn 64 Restauranten an zuelräich Kantinnen ënnerstëtzen de Projet schonn, bei deem een säin Iessen, géint ee Pandwäert vu 5 € an der ECOBOX ka mathuelen. Doheem kann een dëst Dëppchen da spullen an nees benotzen, oder dem Restaurant einfach zeréck ginn. Lo dierft dir zwee Mol roden aus wat dës Boxe sinn. Richteg: aus Plastik. Fir genau ze sinn aus Polybutylenterephthalat (PBT) den nees mat dem Aspekt vum Recycling gelueft gëtt.

Eng weider Strategie ass de Projet „Zero Single Use Plastic“, eng Beweegung vum IMS Lëtzebuerg, bei der Entreprisen sech bis 2020 engagéiere solle, fir keen Eeweeplastik méi ze notzen. All Betrib, den hei matmaache wëll, muss awer Member vum IMS sinn, wat fir déi meescht nees un der Bequemlechkeet scheitere wäert. Et ass nees een hallefhäerzege Schrëtt, bei dem een eng gutt Iddi hat, se awer net adequat ëmsetzt.

D’Zukunft vum Grand-Duché

Kuckt een d’Zieler a Saache Zero Waste – oder soe mir elo besser a Saache Recycling – ass et d’Collecten ze fërderen. Lëtzebuerg muss eng Alternativ fir Eeweeplastik fannen, d’Bierger informéieren a sensibiliséieren an den Prinzip vum Pollueur-Payeur ënnerstëtzen. Donieft steet den Outil „Ressource Potential“ an de Startlächer, duerch den konkret a reell Zuelen zum Thema Recycling fonnt solle ginn. Verschidde Produite solle verbuet ginn an d’Reparatioun vu futtisse Géigestänn soll nees valoriséiert ginn. Majo do hu mir vill fir!

De Punkt mat der Zero Waste Strategie fir Lëtzebuerg – wat jo eigentlech de Kär vum Owend sollt sinn – gouf hei leider just kuerz ugeschwart. D’Ministesch Carole Dieschbourg erkläert, datt bis Summer 2019 de Gros vun der Strategie virgestallt soll ginn. Fir d’Ëmsetzung gëtt awer all Acteur gebraucht. A Saache Konsum brauche mir, laut der Ministesch, déifgräifend Ännerungen am System, bei der d’Politik nach vill vun der Wirtschaft léiere muss.

D’Usätz ännere vu Land zu Land

Dëst Joer wëll Frankräich ee Bonus-Malus-System fir Plastik-Verpackungen aféieren, soudatt bis 2025 d’Ziel vun 100 % Recycling erreecht ka ginn. Sou solle Produiten, déi am Konschtstoff verpak sinn, bis zu 10% méi kaschten. An Däitschland gëtt et dës Strategie net. Den Dr. Wilts erkläert awer, datt säin Usaz wier, datt d’Hiersteller sech ëm de Recyclage këmme mussen. Doduerch iwwerdenken si d’Produktioun an de Problem gëtt vläicht schonn un der Quell gepaakt.

Bei der Fro vun de Moossnamen hat den Här Schmit een immens fortschrëttlechen an hëllefräiche Modell proposéiert, wouduerch hien de Grand-Duché nees immens luewe konnt. D’Produzenten änneren nämlech elo hir Verpackunge, wouduerch mir méi kleng Stëpp op de Fläschen hunn, an doduerch aner Plastik benotzt soll ginn. Am Total dréit dat awer wuel just minimal zur Verbesserung bäi.

Zero waste

Mir brauche kreativ Käpp

Den Owend huet sech an d’Längt gezunn, sou wéi och dësen Artikel. An awer wëlle mir net ofschléissen, ouni op ee Punkt vun der Diskussiounsronn opmierksam ze maachen. Et war de Moment, wou de Publique seng Froe stellen an Denkustéiss matdeele konnt. Bei dëser Geleeënheet huet dann een Här ee ganz interessante Virschlag geäussert.

Wisou gëtt et zu Lëtzebuerg nach Plastiksfläschen, woubäi mir qualitativ héichwäertegt Krunnewaasser hunn?! Hei kéint een immens vill Konschtstoff aspueren, andeems d’Bierger op eng Fläsch zeréckgräifen, déi een des Ëftere benotze kann. Dat war ee Fall fir d’Madamm Dieschbourg! Si huet confirméiert dës Remark op alle Fall matzehuelen an op alle Fall an der Politik ze ënnerstëtzen.

Fazit vum Owend: Et hat ee sech vill erwaart, ëmsou méi grouss war d’Enttäuschung. Natierlech wäerten hei verschidde Leit méi schlau erausgaange sinn, de Gros hat sech wuel awer méi erwaart. Beim Titel vun der Konferenz huet een domadder gerechent, kloer Moossnamen, real Zieler an hëllefräich Rotschléi ze kréien, wéi mir eis all aktiv fir d’Verbesserung asetze kënnen. Wéi scho gesot ass et Gréisstendeels ëm Recycling gaangen, een Aspekt, den bei der Handlungspyramid vum Zero Waste wäit ënne steet. D’Konzept vum ZW geet nämlech – wéi den Numm et och seet- dorëm keen Offall méi ze produzéieren.

Dofir misst een de Problem awer un der Wuerzel paken, wat an dësem Fall de Konsumverhalen an d’Produktioun ass. De Konschtstoff den momentan am Ëmlaf ass, ass leider net esou konzipéiert, datt e sech zersetzt, datt e komplett recycléiert ka ginn an domadder d’Ëmwelt wierklech nohalteg schütze kann.

Kuckt een d’Presentatioun vum Dr. Wilts a vum Laura Chatel konnt ee feststellen, datt si gutt informéiert sinn fir hiert Themegebitt. Op een d’Zuelen all gleeft sief an de Raum gestallt, an awer hu si eng Rëtsch un Informatiounen eriwwer bruecht, déi een immens rosen an nodenklech gemaach hunn. D’Fro heibäi ass just, ob dës Ëmweltproblematik ee momentanen Hype ass, un deem sech d’Gesellschaft fir eng Zäit erfreet, oder ob dës Diskussiounen een dauerhafte Charakter besëtzen an zum Schluss konstruktiv um Problem geschafft gëtt.

An den nächsten Deeg ginn déi dräi Presentatiounen op de Site vum Oekozenter an vum Mouvement Écologique gesat, sou datt een déi genau Zuelen nokucke kann.

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Dr Henning Wilts, Eco-Sac, ECOBOX, Eeweeplastik, Ëmwelt, Kampf géint de Plastik, Laura Chatel, Moossnamen, Plastiksoffall, Robert Schmit, Zero Waste
Nächsten Artikel Virrechten Artikel