Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli/August
Neiegkeeten

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Juli/August

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

money
EU: Amerikaneschen Tubak, Jeans a Bourbon vun Douanestaxe bedreet
Neiegkeeten

EU: Amerikaneschen Tubak, Jeans a Bourbon vun Douanestaxe bedreet

Déi protektionistesch Moossname fir d‘US-Industrie ze schützen, esou wéi et

ShadoWhisperS – Musikalesch d’Däischtert liewen, spieren a spillen
Neiegkeeten

ShadoWhisperS – Musikalesch d’Däischtert liewen, spieren a spillen

Wien mengt datt symphonesche Metal ausgestuerwen ass, dee sollt elo

Zesumme fir d’Gläichberechtegung an d’Geschlechtervillfalt bei héije Positiounen!

Zesumme fir d’Gläichberechtegung an d’Geschlechtervillfalt bei héije Positiounen!

Vergaangene Mëttwoch huet d’Ministesch fir Gläichsstellung tëscht Fraen a Männer Taina Bofferding divers Organisatiounen an Associatiounen, déi sech fir méi Responsabilitéiten am Beruffsliewe fir Fraen setzen an d’Geschlechtervillfalt ënnerstëtzen, fir een Echange agelueden.

„Déi professionell Gläichberechtegung ass keen Zoufall, mee eng Noutwendegkeet“, ënnersträischt d’Ministesch. Just esou kann et jiddwerengem erméiglecht ginn, sech onofhängeg ze entwéckelen an ee gerechten a bléienden ekonomesche Wuesstem ze sécheren. Den Opstieg am Beruffliewen soll fir Fraen ënnerstëtzt ginn, sou wéi och d’Mëschung vun de Geschlechter, sou datt d’Entreprisen an d’Gesellschaft vun dëser Zesummenaarbecht profitéiere kënnen.

Bei dësem Treffen huet d’Ministesch Taina Bofferding déi ausgeschaffte Moossname vun der Regierung ervirgehuewen, sou wéi och den eegenen Engagement, fir Entreprisë bei der Demarche vun der Stäerkung vun der Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra ze begleeden.

Bei der Diskussioun ass bei de Participanten de staarke Wëllen opkommen, fir den „Empowerment“ ze fërderen, sou datt Männer a Frae bei wichtegen Decisioune selwecht mat abezu ginn, sou datt d’Gender-Stereotyppe verschwannen. Folgend Representante ware bei der Entrevue dobäi:

  • D’Plattform Equilibre Asbl
  • D’Associatioun Maison du Coaching, Mentoring et Consulting
  • Den Institut Luxembourgeois des administrateurs (ILA)
  • D’Fédération des Femmes cheffes d’Entreprises vu Lëtzebuerg
  • D’Associatioun Femmes Leaders Luxembourg
  • D’Initiative Gender Diversity Lobby
  • SWEBELUX-NOBELUX
  • D’Praxis McKinsey & Company Luxembourg

Opmaacherbild: © MEGA

Ähnlech Sujeten Entrevue, Geschlechtergläichheet, Gläichberechtegung, Taina Bofferding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel