Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Wéi de Fuchur an de Kino komm ass!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Wéi de Fuchur an de Kino komm ass!

Um 6. Abrëll 1984 ass dem Wolfgang Petersens seng Verfilmung

Opdrénglech friddleche Protest am Cactus
International Neiegkeeten

Opdrénglech friddleche Protest am Cactus

Fir d‘Cliente vum Cactus zu Käerjeng, um Houwald mee och

What the Fakt – Alles Guddes Joseph Beuys!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Alles Guddes Joseph Beuys!

Als ee vun de bekanntesten däitsche Kënschtler huet hien d’Aktiounskonscht

Zesumme géint Kanneraarbecht: Séiss ënnerwee mat Fairtrade!

Zesumme géint Kanneraarbecht: Séiss ënnerwee mat Fairtrade!

Sponsored Story – Och Schockela huet eng batter Säit: D’Kanneraarbecht an de Kakaosplantagen ass nach ëmmer eng traureg Realitéit. Enger Etüd vun der Tulane Universitéit (2015, USA) no, schaffe méi wéi 2 Millioune Kanner fir eise Kakao-Genoss un der Elfebeeküst an am Ghana. An dat trotz der Zoustëmmung vun alle grousse Schockela-Entreprisen am Joer 2001 zum Harkin-Engel-Protokoll, wouduerch d’Ausbeutung vun de Kanner an de Kakaosplantagen ofgeschaaft soll ginn.

Souwuel 2005, 2008 an 2010 hunn international Schockela-Entreprisen déi fest Delaien net agehalen, fir d’Kanneraarbecht an hire Chaînen ze ënnerbannen. Den neien Delai ass festgesat fir dat kommend Joer, mee geet een den Experten no, esou wäert d’Industrie nach ëmmer net fäeg sinn, mat Engagement a Respekt géint d’Kanneraarbecht virzegoen.

Wou läit de Problem? Ee Grond ass, datt méi wéi 20 Joer no der Decisioun d’Kanneraarbecht ofzeschafen d’Entreprisen nach ëmmer keng genau Kenntnisser hunn, wou hire Kakao hir kënnt. Ob am Laf vun der Produktioun Kanner hu misse matschaffen, ass nach manner gewosst.

Fairtrade

Konsequent Duerchgräifen ass gefrot

No dëser Nidderlag vun der fräiwëlleger Initiativ ass et un der Zäit, datt d’Regierunge Responsabilitéit weisen an duerchgräifen. D’Aféierung vun enger Suergfaltsflicht an der Legislatioun, sou wéi effikass Sanktioune fir d’Entreprisen am Fall vun engem Verstouss schéngt wuel déi eenzeg Méiglechkeet ze sinn, fir d’Ofschafung vun der Kanneraarbecht an der Liwwerketten duerchzesetzen.

Hei kënnt Fairtrade an d’Spill: D’Institutioun engagéiert sech staark am Kampf géint d’Ausbeutung an d’Mësshandlung vun de Kanner. Mat Hëllef vu Standarden a verschiddene Programmer, déi direkt bei de Produzenten agefouert ginn, gëtt et erméiglecht dem Problem entgéint ze wierken. D’Ufuerderunge vum gerechte Marché am Bezuch op Kanneraarbecht sinn an der Konventioun vun der International Labour Organization (Konventioun 182 vun der ILO zu de schlëmmste Forme vun der Kanneraarbecht, Konventioun 138 vun der ILO zum Mindestalter, sou wéi an der Konventioun vun der Europäescher Unioun zu de Kannerrechter) festgehalen.

De fairen Handel verbitt all Form vu Kanneraarbecht ënnert 15 Joer. Ënner 18 Joer dierf keng jonk Persoun eng geféierlech Aarbecht ausüben, seng Gesondheet, Bildung an/oder Entwécklung schiedegen. Hieft déi national Legislatioun de Mindestalter bei der Kanneraarbecht un, da mussen d’Produzenten dem Gesetz nogoen.

Fairtrade

Séiss a mat guddem Gewëssen

De Respekt vun de Standarde vum fairen Handel gi verifizéiert vu FLOCERT, enger onofhängeg Societéit, déi selwer ISO zertifiéiert ass. Mat ugekënnegten a spontanen Audits ginn d’Organisatioune vun den zertifiéierte Produzenten, sou wéi d’Aarbecht vun de Membere genau analyséiert. Ginn d’Mënscherechter an iergendenger Aart a Weis iwwergaangen, beispillsweis duerch Mënschenhandel, Zwangsaarbecht oder déi schlëmmst Form vu Kanneraarbecht, muss ee mam direkten Ausschloss an dem Entzuch vum Fairtrade-Zertifikat rechnen.

Donieft schafft een zesumme mat nationalen Agencen zum Schutz vun de Kanner an/oder Organisatiounen zur Verdeedegung vun de Kannerrechter, fir esou hiert Wuelergoe laangfristeg ze garantéieren. Zesumme kann ee géint d’Ausbeutung vun de Kanner an de Kakaosplantage virgoen: Äre Choix sollt zur Kleesercherszäit op Schockela aus fairem Handel falen!

Fairtrade bitt den eenzegen Zertifikatiounssystem, bei deem duerch d’Fuerderung vun engem Mindestpräis de Produzenten ee ganz Sécherheetsnetz zousteet, wouduerch och een signifikativen Ënnerscheet beim Akommes zustane kënnt.

De Fairtrade-Mindestpräis fir de konventionelle Kakao ass ab dem 1. Oktober 2019 ëm 20% an d’Luucht gaangen. Dobäi kënnt, datt d’Kooperativen eng Entwécklungsprimm vun 240$ pro Tonn kréien. Heivunner profitéieren net nëmmen d’Produzenten, mee déi ganz Gemeinschaft. Och dës Primm ass säit dem 1. Oktober 2019 ganzer 20% geklommen.

Fairtrade Lëtzebuerg fannt Dir och op Facebook an Instagram!

Ähnlech Sujeten Fairen Handel, Fairtrade International, Fairtrade Lëtzebuerg, FLOCERT, Genoss, Harkin-Engel-Protokoll, ILO, Responsabilitéit, Schockela, Séiss, Sponsored Story, Zesumme géint Kanneraarbecht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel