Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lidl stäipt sech géint Verschwendung vu Liewensmëttel
Kultur Neiegkeeten

https://moien.lu/birmingham-dating-restaurant/

Et ass gewosst – an och verständlech – datt d‘Entscheedung

https://moien.lu/free-online-dating-websites-for-50-/
Hell Opreegung nom nordkoreaneschen Atomtest
Kultur Neiegkeeten

Hell Opreegung nom nordkoreaneschen Atomtest

Nodeems e Sonndeg Nordkorea fir sech de gelongen Test vun

Schlecht Nouvelle fir déi franséisch Eisebunner
Kultur Neiegkeeten

Schlecht Nouvelle fir déi franséisch Eisebunner

Et geet stramm op Chrëschtdag zou, dëst Fest vun der

Zero Waste Workshop: et lieft sech dach besser ouni Dreck!

Zero Waste Workshop: et lieft sech dach besser ouni Dreck!
© Shari Pleimelding /moien.lu
Zero Waste Workshop: et lieft sech dach besser ouni Dreck!
© Shari Pleimelding /moien.lu
Zero Waste Workshop: et lieft sech dach besser ouni Dreck!
© Shari Pleimelding /moien.lu
Zero Waste Workshop: et lieft sech dach besser ouni Dreck!
© Shari Pleimelding /moien.lu
Zero Waste Workshop: et lieft sech dach besser ouni Dreck!
© Shari Pleimelding /moien.lu

Wéineger ass méi – eng Philosophie, déi gëschter beim Zero Waste Workshop an der ManuKultura zu Useldeng sollt vermëttelt ginn. Tania Gibéryen vu sila.lu huet an dësem spannende Cours eegen Erfarungen aus hirem Liewen ouni Offall weiderginn.

Den zweete Lancement vum Workshop war ee groussen Erfolleg an schonn no kuerzer Zäit ausgebucht. Ganzer 20 Leit wollte méi zur Thematik wëssen, Erfarungen deelen an nieft den Informatiounen och selwer gemaachten Haushaltsgadgeten, wéi Zahnpasta, Wäschmëttel oder Deo mat Heem huelen.

D’Leederin vum Workshop Tania Gibéryen huet zu Fuerschungszwecker dräi Joer an der kanadescher Arktis gelieft. Seng romantesch Virstellung vum einfache Liewen am Eeklang mat der Natur gouf zimlech schnell zerstéiert wou hatt gesinn huet, datt den Norden, genau wéi mir, eng exzessiv Ewechwerfgesellschaft ass.

Verschidden Utensilien sinn dohanne schrecklech deier oder kennen zu verschiddenen Zäite mol net geliwwert ginn. Do huet d’Tania ugefaangen säin Improvisatiounstalent ze entwéckelen, ze recherchéieren a selwer auszeprobéieren.

„Lëtzebuerg war genau esou ee Kulturschock wéi deemools d’Arktis“

Zeréck am Lëtzebuerger Land hat hatt säi Besetz a Konsumverhalen esou wäit geännert, datt bei him doheem guer keen onrecycléierbaren Dreck méi ugefall ass a schlussendlech och d’Poubelle net méi am Gebraucht war.

A genau dat ass d’Ziel vum Zero Waste: Selwer ëmdenken, fir lues a lues manner Ressourcen ze verschwenden an duerch wéineger Offall d’Ëmwelt ze entlaaschten. Sou wéi hatt op Fotoen dokumentéiert konnt huet de Consomma(c)teur nämlech hautdesdaags oft de Choix, beispillsweis tëschent holze Spullbiischt oder eng aus Plastik, lassent Uebst oder am Netz, a villes méi. Produiten aus Holz, Metall, Glas oder Stoff kënnen einfach kompostéiert oder recycléiert ginn, wougéint dat beim Plastik wéineg bis guer net de Fall ass.

Ech denken, op dësem Punkt mussen och vill Leit enttäuscht ginn, déi der Zero Waste Thematik skeptesch géigeniwwer stinn. D’Tania huet de Fokus net op d’Bekéierung vun eiser Gesellschaft geluecht mee op eng informativ Wëssensvermëttlung. Hatt weist kloer, datt et net schwéier an zäitopwänneg ass, manner Dreck ze produzéieren.

D’fënnef R’en vum Zero Waste

Een einfache Grondsaz vum Béa Johnson, Mamm vum Zero Waste, betount folgend Reiefolleg:

  1. Refuse – onnéidege Plastik kann een och ofleenen
  2. Reduce – ausmëschten hëlleft. Mir brauche manner, wéi mir denken
  3. Reuse – gräift op Saachen zeréck, déi een puer Mol notze kann oder reparéiert se
  4. Recycle – alles wat trotzdeem ufält sollt recycléierbar sinn, fir d’Ressourcen ze schounen
  5. Rot – wat Rescht bléift ka kompostéiert ginn

De Workshop am Gebai vun der ManuKultura huet fir jiddwereen Tipps ze bidde fir an den Alldag anzebannen. Wien interesséiert ass sollt awer schnell sinn, d’Coursë sinn schnell ausverkaaft. Et lount sech also ëmmer mol op den Site vun www.sila.lu kucken ze goen!

Ähnlech Sujeten Gérard Anzia, Offall, Plastik, Tania Gibéryen, Zero Waste
Nächsten Artikel Virrechten Artikel