Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
ArcelorMittal fiert d‘Stolproduktioun an Europa erof
https://moien.lu/dating-on-the-rebound-signs/ best gay dating websites in the uk

hookup secure id

Wéi et d‘Direktioun vun ArcelorMittal a sengem Communiqué matgedeelt huet,

hookup bloomington il
https://moien.lu/dating-on-the-rebound-signs/ best gay dating websites in the uk

SIGI: Den Dateschutz suergt fir Kappzerbrieches

D‘Erwaardungen un d‘Comitéssëtzung vum Interkommunale Syndikat fir d‘Gestioun vun der

ADR: „Ze vill Wuesstem zerstéiert d‘Liewensqualitéit“
https://moien.lu/dating-on-the-rebound-signs/ best gay dating websites in the uk

ADR: „Ze vill Wuesstem zerstéiert d‘Liewensqualitéit“

Bei der „alternativ demokratesch reformpartei“ (ADR) hunn se sech eppes

Zerstéierung zu Mosambik: den Zyklon Idai fuerdert seng Affer

Zerstéierung zu Mosambik: den Zyklon Idai fuerdert seng Affer

Méi wéi eng Woch ass et elo hir, dat den tropesche Wierbelstuerm, och nach Zyklon genannt, de Staat Mosambik hefteg getraff huet. Ee provisoresche Bilan vum 22. Mäerz gëtt 242 Doudeger, 1500 Blesséierter an zéng-dausende Gebaier, déi zerstéiert oder iwwerschwemmt sinn un. Ronn 65.000 Persoune sinn a provisoresche Lageren ënnerbruecht ginn.

Um 14. Mäerz huet den Zyklon Idai d’Süd-Ost-Küst vun Afrika getraff. Dozou gehéiere virun allem Mosambik, Malawi a Simbabwe. An dësen dräi Länner sinn divers Acteuren a Fräiwëlleger dobäi, d’Situatioun ze analyséieren an Hëllef ze offréieren. D’Dokteren ouni Grenze ginn un, datt virun allem d’Stad Beira, mat sengen ëmleiende Regiounen am stäerkste vum Zyklon Idai betraff ass. Gutt 90% vun der Zon ronderëm Beira sinn zerstéiert.

Vun den Dokteren ouni Grenze sinn 15 Spezialisten an der Stad vu Mosambik, woubäi d’Ekipp säit dem 21. Mäerz medezinesch Versuergungen ubitt an Noutfallservicer am Spidol vu Beira mat 1.500 Blesséierten oder Kranken ënnerstëtzt. Donieft wëllen si 2 weider Gesondheetszentren opbauen, déi de Leit eng Éischtversuergung bidde sollen, sou wéi och chirurgesch Agrëff erméigleche wäerten.

Zyklon Idai

Dräi Fligeren sollen Material op d’Plaz bréngen. Dozou gehéiere virun allem Waasser a Medikamenter. © Julien Dewarichet/MSF

Momentan läit d’Prioritéit definitiv dobäi d’Leit medezinesch ze versuergen, Medikamenter per Loft ze liwweren, sou wéi och Iessen an Drénkwaasser. An den am schlëmmste betraffenen Zonen hunn d’Dokteren ouni Grenze mobil Klinicken opgestallt.

„Et handelt sech ëm eng vun den heftegsten Naturkatastrophen an de leschte Joren an dëser Regioun. D’Ausmoosse vun de Besoine sinn immens a fuerderen eng Intensivéierung vun den Leeschtunge vu MSF an den Deeg a Wochen, déi elo kommen. Et muss een handele vir den Affer, déi souwisou schonn alles verluer hunn an elo alles brauchen, schnell zur Hëllef ze kommen“, erkläert de Paul Delaunois, Generaldirekter vun de Lëtzebuerger Dokteren ouni Grenzen.

Wann Dir d’Dokteren ouni Grenzen mat engem Don ënnerstëtze wëllt, fannt Dir op hirem Site déi noutwenneg Informatiounen.

Zyklon Idai

Mat mobille Klinicke kann och an immens schwéier betraffenen Zonen Hëllef gebuede ginn © Caitlin Ryan /MSF

Hëllef vum CGDIS

Heibäi ass de CGDIS vum Krisenzentrum „Emergency Response Coordination Centre (ERCC)“ vun der EU kontaktéiert gi fir esou de Satellite-System emergency.lu am Kader vun der Aktivatioun vun der Evaluatiounsgrupp, déi op der Plaz fir Hëllef suergt, auszebreeden.

Dëst ass déi éischt Mobilisatioun vum System am Kader vum europäesche Mechanismus vm ziville Schutz säit emergency.lu offiziell seng Kapassitéiten an der europäescher Noutfall-Interventioun „Voluntary Pool“ ugebueden huet.

Zwee fräiwëlleg Spezialiste vun Humanitarian Intervention Team vu Lëtzebuerg sinn um Freideg, den 22. Mäerz a Richtung Mosambik op eng Missioun vun e puer Wochen opgebrach. Dëst ass elo déi zweet Ekipp aus dem Grand-Duché déi op d’Plaz geschéckt ginn ass, nodeems um 16. Mäerz schonn ee Grupp mat Fräiwëllegen aus dem CGDIS an de Staat gereest ass.

Finanziell Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg

Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheete Paulette Lenert huet decidéiert mat enger Zomm vun 250.000 € Hëllef ze bidden. No engem Appell vun der Internationaler Federatioun vum Roude Kräiz kann dëse Betrag gutt 75.000 Persounen a Saache Logement, Gesondheet, Drénkwaasser, Hygiene an Stäerkung vun der Zivilgesellschaft ënnerstëtzen.

Opmaacherbild: © SIP

Ähnlech Sujeten CGDIS, Dokteren ouni Grenzen, Malawi, Mosambik, MSF, Naturkatastroph, Paulette Lenert, Wierbelstuerm, Zyklon Idai
Nächsten Artikel Virrechten Artikel