Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wallounien: 2 Milliarde fir d‘Mobilitéit
Neiegkeeten

Wallounien: 2 Milliarde fir d‘Mobilitéit

Fir den Zäitraum 2020-2026 huet d‘Regioun Wallounien e Budget vu

Eppes zur Zukunft vun der Villa Louvigny
Neiegkeeten

Eppes zur Zukunft vun der Villa Louvigny

Am Februar hat de sozialisteschen Deputéierte Mars di Bartolomeo nogefrot,

Orkan Irma: D‘Florida Keys zéien de Bilan
Neiegkeeten

Orkan Irma: D‘Florida Keys zéien de Bilan

Agefalle Gebaier, plattgedréckte Mobilhomer, Trëmmer esou wäit e kucke kann.

D‘ASTI militéiert fir en Zesummeliewen an d‘Integratioun

„Zesumme liewen, schaffen an entscheeden“ dofir setzt d‘ASTI zanter elo 40 Joer an

D‘ASTI militéiert fir en Zesummeliewen an d‘Integratioun

Lëtzebuerg ass multikulturell a säi Räichtum huet et virun allem der Abberzuel un immigréierten Aarbechter – inklusiv de Grenzgänger – ze verdanken. An d‘ASTI ass d‘Associatioun déi säit 40 Joer fir d‘Integratioun an d‘Zesummeliewe militéiert. Mat enger Rei Manifestatioune bis Enn Joer soll de Jubiläum-Slogan jidderengem geleefeg gemaach ginn.

Gëschter huet d‘ASTI-Presidentin Laura Zuccoli nach emol drun erënnert, datt et fir Lëtzebuerg och eng gewësse Form vu Räichtum ass, sech op esou multikulturell Gesellschaft stäipen ze kënnen. Déi Diversitéit wier eng echt Plus-value an et sollt berécksiichtegen, datt d‘Immigratioun sech net méi nëmmen op „Aarbechter“ a Salariée vun den europäesche Communautéite bezitt.

An et ass jo och e Fakt, datt mëttlerweil all sozial Klassen sech zu Lëtzebuerg néierloossen, woubäi dat mat der Plus-value sech awer schonn op Migranten aus der gehuewener Mëttelschicht bezitt. Et brauch een nähmlech e gesonde finanziellen Hannergrond, fir sech zu Lëtzebuerg e Logement ze leeschten. An déi hunn och entschidden aner Uspréch wéi déi Leit d‘ASTI eigentlech vertrëtt.

D‘Laura Zuccoli schéngt awer vill Interessi un dësen ze hunn, well déi sech manner am enke Krees vun hirer „Communautéit“ bewegen, mee – well si sech et och leeschte kënnen – och um sozialen a kulturelle Liewe bedeelegen. Mënsche mat héijer Bildung sinn zudeem och politesch engagéiert a sollten an dat politescht Liewen – net nëmmen op kommunalem Niveau – integréiert ginn.

Eng Fro vun der Upassung

An engem Land wou grad emol 50% vun de Residenten e Lëtzebuerger Pass hunn, freet sech d‘Laura Zuccoli: „Wien integréiert hei eigentlech wien?“. An si gëtt ze bedenken, dat een heibäi d‘Grenzgänger, déi fir gutt 50% vun der Wirtschaftsleeschtung verantwortlech sinn, an dësem Prozess net vergiesse sollt. Et misst ee folglech déi eng an déi aner an eis Gesellschaft integréieren.

Un a fir sech ass déi „generell Approche“ net diskutabel an et sollt ee mengen, datt et richteg wier dat esou och ze ënnerstëtzen. Mee en „Zesummeliewen“ dat op Käschte vun eiser Sprooch an eiser politescher Souveränitéit geet, wäert bei de Lëtzebuerger op Widderstand stoussen. Eng politesch Participatioun an Integratioun géi derzou féieren, datt franséisch zur Nationalsprooch misst ginn.

E politesche Meeting op lëtzebuergesch – eng Sprooch déi eis Regierung nach ëmmer net zu Bréissel „offizialiséiert“ huet, woubäi et dofir leedeglech eng formell Demande brauch – wier dann de Facto „diskriminéierend“, parlamentaresch Froen dierften net méi op lëtzebuergesch gestalt ginn, well et all déi vum politesche Prozess géif ausschléissen, déi d‘Sprooch net beherrschen.

A wann et tatsächlech Sënn an Zweck vun der ASTI ass, en „Zesummeliewen“ op eng gesond Grondlag ze stellen, muss de Volet „Sprooch“ berécksiichtegt ginn. Wéi gesot, d‘ASTI selwer freet „Wien integréiert wien?“. Vun do aus ze behaapten, datt Mënschen déi op den Erhalt an d‘Fleeg vun hirer Sprooch bestinn, Populiste sinn, ass et nëmmen ee butzege Schratt. An dat ass geféierlech.

E kuerze Réckbléck

D‘ASTI gouf den 8. November 1979 gegrënnt – zumindest ass et den offiziellen Datum deen zréckbehale gouf – an zanterhier huet d‘Associatioun villes geleescht an zur sozialer Kohäsioun am Land bäigedroen. Si hu sech fir d‘Rechter vun den Aarbechtsmigranten agesat, dëse bei der Néierloossung an der Integratioun eng Hand ugepaakt an och ëmmer den Dialog gefërdert.

Hir Membere stellen sech dem Populismus an dem Rassismus gläichermoossen entgéint a militéiere fir e gutt Zesummeliewen. De Slogan „Zesumme liewen, schaffen an entscheeden“ ass esou aktuell wéi gutt formuléiert, léisst awer net erkenne wien hei op wien zougeet, oder openaner zougoe sollt. Zuweile provozéiert d‘ASTI, dat natierlech ouni béis Absichten, mee ëmmer geet et ëm d‘Sprooch.

Am Kontext vum Jubiläumsjoer ass nach drop hinzeweisen, datt d‘ASTI keng akademesch Sëtzung virgesinn huet, mee et dofir ee grousst Fest an der Stad soll ginn. Dat am kader vum „Fest vun der Musek“. Dat ass awer bei wäitem net alles. Et sollen och nach 13 Konferenze mat uschléissendem Debat stattfannen, déi sech mat den Thematike vu den Immigratioun befaassen.

Donieft solle bei der TNS-Ilres Sondage bestallt ginn, e grouss Theaterstéck zum Liewe vun de Grenzgängerinne gëtt gewisen, e Buch gouf scho geschriwwen an e Fotograf bitt an enger Ausstellung e gréissen Abléck an d‘Immigratioun. All dës Projeten hunn zum Zweck d‘Evolutioun vun der Gesellschaft ze beliichten an déi interkulturell Renconteren ze promouvéieren.

Illustratioun: Klaus becker / Pixabay

Ähnlech Sujeten ASTI, Integratioun, Jubiläum, Populismus, Rassismus, Zesummeliewen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel