Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Konsumenteschutz: E Fiels an der Brandung!
Kultur Neiegkeeten Stories

Konsumenteschutz: E Fiels an der Brandung!

Am Uschloss un d‘Generalversammlung vum Konsumenteschutz (ULC) vum leschten 8.

money
Fräi Tribün: En Toast op de Kapitalismus
Kultur Neiegkeeten Stories

Fräi Tribün: En Toast op de Kapitalismus

E Freideg hu mir zu London e ganz speziellen Dag

D’Miss Lëtzebuerg 2019: Am Kampf ëm de Welttitel
Kultur Neiegkeeten Stories

D’Miss Lëtzebuerg 2019: Am Kampf ëm de Welttitel

Mat zaarten 19 Joer kann d’Melanie Heynsbroeck den Titel als

Zerstéierte Patrimoine um Lampertsbierg

Kulturministesch mat Erklärungen zu den Haiser déi an der Strooss vum Jean de Blannen

Zerstéierte Patrimoine um Lampertsbierg

Et gëtt Saachen, do kann een net emol méi mat Kapprëselen op d‘Affrontéiertheet vu verschiddene Wirtschaftsacteure reagéieren. Esou dann och am Fall vun Haiser an der Strooss Jang de Blannen, um Lampertsbierg, déi als national Monumenter klasséiert sinn.

Betraff sinn d‘Haiser mat den Hausnummere 37, 39 an 41, déi vun engem Promoteur opkaf goufen. Dësen hätt d‘Absicht déi klasséiert Haiser ofzerappe fir en gréissert Appartementshaus opzeriichten. Déi Lampertsbierger Geschichtsfrënn awer gesinn dat an anescht a schloen nieft Alarm och zolidd op d‘Tromm. E Mëttwoch haten si dann och d‘Press op d‘Plaz ageluede fir de Punkt ze maachen.

Do huet de President vun der Associatioun, Anicet Schmit, erkläert, datt am Dezember 2018 vu Privatleit (de Veräin dierf dat zu Lëtzebuerg net) eng Demande agereecht haten, fir dëse Patrimoine ze erhalen. D‘Administratioun vun den Denkmäler a Monumenter hätt sech allerdéngs nach net mat Dossier kënne befaassen. An esou laang d‘Prozedur net ofgeschloss ass, dierft net ofgerappt ginn.

Mee de System wéi en haut besteet, ass fir d‘Geschichtsfrënn net méi zäitgeméiss an d‘Gesetz vum 18. Juli 1983 benéidegt dréngend reforméiert ze ginn. An de President erënnert drun, datt si schonn 2014 mat anere Vereenegungen, Archeologen an esouguer der Uni-Lëtzebuerg de Versuch gemaach haten en neit Gesetz auszeschaffen. Dee Projet ass dann awer 2016 nees fale gelooss ginn.

En Aarmut sonnergläichen…

An de gudde Mann kann sech net genuch iergeren. Esou verweist hien op d‘Haiser eppes méi ënnen an der Strooss (gemengt sinn d‘Hausnummeren 13, 15 a 17) déi och solle „verschwannen“ an duerch héichwäerteg Appartementer – esou zumindest d‘Virstellung vum Promoteur – ersat ginn. Op 15 ass de Rez-de-chaussée zougeneelt ginn, fir illegal Baumoossnamen ze verheemlechen.

Lampertsbierg

Op der Hausnummer 15 hunn de Proprietaire an/oder de Promoteur Fakte geschaaft. Hei ass nach net alles verluer, woubäi ee sech net wierklech sollt Hoffnunge maachen, datt d‘Gemaier erhlae bleiwen. © Melvin Hatto / moien.lu

Wéineg Versteesdemech och fir d‘Proprietairen. Gutt déi gi quasi permanent vun de Promoteuren drangsaléiert (et soll och scho gedreet gi sinn) hir Haiser opzeginn. Vill vun de leit sinn dann och schonn eeler, an et soll der esouguer ginn, déi mengen hir „al Maueren“ wieren net wäertvoll. Bei engem aktuelle Quadratmeterpräis ëm déi 9.000 Euro sollt ee seng Meenung séier revidéieren.

Bedauerlech – an do huet den Anicet Schmit tatsächlech Recht – de Constat, datt Lëtzebuerg am Kontext vum Denkmalschutz schwéier an d‘Hannertreffe geroden ass. Esou eppes lackelt dann och déi net ganz esou „éierlech“ Promoteure a Spekulanten un. Deene geet et ëm dat séiert Geld an de maximale Profit. Patrimoine ass an hirem Vokabulär esouwuel eng Beleidegung wéi en Affront.

…mee eng Ministesch mat Verstand

Nodeems déi involvéiert Promoteuren natierlech Wand vun der ganzer Saach kritt hunn, a sech dierfte geduecht hunn, datt nom Rendez-vous mat Press hir schéin Investitioun net méi ganz esou profitabel ausgeséich, hunn déi reagéiert. Woubäi een hei muss soen: „si hu Fakte geschaaft“ an hu keng 24 Stonne méi spéit d‘Demolitioun an d‘Wee geleet. Sprenge wier och ze riskant gewiescht.

Gutt fir d‘Geschichtsfrënn a schlecht fir déi presséiert Promoteuren: déi zoustänneg Ministesch, Sam Tanson (déi gréng) liest och d‘Zeitung. An déi ass esou eppes vu guer net erfreet, wat sech verschidden Acteuren hei leeschten. Schonn e Mëttwoch waren 2 drénglech Prozeduren an d‘Weeër geleet – fir vum Patrimoine ze rette wat nach ze retten ass – an d‘Proprietairen informéiert ginn.

Eng „Informatioun“ déi hinne mëttels Dierwiechter zougestallt ginn ass, firwat all Aarbechte mat „effet immediat“ anzestelle waren. Esou eppes këmmert e Promoteur weder zu Lëtzebuerg nach soss anzwousch, a wann déi al Steng bis fort sinn hëlleft och kee Gejéimers méi. Eng Amende ass fir de Promoteur e Witz, esou „Klengegkeeten“ kritt de spéider Keefer op d‘Panz gedréckt.

Wat leeft den Ament?

D‘Ministesch, déi vill Joren am Stater Gemengerot siegéiert huet, schéngt awer d‘Gewunneschten an d‘Gier vun de Promoteuren ze kennen an huet Beamten op d‘Plaz entsandt fir nozekucken ob d‘Aarbechten, esou wéi duerch d‘Notifikatioun un d‘Promoteuren ordonnéiert, agestallt goufen. Dat war natierlech net de Fall, a well sech dann och nach de Batti gestallt gouf, huet d‘Police agegraff.

Lampertsbierg

Sollt et sech bei deem wat hei ze gesinn erausstellen, datt et sech ëm erhalenswäerte Patrimoine gehandelt huet, kann et deier ginn an esouguer zu Poursuitten am Penal féieren. © Melvin Hatto /moien.lu

Et ass elo net gewosst op déi inkriminéiert Proprietaire/Promoteuren einfach nëmmen domm oder schonn iwwerhieflech sinn. Hire Goss eleng dierft an der Kausa „Strooss vum Jan de Blannen“ awer net duer goen. D‘Administratioun vun den Denkmäler a Monumenter huet dann och wéi et sech gehéiert, géint déi betraffe Proprietairen elo eng Plainte agereecht an dat ass net ouni…

Esou e Verstouss – an dann och nach géintiwwer enger „méi däitlech geet et net“ vum Dierwiechter zougestallten Notifikatioun – féiert fir gewéinlech op de „Penal“ an ugesiichts dem Interessi deen d‘Medien dësem Fall zougestinn, sollten de Proprietairen hir Juristen alt schonn emol ufänken sech op d‘Suitte virzebereeden. D‘Sam Tanson jiddefalls wäert hei keng Toleranz zouloossen.

Foto: Um Lampertsbierg gëtt geschafft. Fir neien, besseren a virun allem méi Wunnraum ze schafen, mussen al Haiser an de Strooss Jang de Blanne weechen. Dogéint setzen sech d‘Membere vun de Lampertsbierger Geschichtsfrënn zu wier, a kréie vun der Ministesch de Réck gestäipt. © Melvin Hatto / moien.lu

Ähnlech Sujeten Administratioun vun den Denkmäler a Monumenter, Lampertsbierg, Lampertsbierger Geschichtsfrënn, Patrimoine, Sam Tanson, Sites
Nächsten Artikel Virrechten Artikel